Search

You may also like

Rockhal: Den Ian Paice an d’Klassiker vun Deep Purple
Kultur Neiegkeeten

Rockhal: Den Ian Paice an d’Klassiker vun Deep Purple

Um 23. November 2019 wäert den Ian Paice, legendäre Batteur

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“
Kultur Neiegkeeten

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“

Den OGBL informéiert, datt d‘Baufirma „Mir Bauen Sàrl“ an den

Sinn hunn den Ambassadeur ausgespaart
Kultur Neiegkeeten

Sinn hunn den Ambassadeur ausgespaart

Ufank Abrëll huet d‘Arméi am Myanmar d‘Muecht u sech gerappt

exit RACISM: Eng rassismuskritesch Rees fir ze lauschteren

exit RACISM: Eng rassismuskritesch Rees fir ze lauschteren

Nodeems 2017 dem Tupoka Ogette säi Buch exit RACISM: rassismuskritisch denken lernen erauskomm ass, dierf ee sech elo iwwert d’Hörbuch freeën. Bei der rassismuskritescher Rees gëtt net nëmme Wëssen iwwert d’Geschicht vun der Rassendiskriminatioun an hir Wierkung vermëttelt, mee och Ënnerstëtzung zum emotionalen Thema gebueden.

Obwuel Rassismus an alle Beräicher vun der däitscher Gesellschaft wierkt, ass et net liicht iwwert dëst Thema ze schwätzen. Schliisslech wëll jo kee rassistesch sinn a vill Persounen zécken, de Begrëff ze notzen. Dem Tupoka Ogette säi Wierk handelt vun éischten Ausenanersetzungen, an dat ouni mam Fanger op een ze weisen.

exit Racism

D’Auteurin Tupoka Ogette / www.exitracism.de

Et handelt sech ëm een interaktiivt Hörbuch, dat mat weiderféierendem Material – och op www.exitracism.de – d’Thematik verdéift. D’N-Wuert gëtt net genotzt, dofir rassistesch Zeene, Biller an Ausdréck reproduzéiert.

exit RACISM ass ab elo als Hörbuch op Spotify, Apple Music, iTunes, Deezer, Bookbeat a Google Play ze fannen.

Related topics Diskriminatioun, Entstéiung, exit RACISM, Geschicht, Hörbuch, Léiermaterial, Rassismus, rassismuskritesch Rees, Tupoka Ogette
Next post Previous post