Search

You may also like

Afghanistan – wat elo?
International Neiegkeeten

Afghanistan – wat elo?

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) ass zudéifst betraff vun deem

Franséisch Preambel zum G7-Sommet vu Biarritz
International Neiegkeeten

Franséisch Preambel zum G7-Sommet vu Biarritz

Well de Vladimir Putin net méi um groussen Dësch vun

„Ouni Angscht“: Barcelona néng Deeg nom Uschlag
International Neiegkeeten

„Ouni Angscht“: Barcelona néng Deeg nom Uschlag

Mat Blumen an der Hand… esou ginn haut dausende Spuenier

Europäesch Verstréckungen, riskant Diplomatie

D‘EU-Kommissioun schéngt nach ëmmer op eng „méi enk“ Partnerschaft mat der Tierkei aus

Europäesch Verstréckungen, riskant Diplomatie

Fraen denigréieren, d‘Oppositioun verbidden, d‘Kurden ëmbréngen, de Krich am Bergkarabach stäipen, Priedeger (Ditib) als politesch Milizen asetzen, Riichter, Professer a Journalisten an de Prisonge verrotte loossen… De Sultan Recep Tayyip Erdogan schéngt alles richteg ze maachen.

Dat sech elo keen eeschthaft erwaart huet, datt de Kuerztrip vum Ursula vun der Leyen an hirem Schousshond Charles Michel géif Resultater mat sech brénge war gewosst, mee dorëms ass et an dësem Kontext och net wierklech gaangen. De Sënn an Zweck firwat déi, vun deenen ee sech erwaarde géif, datt si „europäesch Wäerter“ verdeedege sollten, beim Sultan waren ass en aneren.

Iwwert déi gefouert Gespréicher ass inhaltlech näischt wierklech no bausse gedrongen, an et dierf sech d‘Fro gestalt ginn, wéi een – grad als Fra – no esou enger scho wichteger Entrevue do soe kann: „Mir sinn um Ufank vun enger Rees, a wouhinner dës Rees eis féiert, hänkt net nëmme vun de Verhandlungen of, mee och dovunner, och d‘Tierkei éierlech dëse Moment wouerhuele wëll“.

D‘EU-Kommissiounspresidentin als politesch Reeseveranstalterin… Gutt wien de Viktor Orban als Demokrat bezeechent a Pole fir eng tolerant Natioun hält, dierft am tierkesche President den neien osmanesche Messias gesinn. Natierlech huet déi spendabel Fra aus Däitschland erkläert, datt een sech och iwwert déi méi kritesch Punkten (Mënscherecht / internationaalt Recht) ënnerhalen huet.

Et wier ee besuergt, datt d‘Tierkei aus der Istanbul-Konventioun ausgetruede wier, esou eng Fra, där hire Chef-Diplomat grad d‘Konfliktbereetschaft vun der Unioun mat Russland offizialiséiert huet. Et huet näischt zum Säbbelgefuchtels an der Ägäis ginn, kee Wuert zu de Flüchtlingen, och net zu de vun der Tierkei a Syrien verüübte Verbriechen oder den Asaz vun Dronen am Bergkarabach.

Gutt ass et seng Prioritéiten ze kennen…

Elo ass et scho wichteg ze wëssen, datt zu kengem Ament virgesi war dëse wichtegen NATO- an Handelspartner, ze brüskéieren. Et ass ee wuel nach ëmmer staark drun interesséiert, op laang Siicht d‘Tierkei awer nach an der grousser, solidarescher a konsensfäeger Europäescher Unioun als Member ophuelen ze kënnen. Net aus politeschem, mee aus wirtschaftlech-militäreschen Interessi.

De komesche Mann aus der Belsch, deen eigentlech beschtens verstoe sollt wat en ethnesche Krich am eegene Land bedeit, huet fir Kurden esouvill iwwreg, wéi fir den Erhalt vun demokratesche Grondlagen. De Charles Michel hält et wuel fir gerechtfäerdegt, datt de Recep Tayyip Erdogan déi prokurdesch HDP verbidde wëll. Jo de Rotspresident war voller Luef fir den Autokrat vun Ankara.

Firwat de Charles Michel voller Luef fir de Sultan war? Ma dëse soll sech diplomatesch virbildlech verhalen hunn an vill Takt bei der Deseskalatioun am Sträit ëm d‘Äerdgasquellen an der Ägäis, wéi och dem Dissens op der gedeelter zypriotescher Insel bewisen hunn. Tatsächlech geet et dem EU-Rotspresident drëms sécherzestellen, datt d‘Tierken iwwer 4 Millioune Flüchtlingen zeréckhält.

A fir den Autokrat bei Laun ze halen, gëtt dësem an Aussicht gestallt d‘Zollunioun auszewäiten. Jo de Belsch wëll d‘Tierkei mat um Dësch sëtzen hunn, wann et Spëtzegespréicher zu esou imminent wichtegen Theme wéi wirtschaftlech Relance a Klimawandel gëtt. Op en Neits ass d‘Unioun also bereet Handelsbezéiungen (+ Flüchtlingsretentioun) géint Mënscherechter a Fridden anzetauschen.

De Bléck iwwert de Rand schweiwe loossen

Am Kontext vum „Rapprochement“ dierf nach kuerz drop higewise ginn, datt de Recep Tayyip Erdogan nach ganz aner Konventioune kënnege wëll. Esou wëll Ankara de Vertrag vu Montreux kënnegen, deen zanter 1936 de maritime Verkéier am Bosporus / Dardanellen-Strooss reegelt.

Géint dëse Schratt hunn sech an der Tierkei direkt 100 pensionéiert Admireel ausgeschwat, wat selbstverständlech direkt als „Putschversuch“ vum Sultan verkläert gouf. Fir dësen ale Männer direkt emol kloer ze maache wou hir Plaz ass, sinn 10 Admireel wéinst Verstouss géint déi verfassungsméisseg Uerdnung festgeholl ginn, véier hu missen ëffentlech hir Ausso widderruffen.

Déi aner 10 mussen sech elo viru Geriicht veräntwerten. Sollt hir Schold vum Geriicht unerkannt ginn dreeën hinne bis zu 25 Prisong. D‘Passage vun där am Montreux-Vertrag rieds ass, séchert de Staate ronderëm dat Schwaarzt-Mier d‘Recht Zou och mat de Krichsschëffer duerchseegelen ze dierfen. Elo huet et awer Länner déi en Interessi dorunner hätten de Russen dat ze verwieren.

Zudeem huet de Sultan en Dram (net nëmme vun engem neien osmanesche Räich) a wëll scho länger eng Alternativ Waasserstrooss zum Bosporus baue loossen. De „Kanal Istanbul“ ass nieft dem Palais mat iwwer dausend Zëmmer, dem Recep Tayyip Erdogan säi wuel ambitiéiste Projet, bezunn op de bau vun Infrastrukturen. Och dat ass der EU-Kommissioun éischter „egal“…

mat indymedia/tlv/bru

Foto: (vlnr) Charles Michel, EU-Rotspresident; Recep Tayyip Erdogan, President vun der Tierkei; Ursula von der Leyen, EU-Kommissiounspresidentin. © European Union

Related topics Charles Michel, Europäesch Unioun, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei, Ursula von der Leyen
Next post Previous post