Search

You may also like

Eng legal Basis fir de Rout-Luuchte-Radar
International Neiegkeeten

Eng legal Basis fir de Rout-Luuchte-Radar

Zanter enger Rei Deeg steet op der Stäreplaz ee sougenannte

Lëtzebuerg, den Innovatiounsmotor an der NATO
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg, den Innovatiounsmotor an der NATO

Wärend sech d‘Staats- a Regierungscheffe beim EU-Sommet engersäits mat der

Stroossentransport: Frankräich opposéiert sech den EU-Reformen
International Neiegkeeten

Stroossentransport: Frankräich opposéiert sech den EU-Reformen

Den europäesche Projet „Mobilitéitspak“ ass e Freideg vun der franséischer

Europarot: Schwéiere Korruptiounsverdacht zum Virdeel vum Aserbaidschan

Europarot: Schwéiere Korruptiounsverdacht zum Virdeel vum Aserbaidschan

Si solle vun der Fräizügegkeet vun den aserbaidschaneschen Autoritéite profitéiert hunn, am Echange fir hiert „Entgéintkommen“ dem Regimm géinteniwwer: eng Partie Parlamentarier vun der parlamentarescher Assemblée vum Europarot (PACE) stinn am Verdacht, Korrupt ze sinn.

E Joer nodeems si vun der PACE mandatéiert goufe Liicht an d‘Affär ze bréngen, déi als „Caviargate“ bekannt gi war, hunn dräi Experten e Sonndeg hire Rapport ofginn.

Aus dem 200 Säite schwéiere Rapport vun den Experten ergëtt sech eng Konviktioun: et besteet de „schwéiere Korruptiounsverdacht datt verschidden aktuell a fréier Membere vum PACE, sech lukrativen Aktivitéiten zum Virdeel vum Aserbaidschan hi ginn hunn“.

Si kommen aus de nationale Parlamenter vun e puer vun de 47 Memberlänner vum Europarot, a gi verdächtegt vun den aserbaidschaneschen Autoritéiten „kaf“ ginn ze sinn.Dat am Echange notamment fir hir Stëmm am Januar 2013, géint e Rapport, an deem d‘Situatioun vun de politesche Prisonéier, an dëser ex-Sowjetrepublik, denoncéiert ginn ass.

Verschidde Politiker hätten sech Kaviar, Teppecher an Iwwernuechtungen an de Luxus-Hoteller vu Baku „schenke“ gelooss, mee wiere virun allem fir hir „Lobbyaarbecht“ zu Gonschte vum Regimm, grousszügeg bezuelt ginn.

„Déi betraffe Parlamentarier sinn agelueden hir Aktivitéit rouen ze loossen, während eng Kommissioun déi eenzel Situatioune vu all eenzele préiwe kann“, esou de President vun der PACE, Michele Nicoletti, bei der Pressekonferenz.

Erklärungsnout fir Däitschland?

Zu Berlin dierft d‘Stëmmung gedréckt sinn. Ënnert de verdächtege Parlamentarier ass den fréiere CSU-Politiker Eduard Lintner, aus de bayrescher Schwësterpartei vun der CDU. Hien huet, esou de Rapport, ronn 800.000 Euro iwwer Schäin-Entreprise agestach.

Mee och eng aktuell Deputéiert vun der CDU, fréier Member vun der PACE, d‘Karin Strenz, gëtt beschëllegt. Sir soll iwwert d‘Firma vum Eduard Lintner „finanzéiert“ gi sinn. Den Eduard Lintner gëtt vun den Experten als de Schlëssel-Lobbyist vum Aserbaidschan bezeechent.

De Rapport hëlt sech dann awer ganz speziell de Fall vum fréiere spuenesche PACE-President, Pedro Agramunt, un. Deen hat 2017 d‘Brems gezunn a seng Demissioun agereecht, nodeems de Verdacht sech géint hie verhäert hat.

Aus dem Rapport geet ervir, datt et eng Rei „Elementer“ gëtt, déi beweisen, datt de Pedro Agramunt eng „entscheedend Roll“ gespillt huet, bei der Adoptioun vu PACE-Decisiounen déi zu Gonschte vum Aserbaidschan ausgefall sinn.

Schlecht Reklamm fir d‘EPP

An et kënnt nach méi déck: de Pedro Agramunt gëtt och der Korruptioun verdächtegt, déi an Zesummenhang bruecht gëtt, mat senger Ernennung zum President vun der populärer europäescher Partei (EPP – Konservativ), dat als Virspill zu senger Wal un d‘Spëtzt vun der PACE gewäert gëtt.

Ënnert den aneren zentrale Figuren an dëser Affär, fält och de rietsen italienesche Parlamentarier, Luca Volontè, op. Dee muss sech säit 2016 an Italien viru Geriicht veräntwerten, wou him de Virworf gemaach gëtt, Geld gewäsch ze hunn. Hie soll vu Baku 2,4 Milliounen Euro kritt hunn.

Laut den Enquêteuren, déi vun der PACE mandatéiert gi sinn, huet de Luca Volontè „eng dominant Roll beim ënnergruewe vum Rapport, am Zesummenhang mat de politesche Prisonéier am Aserbaidschan gespillt“. Säi „Loun“ koum vu Baku iwwer Schäin-Entreprise a Groussbritannien.

Ouni Medien, kee Caviargate

An d‘Affär déi als „Caviargate“ an d‘Geschicht ageet, war vun eise Kollege vum „Le Monde“, dem „The Guardian“ an der „Süddeutsche Zeitung“, 2017 opgedeckt ginn. Si waren et déi mat hiren Enthüllungen d‘Autoritéiten zum handele gezwongen hunn.

De Rapport ass vun dräi Experten ausgestallt ginn: dem fréiere franséische Riichter, Jean-Louis Bruguière; dem fréiere President vum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, Nicolas Bratza; an der schwedescher Juristin Elisabet Fura.

D‘Verëffentlechung vum Rapport, een Dag virun der Erëffnung vun der Fréijoer-Sessioun, wou 324 Parlamentarier vun de 47 Memberlänner zu Stroossbuerg zesummekommen, dierft fir Mësstraue suergen.

Och wann d‘PACE iwwert kee legislative Pouvoir verfüügt, esou gëtt 4 Wochen am Joer zu Stroossbuerg siegéiert, fir iwwert d‘Verdeedegung vun de Mënscherechter, oder dem Kampf géint d‘Korruptioun ze debattéieren. Mam Rapport, huet dës Institutioun seng Kredibilitéit verluer.

mam François d‘Astier/AFP

Foto: D‘Krounprinzessin vun Dänemark, Mary Donaldson (l) gëtt vum PACE-President, Michele Nicoletti zur Erëffnung vun der Fréijoer-Sessioun zu Stroossbuerg begréisst. Eng Sessioun, déi mam Korruptiounsverdacht géintiwwer enger Partie Parlamentarier, am Zeeche vum Mësstrauen opgemaach gëtt. © Frederick Florin/AFP

Related topics Eduard Lintner, Karin Strenz, Korruptiounsverdacht, PACE, Pedro Agramunt
Next post Previous post