Search

You may also like

Chantier op der A6 – et geet weider mat den Deviatiounen!
Neiegkeeten

Chantier op der A6 – et geet weider mat den Deviatiounen!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Freides, den 17. Mee géint

Dem Ida seng Ausleefer erzwéngen den Noutstand
Neiegkeeten

Dem Ida seng Ausleefer erzwéngen den Noutstand

An der Nuecht huet de Buergermeeschter vun New York, Bill

Editorial: Ee Mann bereet sech vir
Neiegkeeten

Editorial: Ee Mann bereet sech vir

Ass de CSV-Deputéierte Claude Wiseler de bessere Mann un der

Consomméiert Dir Drogen? – Eng europäesch Enquête

Consomméiert Dir Drogen? – Eng europäesch Enquête

Ganzer 31 europäesch Länner huelen un der grousser Enquête zu den Drogen deel. Och zu Lëtzebuerg ass haut d’Ëmfro lancéiert ginn a behandelt soziodemografesch Aspekter, d’Notzung, den Accès op Traitementer, d’Accessibilitéit vun de Substanzen an déi consomméiert Quantitéit, sou wéi den Impakt vun der Pandemie op de Konsum.

Zil ass et um nationalen an internationalem Niveau d’Wëssen zur Aart a Weis vun der Notzung ze verdéiwen, an esou an Zukunft politesch Decisiounen unzepassen, Aktiounspläng opzestellen a preventiv Moossnamen anzeféieren. Dës weideren droen d’Resultater, déi uschléissend tëscht de Länner verglach ginn, dozou bäi den Drogemaart aschätzen ze kënnen.

D’europäesch Enquête dauert 6 Wochen a gëtt zu Lëtzebuerg duerch d’Ulafplaz PFLDT an Zesummenaarbecht mam europäeschen Observatoire vun den Drogen an Toxikomanen (OEDT) erméiglecht. D’Befroung ass anonym a fräiwëlleg, dauert ongeféier 5 bis 10 Minutten an kann op 4 Sproochen ofgeruff ginn (Däitsch, Franséisch, Portugisesch an Englesch). Matmaache kënnen all Persounen ab 18 Joer, déi schonn e Mol Drogen zou sech geholl hunn.

Deelhuele kann een iwwer drugusersurvey.limequery.com. Weider Informatioune ginn et op www.sante.lu, op de Säite vun de Partner an op Facebook.

Related topics Accessibilitéit, Anonym, Befroung, Drogekonsum, Drogemaart, europäesch Enquête, Konsum, OEDT, PFLDT
Next post Previous post