Search

You may also like

surprise
Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima
International Neiegkeeten

Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima

Laut den Autoritéite waren si zu hirer 12.000, fir d‘Organisateure

What the Fakt – De skandinavesche Feierdag Knut
International Neiegkeeten

What the Fakt – De skandinavesche Feierdag Knut

Wien kennt d’Reklamm vun IKEA net, wou d’Chrëschtbeemercher aus der

Och d‘CSL deet sech schwéier mat Perspektiven
International Neiegkeeten

Och d‘CSL deet sech schwéier mat Perspektiven

Déi sanitär Kris bréngt villes zu Onwee firwat 2021 sech

Nei Prioritéite fir den EU-Mënscherechtsgeriichtshaff

Nei Prioritéite fir den EU-Mënscherechtsgeriichtshaff

Den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff ass chronesch iwwerlaascht an erfëllt seng Missioune längst net méi. Mat iwwer 65.000 Fäll déi „an der Loft“ hänke gëtt offensichtlech, et muss ee sech Prioritéite ginn. Et sollen nach just „wichteg an dréngend“ Fäll behandelt ginn. Den ECHR mengt sech iwwer dëse Wee ze stäerken an ee „Geriicht mat Wierkung“ ze ginn.

Wat elo d‘Festleeë vu Prioritéite betrëfft, esou gëtt dësen Exercice net fir d‘éischt duerchgeholl, well scho virun zéng Joer hat den europäesche Ministerrot zu Interlaken eng éischt „Reform“ vum ECHR beschloss. Well vill Affären oft vill ze laang an der Leitung hänken, huet et ee „Filter“ fir d‘Prioriséierung gebraucht. Zanterhier gi bis zu 90% vun de Plainten einfach ofgewisen.

Mënscherechter a besonnesch d‘Verstéiss géint dës, muss ee relativiséieren, an dat op verschiddene Levelen. De Mënscherechtsgeriichtshaff behandelt prioritär Fäll, bei deenen et ëm d‘Recht op Liewen, Mësshandlungen oder mëssbräichlech Verhaftunge geet, wéi beispillsweis dem Fall vum russeschen Dissident Alexej Nawalny. Vum Julian Assange hu se zu Stroossbuerg keng Kenntnis.

Et ass evident, dat den ECHR eigentlech just eng „politesch“ Roll spillt an et streng geholl egal ka sinn, op 160.000 Dossieren oder 65.000 Dossiere verfaulen. Eigentlech geet et der EU am Fall vum ECHR just drëms d‘Legislatioun vun de Memberlänner ze beaflossen, net awer ëm Mënscherechter, déi trëppelt d‘Unioun dank Frontex an dubiéise Vertrieder (Borrell / Breton) selwer mat Féiss.

Objektivitéit versus Effizienz

Fir den ECHR-Vizepresident Abel Campos ass et un der Zäit nach vill méi decidéiert virzegoen, also sech op déi Fäll ze konzentréieren, déi engem déi gréissten Opmierksamkeet bréngen an zur politescher Agenda passen. Hie wëll, datt den ECHR vill méi däitlech a vun de Bierger bemierkt, ëmmer do agräift wou d‘Onofhängegkeet vun der Justiz a Fro gestallt oder „getrëppelt“ gëtt.

Et soll sech zudeem och verstäerkt ëm Fäll bei deenen et ëm Ëmweltschutz a Klimawandel geet, gekëmmert ginn, wat wuel dem „new green deal“ geschëlt ass. Mee och d‘Pandemie, déi ëmmer méi d‘Grondrechter vun de Bierger ausser Kraaft setzt, ass ewell en Thema. A richteg ass och, datt Stroossbuerg méi séier Entscheedungen huele muss. Déi sollen also „politesch motivéiert“ ginn?

Eigentlech net, esou den Abel Campos, deen awer weess, datt dem ECHR grad dës Kritik entgéint wäert bruecht ginn. Hie stellt fest, datt den ECHR awer no transparente Kritäre jugéiert an de berechtegten Uspréch vun de Bierger aus de 47 ECHR-Memberlänner gerecht gëtt. Mat dëser neier Ausriichtung, bezunn op d‘Prioritéiten, ginn dëse Bierger hir Rechter allerdéngs net gestäerkt.

Related topics Abel Campos, ECHR, europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff, Politik, Prioritéiten
Next post Previous post