Joresbericht vum ILR zum oppenen Internet
De leschten Donneschdeg huet den ILR (Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut) säi véierte
De leschten Donneschdeg huet den ILR (Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut) säi véierte
Datt de parteilosen italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte matten an der
Aus engem Communiqué vun ArcelorMittal gëtt ervir, datt de Lëtzebuerger
Mat jonke 14 Joer ass den Bryon zum Skinhead ginn. Knapp 2 Joer méi spéit war den Teenager a rassisteschen Organisatiounen integréiert, an deenen hien de Spëtznumm Pit Bull kritt huet. Och dem Vinlanders Social Club, deen duerch seng exzessiv Brutalitéit a schnelle Wuesstem traureg Bekanntheet kritt huet, ass de Bryon bäigetrueden. Fir seng Zougehéieregkeet zur rietsextremer Säit ze weisen an Unerkennung ze erlangen, ass schliisslech säi ganzt Gesiicht mat Zeechen tätowéiert ginn.
D’Kierperkonscht, déi am rassistesche Milieu Uklang fonnt huet, ass allerdéngs ab deem Zäitpunkt problematesch ginn, wou bis d’Léift an d’Spill komm ass. Am Joer 2005 huet de Widner d’Julie Larsen bestuet an ee knappt Joer méi spéit ee Bouf kritt. D’Responsabilitéit als Papp an d’Léift zu senger Famill huet de Mann lues a lues zum ëmdenke bruecht, woubäi och säin Ausgesinn ee wichtege Schrëtt war.
D’Neo-Nazi Grupp huet de Bryon verlooss, woubäi hien ëm Schikanéierungen a Mord-Dreeungen net ronderëm komm ass. Schnell huet de fréier esou Haass-erfëllte Mënsch sech nees mënschlech gefillt. Seng Plaz an der Gesellschaft konnt hien awer eréischt fannen, wann d’Tënt am Gesiicht ganz verschwanne géif. D’Blécker an d’Reaktioune vun anere Leit hunn de Mann an eng déif Depressioun versat, sou datt hie souguer bereet war, säi Gesiicht a Saier ze zappen, wann et hëllefe géif.
Nodeems dem d’Julie Kontakt zu enger Anti-Rassismus Aktivistin opgeholl huet an divers Treffen arrangéiert gi sinn, konnt ee schliisslech ee plastesche Chirurg fannen, deen den Agrëff maache géif. Eng anonym Spent vun 35.000 Dollar huet dat Ganzt erméiglecht. Gutt ee Joer huet d’Prozedur, déi extrem schmäerzhaft war, gedauert, bis hien endlech vu senger Vergaangenheet befreit war.
D’Péng, déi sech wéi den extreemste Fall vu Sonnebrand ugefillt huet, konnt de Mann just aushalen, andeems hien u seng besser Zukunft geduecht huet. Fir seng Famill wollt de Widner dat Richtegt maachen.
Duerch säin Agrëff ass de Bryon zm Thema am Documentaire Erasing Hate, sou wéi bei Skin ginn. Seng restlesch rasstistesch Tätowéierungen um Kierper konnt hien mat anere Motiver iwwerdecken loossen. Hien hofft, mat senger eegener Geschicht och anere Betraffenen Hoffnung ze schenken.