Search

You may also like

Covid19-Gesetz gouf verschäerft
International Neiegkeeten

Covid19-Gesetz gouf verschäerft

De Xavier Bettel hat sech e Sonndeg eng Auszäit vum

Covid19-Test: Ab ee Méindeg nach just op Rendez-vous
International Neiegkeeten

Covid19-Test: Ab ee Méindeg nach just op Rendez-vous

Déi „Vereenegt Laboratoire“ (Laboratoires Reunis) deelen dem Public mat, datt

Quarantaine fir de Logementsminister!
International Neiegkeeten

Quarantaine fir de Logementsminister!

Am Kontext vun der sanitärer Kris, déi duerch de Coronavirus

Europäeschen Dag vun der Noutruffnummer 112: All 9 Minutte gëtt intervenéiert!

Europäeschen Dag vun der Noutruffnummer 112: All 9 Minutte gëtt intervenéiert!

Zënter 2009 gëtt den europäeschen Dag vun der Noutruffnummer 112 zelebréiert, fir esou d’Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren an op den Notze vun der Nummer opmierksam ze maachen. Dës Kéier steet den Aktiounsdag ganz am Zeeche vun der Lokalisatioun vum Virfall.

Rifft een um 112 un ass d’Lokalisatioun vum Virfall eng essentiell Informatioun. Den exakte Standuert erauszefannen, erweist sech awer nach ëmmer als schwiereg an hëlt bei Accidenter am Stroosseverkéier, respektiv Virfäll am net-urbane Raum wichteg Zäit ewech. Wou ee fréier d’Plaz beschreiwe sollt, wann een déi prezis Adress net wousst, kënnen d’Asazkräft mëttlerweil verschidden Technologien opweisen, fir den Appell ze lokaliséieren:

  • D’Telefonsnummer an Donnéeën zum Abonnent: Wichteg beim fixen Telefon;
  • Lokalisatioun vun der Antenne: Esou kann den Handy ongeféier lokaliséiert ginn;
  • D’Applikatioun GouvAlert: Lancéiert am Joer 2018 gëtt et hei d’Funktioun Appel 112, bei där déi betraffe Persoun direkt geuert gëtt;
  • eCall: Zënter dem 30. Abrëll 2018 besëtzt all neie Modell vun Auto dës Funktioun, bei där am Fall vun engem Accident automatesch oder manuell de Standuert iwwermëttelt gëtt;
  • Rettungspunkte Wald: Speziell Sécherheetspunkten a verschiddene Bëscher an op verschiddenen Trëppelweeër erméiglechen d’Lokalisatioun duerch ee Code um Panneau.

An dësem Joer kënnt dann eng weider Funktioun dobäi. Am Noutfall kann den CSU 112 eng SMS mat engem Link schécken. All internetfäegen Handy vermëttelt esou duerch ee Klick säin aktuelle Standuert.

112

Lokalisatioun via AML

Wou Virdeeler sinn, do sinn och Nodeeler, an esou muss een am Noutfall d’Applikatioun schonn um Handy hunn, respektiv mam Internet verbonne sinn. Duerch den neien europäeschen an universelle Standard AML (Advanced Mobile Location) kënnen an Zukunft all Appellen un den 112, déi vun engem Smartphone mam Betribssystem IOS oder Android gemaach gi sinn, och ouni Applikatioun an Internetverbindung lokaliséiert ginn.

Momentan schafft de CGDIS enk mam Medien- a Kommunikatiounsservice vum Staatsministère zesummen, fir esou déi technologesch a legislativ Preparatiounen unzegoen. Éischt Tester sinn am gaangen an de Regierungsrot huet Ännerungen am Gesetz vum 30. Mee 2005 zum Traitement vu perséinlechen Informatiounen am Secteur vun der Kommunikatioun ugekënnegt. Weider Informatioune ginn et ënnert eena.org.

Wéini sollt een uruffen?

Wéi den Numm et scho seet sollt d’Noutruffnummer 112 just am Noutfall genotzt ginn. Heibäi schwätze mir vu blesséierten a kranke Persounen, Accidenter mat Blesséierten, Iwwerschwemmungen, Vergëftungen, Verschmotzungen an all aner Situatiounen déi eng potentiell Gefor opweisen.

Braucht ee Renseignementer zu de Spideeler, Dokteren, Veterinären, Apdikten, net dréngendem Transport mat der Ambulanz sollt een als éischt am Telefonsbuch, respektiv um Internet (112.lu, pharmacie.lu, amvl.lu) nokucken. Rifft een beim Infotel 9007 1234 un, esou kritt een d’Gardë matgedeelt. Donieft existéiert déi national Nummer 118 17 fir Renseignementer zum Taxi-Ambulanz Service a méi.

Richteg uruffen – Wéi eng Informatioune muss ech matdeelen?

Kënnt et zu engem schwéiere Vir- oder Noutfall sollt een der Zentral d’Plaz vum Virfall esou genee wéi méiglech vermëttelen. Uschléissend gëtt Ären Numm benéidegt, wéi och eng Beschreiwung vum Virfall. Heibäi stellt den Operateur eng Rei vu prezise Froen, fir esou den Typ vun der Interventioun festzeleeën. Bleift um Apparat, den Operateur hänkt an soubal all noutwenneg Informatiounen do sinn. Gitt zeréck bei déi blesséiert Persoun a leescht Éischt Hëllef. Donieft ass et vu Virdeel d’Asazkräft op d’Plaz ze guidéieren, soubal een d’Ekipp erbléckt.

112

Den 112 an Zuelen

Nodeems d’Noutruffnummer 012 um 17. Mee 1966 agefouert an 1993 duerch déi europawäit Nummer 112 ersat ginn ass, konnt schonn eleng fir den Notzer d’Agräife bei engem Noutfall vereinfacht ginn.

Am Joer 2019 huet den CSU 112 ganzer 317.081 Appelle behandelt, wat ronn 869 Appellen all 24 Stonne sinn. An 61.157 Fäll koum et zur Interventioun (168 Interventiounen all 24 Stonnen), woubäi statistesch gesinn all 9 Minutten intervenéiert muss ginn.

Zu all Zäitpunkt si 5 Operateuren an ee Chef am Service present, fir esou schnellstméiglech op den Appell anzegoen an déi noutwenneg Moossnamen ze ergräifen. Manner wéi 25 % vun de Persounen déi uruffen, deelen een Virfall mat, bei deem Pompjeeën oder eng Ambulanz gebraucht ginn.

Wichteg Säiten

  • www.112.lu – Plattform fir Rettungsservicer
  • www.infocrise.lu – Infocrise vun der Regierungsrot
  • www.sante.lu – Informatiounen zu den Servicer vu Generalisten an „Maison Medicales“
  • www.amvl.lu – Veterinären an hir Garden zu Lëtzebuerg
  • www.eena.org – Associatioun vun der europäescher Noutruffnummer
Related topics Accident, Advanced Mobile Location, Ambulance, AML, CSU 112, Europäeschen Dag vum Noutruff, Gefor, Noutruff, Pompjeeën, Virfall
Next post Previous post