Search

You may also like

D’Sam Tanson invitéiert op d’Assises du Code civil
International Neiegkeeten

D’Sam Tanson invitéiert op d’Assises du Code civil

E Freideg, 7. Mee 2021 invitéiert d’Justizministesch Sam Tanson, a

Kann een ze vill froen?
International Neiegkeeten

Kann een ze vill froen?

Et gëtt net immens vill driwwer geschwat, mee ech hunn

Entrevue tëscht dem Emmanuel an dem Angela
International Neiegkeeten

Entrevue tëscht dem Emmanuel an dem Angela

D‘Bundeskanzlerin fänkt un hiren Ofschid vun der Weltpolitik ze organiséieren,

Europäeschen Dag vum Noutruff 112: All zwou Minutten geet een Appell eran

Europäeschen Dag vum Noutruff 112: All zwou Minutten geet een Appell eran

Nodeems um 11. Februar 2009 den europäeschen Dag vun der Noutruffnummer 112 agefouert ginn ass, hiewen d’Memberstaaten d’Nummer, déi Liewe rette kann, an de Fokus. Zu Lëtzebuerg ass et de CGDIS, deen d’Zil verfollegt d’Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren an ze informéieren, wéi en Noutruff fonctionnéiert a wéini een d’Rettungskräfte ruffe soll.

D’Noutruffnummer 112 kann zu all Ament an op all Dag ugeruff ginn. Eng Ekipp vun 33 Operateuren a Chefs de Salle, vun deenen jeeweils 5 Operateuren an ee Chef de Salle Garde hunn, léise sech all 12 Stonnen of, fir esou eng professionell an effikass Prise en Charge vun den Appellen garantéieren ze kënnen.

Am vergaangene Joer si ganzer 242.671 Appelle vum 112 ugeholl ginn. Dat ass een Noutruff all zwou Minutten. Aus dëser Zomm hu sech 59.721 Interventiounen erginn. Anescht ausgedréckt sinn d’Rettungskräfte an der Moyenne 164 Mol pro Dag, oder och all 7 Minutten op en Asaz geschéckt ginn.

112

85.000 Appelle koumen iwwert d’Covid-Hotline eran

D’Pandemie hat natierlech och en Afloss op d’Aarbecht an d’Missioune beim CGDIS. Am Februar huet d’Ekipp säi Gestiounszentrum aktivéiert, fir esou Operatiounen an Aktiounen koordinéieren ze kënnen an d’Kontinuitéit vun de Servicer zu Lëtzebuerg oprecht ze halen.

Mat der Arrivée vum Virus sinn zuelräich Appelle beim 112 agaangen. Wou bis de Confinement annoncéiert ginn ass huet de CGDIS schnell misse reagéieren, och fir d’Noutruffnummer ze entlaaschten an den Telefon fir Noutfäll fräi ze halen. An dësem Kader ass d’Hotline vun der Regierung ageriicht ginn, bei där bis den 10. Juni Dag an Nuecht d’Froe vun der Bevëlkerung beäntwert goufen.

Ouni d’Ënnerstëtzung vu Fräiwëllegen vum CGDIS an aneren Administratiounen wier dës Initiative net méiglech gewiescht. Ëm 85.000 Appelle goufen nämlech wärend dëser Period entgéint geholl.

Uschléissend huet de Gesondheetsministère den CSU-112 domat beoptraagt, d’Kapassitéite vun de Better an der Reanimatioun um nationalen Niveau opzezeechnen. Dës Informatiounen hunn den Transfert mat der Ambulanz vun de Patienten an d’Spidol, respektiv d’Fleegestruktur erméiglecht. Zil war et net nëmmen d’Prise en Charge do ze garantéieren, wou déi noutwenneg Mëttel zur Verfügung stoungen, mee och zousätzlech Transferten ze vermeiden. Dëse System vum sougenannten „Dispatching“ wäert och an Zukunft vum CGDIS ugewannt ginn.

Wéini sollt een den 112 wielen?

Wéi de CGDIS matdeelt, géif an zwee Drëttel vun de Fäll keng Interventioun gefuerdert ginn. D’Noutruffnummer soll net fir ee Renseignement, mee just bei medezineschen Noutfäll, respektiv bei engem Brand gewielt ginn. Zesumme gefaasst betrëfft dat folgend Fäll:

  • Eng Persoun ass blesséiert, respektiv uerg krank;
  • Et koum zu engem Accident mat Blesséierten;
  • Bei engem Brand;
  • Bei Iwwerschwemmungen;
  • Bei Vergëftungen;
  • Am Fall vun Ëmweltverschmotzung;
  • All aner Situatioun, bei der eng potentiell Gefor fir de Mënsch besteet.

Braucht een generell Informatiounen zu engem Spidol, Apdikten, Zänndokteren, Veterinären, dem Transport mat der Ambulanz oder Ähnleches, soll een d’Noutruffnummer fir Noutfäll fräihalen, an iwwert folgend Mëttel ee Renseignement sichen:

  • Internetsäiten wéi 112.lu, pharmacie.lu oder amvl.lu;
  • Telefonsnummer 9007 1234 vum Infotel fir d’Garden;
  • Telefonsnummer 11817 wann ee Schlässer, eng Taxi-Ambulanz oder Ähnleches gebraucht gëtt.

Mat „Twittergewitter“ fir Opmierksamkeet suergen

De CGDIS huet sech un der däitscher Initiative „Twittergewitter“ inspiréiert a wäert d’Ëffentlechkeet wärend dem ganzen Aktiounsdag op de soziale Medien um Lafenden halen. Wat geschitt an engem Dag bei den Asazkräfte? Wéi eng Interventioune gi gemaach?

Dës Aktioun soll weisen, wéi den Aarbechtsalldag vun de fräiwëllegen a professionelle Pompjeeën am Land ofleeft. Zousätzlech gëtt op Facebook (@cgdis.lu) ee Bléck hannert d’Kulissen vum CGDIS geworf.

Noutruff 112Trotz ustrengenden Asätz léisst sech de CGDIS säin Humor net huelen – de Bernie Sanders huet et sech och virum CNIS gemittlech gemaach © CGDIS / Facebook

Iwwregens ass dëst Joer déi leschte Kéier, dass de CGDIS dësen europäeschen Aktiounsdag zu Stroossen zelebréiert. Déi nächst Editioun wäert am neien Centre National d’Incendie et de Secours (CNIS) op der Kockelscheier ofgehale ginn.

Related topics 112, Accident, Appell, Blessur, Brand, CGDIS, Europäeschen Dag vum Noutruff, Gefor, Hëllef, Iwwerschwemmung, Noutruffnummer, Rettungskräft, Vergëftung
Next post Previous post