Search

You may also like

Eis Geschäfter, Eis Aarbechtsplazen, Eis Zukunft!
International Kultur Neiegkeeten

Eis Geschäfter, Eis Aarbechtsplazen, Eis Zukunft!

Mat dësem Motto huet déi gréisste Gewerkschaft am Land, den

Pyongyang zësst nees Washington
International Kultur Neiegkeeten

Pyongyang zësst nees Washington

Nodeems den nordkoreanesche Leader Kim Jong-un bei der Erëffnung vum

Groussen Jobday fir d’Cloche d’Or: 700 Plaze waren ze verginn!
International Kultur Neiegkeeten

Groussen Jobday fir d’Cloche d’Or: 700 Plaze waren ze verginn!

Gëschter hu sech am Parc Hôtel Alvisse zuelräich Leit getommelt,

Euro Space Center: Werft e Bléck op d’Geschicht vum Gagarin

Euro Space Center: Werft e Bléck op d’Geschicht vum Gagarin

De Juri Gagarin ass zënter 60 Joer an eise Käpp verankert, andeems hien den éischte Mënsch am Weltraum war. An dësem Kader wërft den Euro Space Center vun Transinne nach emol e Bléck op d’Liewe vum sowjetesche Kosmonaut.

Iech begeeschteren d’Errongenschaften, déi am Weltraum gemaach gi sinn? Dat heiten ass d’Méiglechkeet sech an den Auto ze setzen, e puer Kilometer ze fueren an de Juri Gagarin ganz no kennenzeléieren. Senger Geschicht widmet den Euro Space Center zu Transinne – ëm eng hallef Stonn vun der Lëtzebuerger Grenz (Sterpenich) ewech – eng Expo vum russesche Pilot, deen als éischte Mënsch an den Orbit ronderëm d’Welt geschéckt gouf.

Dës Ausstellung konnt a Kollaboratioun mam Kultur- a Wëssenschaftszenter vu Russland zu Bréissel organiséiert ginn. Gewise ginn ënnert anerem Biller a Videoen aus dem Archiv, déi un de Kosmonaut erënneren deen duerch seng Leeschtung an d’Geschichtsbicher agaangen ass.

Um 12. Abrëll 1961 huet de Juri Gagarin sech als éischte Mënsch an d’Weltall schéisse gelooss an den éischte Vol ronderëm d’Äerd absolvéiert, wat d’Amerikaner iwwerhaapt net erfreet huet. Dobäi ass et net déi éischte Kéier, datt d’Sowjeten hir Äerzfeinden iwwerrennen: Sputnik, den Hond Laïka an den éischte Mann am Weltraum – si all koumen aus dem Ostblock.

Hei kritt Dir och d’Geleeënheet Objeten vun der russescher Weltraummissioun ze fannen, zousätzlech zu de klenge Filmer déi d’Liewen vum Juri Gagarin opgräifen. Seng Karriär war kuerz, mat 34 Joer ass hie bei engem Übungsfluch gestuerwen. Dat hält eis awer net dovunner of, an datt hien an eiser aller Erënnerung bleift.

D’Expo kann nach bis Enn 2021 am Euro Space Center besicht ginn. Seng Plaze soll een am viraus iwwert www.eurospacecenter.be reservéieren.

Zesumme mat mental.lu

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Opnam vun der NASA; De Juri Gagarin

Related topics Ausstellung, Euro Space Center, Expo, Geschicht, Juri Gagarin, Kosmonaut, Sowjetunioun, Weltall
Next post Previous post