Search

You may also like

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen
Neiegkeeten

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen

Um Dënschdeg huet d‘Universitéit vu Lëtzebuerg e neien Accord mat

Ukrain-Telefonat: Alles nëmmen eng Propagandaschluecht
Neiegkeeten

Ukrain-Telefonat: Alles nëmmen eng Propagandaschluecht

Alles huet domatter ugefaangen, datt ee Mataarbechter vum US-Geheimdéngscht sech,

Neies aus dem US-Wahlkampf
Neiegkeeten

Neies aus dem US-Wahlkampf

Dat een net Milliardär gëtt wann ee masseg Steiere bezilt

Europawahlen 2019: Iwwerzeegten Demokraten

Sechs liberaler fir d‘Rekonstruktioun vun Europa?

Europawahlen 2019: Iwwerzeegten Demokraten

Europa geet et net esou gutt, an dat ass net eleng dem Brexit geschëlt. Populismus, an d‘Demontage vu „Bannen“ sinn den Ament déi gréisser Bedreeung vun engem Konstrukt, dat ni konnt op fest Féiss gestallt ginn. Zum enge läit et dorunner, datt an der EU d’Wirtschaftsinteressen ëmmer méi héich bewäert ginn, wéi déi vun de Bierger, an anersäits un de nationalen Interessen.

Dat ze veränneren, Europa de Mënsche besser ze erklären an eppes méi no ze bréngen, huet sech d‘Equipp ëm den Doyen Charel Goerens virgeholl. Als weider Spëtzekandidatin fir „Europa“ huet déi demokratesch Partei d‘Monica Semedo opgestallt. Dëst tatkräftegt Duo gëtt vervollstännegt, duerch: Gusty Graas, Simone Beissel, Loris Meyer a Anne Daems. Alles erkläerten Europäer…

An de Charel Goerens léisst keng Zweiwel iwwer d‘Schlaagkraaft vu sengem Team opkommen. Hir europäesch Kompetenze wieren erwisen, hiert Engagement fir en Europa vun de Mënschen erkennbar. Elo muss e Programm opgestallt ginn, deen esouwuel d‘Kompetenze wéi d‘Engagement schrëftlech duerstellt. Et geet och ëm méi wéi d‘Verdeedegung vu Lëtzebuerger Interessen.

To Brexit or not to Brexit…

Et ass gewosst, datt d‘Europawahle vun 2019, och vum Brexit wäerte beaflosst ginn. Dat wuel eppes manner wéi déi duerch déi eegen egoistesch Interesse vun de Länner, an awer. Dofir steet de Charel Goerens fir eng Politik vun der Erneierung, der Verdeedegung vun de Gemeinsame Wäerter an dem Kampf géint de Populismus. An dësem Zeenario hu sech d‘Matstreider ugeschloss.

Mam Anne Daems zum Beispill, dat sech als parlamentaresch Assistentin schonn op Erfarung beruffe kann, huet d‘DP nieft dem Charel Goerens, Kandidaten déi „Bescheed“ wëssen. Si stellt pragmatesch fest, datt Europa nach an der Entwécklung stécht. Mam Brexit géif d‘EU ee vu senge Piliere verléieren, firwat déi éischt Aufgab d‘konsolidéiere vun der Unioun muss sinn.

De Géigner, dat sinn an éischter Linn dann och all déi Kräften, déi sech dem europäesche Gedanken entgéintstellen. A mam Simone Beissel, där hiert politescht Engagement fir en Europa vun de Natiounen, an den Erhalt vun den europäesche Wäerter onbestridden ass, huet d‘DP eng zolidd Kandidatin opgestallt, déi den Ënnerscheed zum politesche Géigner maache kann a wäert.

De liberale Gedanken

Wann d‘Spëtzekandidatin, Monica Semedo, Beroderin fir Kommunikatioun bei „Luxembourg for Finance“ sech als Maacher Meedchen drun erënnert, datt „Europa viru senger Hausdier defiléiert ass“, esou gehéiert déi jonk Fra och zur „Generation Europe“. Si kennt d‘Virdeeler déi Europa de Jonke bitt, weess dat d‘EU de Granat fir eise „Fridden“ ass. D‘EU ass ebe méi wéi „Virschrëften“.

A fir bei de „Jonken“ ze bleiwen: fir de Loris Meyer ass et wichteg, datt d‘Jugend eng Stëmm an der EU huet, an wann dat gewënscht ass, wëll hien déi sinn. Hie steet fir en Europa, dat sech de Wënsch an de Fuerderunge vun deene Jonken unhëlt. Politesch Entscheedungen hätten ëmmer en Impakt op déi Jonk, an et wieren och si, déi d‘Konsequenzen am längsten ze droen hätten.

De Gusty Graas, stellt sech als Kandidat op, well et him wichteg ass, seng Iddie – fir déi hie sech säit Joerzéngten an der DP an um Krautmaart asetzt – och op EU- Niveau ze verdeedegen. Natur an Ëmwelt, Asyl- a Verdeedegungspolitik, dat wier et wat hie wéilt upaken. An allen déi wéineg vun der EU halen, réit hien sech virzestellen, wou eist Land dru wier, wann et net EU-Member wär.

„We are family“

An dësem Kontext huet de Charel Goerens betount, datt déi europäesch Integratioun grad fir déi „kleng“ Länner immens wichteg ass. D‘Reegele fir all Land déi selwecht, an déi kleng Länner kënne villes zu enger ugestriefter Harmoniséierung bäidroen. Et ass dann och richteg, datt et seelen déi kleng Länner sinn, déi wichteg Entscheedungen (Glyphosat, CO²-Emissiounen) blockéieren.

De Charel Goerens weess allerdéngs, datt wéinst dem Brexit, de Komiker an Italien an den Despoten an Ungarn oder Polen, de Projet Europa bedreet ass. Hie weess, datt de Steve Bannon, fréiere Beroder vum Donald Trump a Grënner vum Mouvement, sech nëmmen zu Bréissel néiergelooss huet, fir déi europäesch riets-radikal ze vereenen, an esou de Projet EU ze zerstéieren.

Esou ass et verständlech, datt ee sech bei der DP net wäert op déi national Theme bei der Campagne konzentréieren, mee mat zolitten Argumenter fir d‘Eenheet vun Europa wäert antrieden. An dat ass d‘Achillesseen vun den Europawahlen: d‘Wieler notzen dës zuweile gären, fir eng national Politik ze „bestrofen“ vun där si sech onverstane fillen. Dat notzt awer tatsächlech nëmmen de Populisten.

Related topics Anne Daems, Charles Goerens, Demokratesch Partei, DP, Europawahlen 2019, Gusty Graas, Loris Meyer, Monica Semedo, Simone Beissel
Next post Previous post