Search

You may also like

Amerika am Ausnamezoustand
Meenung Neiegkeeten

Amerika am Ausnamezoustand

Déi aner Säit vum grousse Pull, deem Land wou d‘Recht

Wafferou fir Idlib
Meenung Neiegkeeten

Wafferou fir Idlib

Um Mëtternuecht ass an der nordsyrescher Provënz Idlib eng weider

Kanner-Jugendtelefon: Fräiwëlleger gesicht!
Meenung Neiegkeeten

Kanner-Jugendtelefon: Fräiwëlleger gesicht!

Fir eng nei Ausbildungsgrupp sicht de Kanner-Jugendtelefon elo no fräiwëllege

Existenzsécherend Präisser fir d’Landwirtschaft amplaz „Socialwashing“

Existenzsécherend Präisser fir d’Landwirtschaft amplaz „Socialwashing“

Zu Lëtzebuerg soll en neien Zertifizéierungs- a Qualitéitssystem fir Liewensmëttel gesetzlech agefouert ginn. Laut der ONG Fairtrade Lëtzebuerg a Fair Mëllech kéint dat zu engem wichtegen Instrument ginn, fir eng responsabel an nohalteg Landwirtschaft ze fërderen.

D’Schwaachstellen an d’Widderspréch am aktuelle Gesetzesvirschlag sinn allerdéngs flagrant. D’Aféierung vun engem Qualitéitssystem, dat existenzsécherend Präisser fir d’Bauere just als e méigleche Kritär virgesäit, ass bedenklech.

En Zertifizéierungs- respektiv Qualitéitssystem dat vu Säite vum Staat agefouert gëtt, sollt ouni Hin an Hier fir existenzsécherend Präisser fir de Bauer suergen an dat souwuel zu Lëtzebuerg, wéi och iwwert eis Grenzen hannenaus, inklusiv de Länner vum globale Süden. Dat gëllt besonnesch, wa Rohstoffer aus Afrika, Asien a Latäinamerika a „staatlech ausgezeechente“ Produiten enthale sinn.

„Kee Qualitéitssystem ouni verflichtend existenzsécherend Präisser fir de Bauer“, sou déi Responsabel vu Fairtrade Lëtzebuerg a Fair Mëllech. „Präisser, déi dozou bäidroen d’Existenz vu Baueren ofzesécheren, si keen Deel vun engem Wonschconcert. Si sinn essentiell a sollen dofir verflichtend Kritäre sinn an engem staatlech gereegelten Zertifizéierungs- a Qualitéitssystem.

An dat bei alle Rohstoffer, déi an engem Produit enthale sinn, déi d’Auszeechnung „agréé par l’État“ erhalen. Et geet dobäi ëm dat wirtschaftlecht Iwwerliewe vu Baueren am Norden an am Süden. Soss gëtt e Socialwashing organiséiert, wat net net guttheesche kënnen.“

D’ONG Fairtrade Lëtzebuerg a Fair Mëllech appelléieren un den zoustännege Landwirtschaftsminister Romain Schneider, deen och an der vergaangener Legislaturperiod Kooperatiounsminister war, dëser berechtegter Fuerderung Rechnung ze droen.

Matgedeelt vun der ONG Fairtrade Lëtzebuerg a Fair Mëllech

Opmaacherbild: © Girl With Red Hat / unsplash

Related topics Baueren, Existenz, Existenzsécherend Präisser, Fair Mëllech, Fairtrade Lëtzebuerg, Landwirtschaft, Mëllechpräis, Qualitéitssystem, Romain Schneider, Socialwashing, Zertifizéierung
Next post Previous post