Search

You may also like

De Schmunzel – Eng ko(s)mesch Geschicht
Neiegkeeten

De Schmunzel – Eng ko(s)mesch Geschicht

Am Kader vun der Ausstellung “Otherworlds” liest de Jhemp Hoscheit

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen
Neiegkeeten

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen

Sou Chrëschtdag hu mer hannert eis, d‘Famill war do an

Den EU-Impfpass: Si sinn sech net eens (kommentéiert)
Neiegkeeten

Den EU-Impfpass: Si sinn sech net eens (kommentéiert)

Datt et schonn en Impfpass huet, ass den Technokrate wéi

European Cinema Night: Gratis Film-Virféierungen an 34 EU-Stied

European Cinema Night: Gratis Film-Virféierungen an 34 EU-Stied

Déi éischt Editioun vun der European Cinema Night wäert vum 3. bis den 7. Dezember 2018 a ganz Europa sinn. Et ass geplangt esou méi wéi 7200 Leit ze erreechen.

Als Deel vum Creative Europe MEDIA programme, deen den europäeschen audiovisuelle Secteur déi läscht 27 Joer ënnerstëtzt huet, ass „European Cinema Night“ elo eng Initiative fir Europa ze weisen, datt mir net nëmmen ee groussen Deel zur Entwécklung vun der kreativer a kultureller Industrie bäidroen, mee datt och eis Gesellschaft am Ganzen dovu profitéiert. Mat 50 gratis Film-Virféierungen a ganz Europa sollen d’EU-Bierger méi no zesumme bruecht ginn wärend si d’Diversitéit vun den europäesche Filmer genéissen.

D’Mariya Gabriel, Kommissiounsmember an Beoptraagt vun der Digital Economy an d’ Society, seet „De Kino ass een essentiellen Deel vun eiser räicher an ofwiesslungsräicher Kultur a verstäerkt d’Verbannung tëschent Leit, déi di selwecht Passioun an Emotiounen bei engem Film verspieren. D’European Cinema Nights sinn eng Méiglechkeet d’Diversitéit ze weisen an d’Wichtegkeet vun der Ënnerstëtzung vun der räicher Filmproduktioun.“

Europäesch Filmer sinn een deel vum kulturellen Ierwen a sollte jiddwerengem zougänglech sinn. Déi 34 Kinoen, déi um Event deelhuelen, wäerten speziellt Owender organiséieren, wou dann een vun 20 MEDIA-ënnerstëtzt Filmer gewise gëtt. D’Lëscht u Filmer enthält beispillsweis „Cold War“, „The Killing of a Sacred Deer“; „Girl“ a „Border“.

D’Filmer si vu lokale Kinoen ausgewielt ginn a sollen een interessante a breetgefächerte Programm bidden. D’Seancen ginn uschléissend duerch eng kleng Diskussiounsronn vun de Film-Liebhaber ofgeronnt, wou si mat Filmkritiker a Filmproduzente schwätze kennen. Zu Lëtzebuerg wäert beispillsweis déi dänesch-schwedesche Co-Produktioun „Border“, vum Ali Abbasi, am Ciné Utopia um 3. Dezember um 19:00 Auer gewise ginn.

Wëllt Dir méi zum Programm wëssen? Da kuckt dach emol hei laanscht: PROGRAMM.

Related topics Border, Ciné Utopia, Cold War, European Cinema Night, Film, Girl, Kino, The Killing of a Sacred Deer
Next post Previous post