Search

You may also like

MS Princesse Marie-Astrid: Symbol vun der Geschicht an de Wäerter vun Europa
Meenung Neiegkeeten

MS Princesse Marie-Astrid: Symbol vun der Geschicht an de Wäerter vun Europa

Et war en historesche Moment – Um 14. Juni 1985

E Lëtzebuerger Ernierungsrot – Vill Diskussiounen, an awer koum et anescht wéi erwaart
Meenung Neiegkeeten

E Lëtzebuerger Ernierungsrot – Vill Diskussiounen, an awer koum et anescht wéi erwaart

Wärend gutt zwee Joer si reegelméisseg Treffen tëscht de verschidden

Nuit de la Culture: Dëse Samschdeg dréit sech ëm d’Waasser!
Meenung Neiegkeeten

Nuit de la Culture: Dëse Samschdeg dréit sech ëm d’Waasser!

Scho fir eng 8. Kéier gëtt zu Esch-Uelzecht déi sougenannt

Fuerplang an eng frowierdeg Normalitéit

D‘CGFP zur Exit-Strategie vun der Regierung

Fuerplang an eng frowierdeg Normalitéit

Nodeems an interministeriellen Aarbechtsgruppen den Auswee aus dem „Coronavirus-Shutdown“ virbereet ginn ass, huet de Premierminister Xavier Bettel de leschte Mëttwoch der Ëffentlechkeet dës Pläng virgestallt. Zanterhier huet och den Debat zum Ausstig, hei am Land däitlech u Faart zougeholl.

No Usiicht vun der CGFP muss d‘Gesondheet vun de Mënsche sämtleche wirtschaftlechem Iwwerleeungen iwwerguerdent bleiwen. Ëmmer méi zeechent sech of, datt d‘Patronat der Regierung am Genéck sëtzt an dobäi ob eng séier Lackerung pochen, obwuel dëst en erhiefleche Risiko fir d‘Wuel vun der Gesellschaft biergt. Fir d‘CGFP ass et onmoosseg, datt angeblech Beroderfirmae bei der Exit-Strategie den Toun uginn, wougéint aner wichteg Acteure bis ewell vun der Diskussioun ausgeschloss bleiwen.

Esou wéi et sech duerstellt, berouen d‘Regierungsbeschlëss bei der Exit-Strategie och op enger Etüd, déi vun enger privater Berodergesellschaft am Optrag vum Finanzministère duerchgefouert ginn ass. Entgéint all deem wat fälschlecherweis behaapt ginn ass, huet des Consultingsfirma bei der Ausaarbechtung vun hire Pläng, kee Kontakt mat der Beruffskummer vun den ëffentlech Beschäftegten opgeholl.

Fir d‘CGFP ass dës Virgoensweis e Skandal, zemools d‘Reprise vum Schoulbetrib europawäit eng Schlësselroll bei der Pandemiebekämpfung spillt an net ouni erhieflech Aschränkungen ze bewierkstellegen ass. Dofir fuerdert d‘Gewerkschaft vun den ëffentleche Beschäftegte vun der Regierung agebonnen ze ginn, ganz am Interêt vum Allgemengwuel.

Doriwwer eraus muss d‘Sécherheet op der Aarbechtsplaz, sief dat an der Privatwirtschaft oder am ëffentlechen Déngscht, peinlechst genee kontrolléiert ginn. All aarbechtsrechtlech a statutaresch Aspekter mussen am Interessi vun de Beschäftegte fair ausgeliicht an d‘Saile vum Sozialstaat gefestegt ginn.

Un d‘Dräierkoalitioun geet déi däitlech Warnung, keng vollendet Tatsaachen am Hannerzëmmer zu Ongonschte vum Salariat ze schafen. D‘Sozialpartner eréischt bei der Finanzéierung vun der Krisebewältegung an d‘Boot ze huelen, wier eng schlecht Ausgangspositioun, fir Kompromësser am Interessi vun alle Bierger ze treffen.

Esoulaang wei net séchergestallt ass, datt iwwert ee längeren Zäitraum genuch brauchbar Maske fir sämtlech ëffentlech Mataarbechter wéi fir déi beschäftegt aus dem Privatsecteur virräteg sinn, hält d‘CGFP eng forcéiert Lackerung vun den Andämmungsmoossname fir eng Feelentscheedung.

E séiere Retour zur Normalitéit ka sech graff noléisseg erweisen, besonnesch wou déi tatsächlech Ausbreedung vun der Pandemie hei am Land nach ëmmer net am vollen Ëmfang bekannt ass. Villes berout den Ament op Suppositioune. D‘CGFP fuerdert dofir, an reegelméissegen Ofstänn landeswäit a representativ Covid19- Antikierpertester, fir sech en zouverlässegt Bild vum Ausmooss vun de Coronavirusinfektiounen zu Lëtzebuerg, ze maachen.

Nëmmen duerch eng landeswäit a grenziwwerschreidend Analys vun der Situatioun kann een immuniséiert Aarbechtskräften a systemesch relevante Wirtschaftssecteuren dauerhaft asetzen. Och Beruffspendler sollten an dësem Zesummenhang getest ginn, fir dat hir Gesondheet an déi vun den Aarbechtskolleege séchergestallt ass.

Fir dësen hannerhältege Virus vehement ze bekämpfen, ass eng Schmuel Gratwanderung erfuerderlech- D‘CGFP trëtt fir eng virsiichteg, schrëttweis Ausstigsstrategie an. Leedeglech déi Beräicher, déi gesellschaftlech a wirtschaftlech absolut essentiell sinn, eegnen sech fir eng zäitno Reprise vun den ekonomeschen Aktivitéiten. Alles anescht kënnt engem Himmelfaartskommando gläich. Ob d‘Entscheedung, dem Bausecteur de Virrang ze ginn, déi richteg war, bleift ofzewaarden.

Ausdrécklech warnt d‘CGFP virun enger verfréiter Ouverture vun de Schoulen. Fir d‘CGFP steet fest, datt d‘Reprise vum Unterrecht vu Virsiichtsmoossname begleet muss ginn. D‘Bereetschaft och an de Klassen den néidegen Ofstand sécherzestellen, ass zwar lueflech, mee onrealistesch: grad bei klenge Kanner loossen sech d‘Distanzreegelen, weder um Schoulhaff nach an de Crèchen anhalen. D‘CGFP begréisst, datt Schüler an Enseignanten, déi beispillsweis wéinst Virerkrankungen zur Risikogrupp gehéieren, vum Unterrecht solle fräigestallt ginn.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Cristina Gottardi / unsplash

Related topics CGFP, Covid19, Exit-Covid19, Exit-Strategie, Gewerkschaften, Regierung, Reprise
Next post Previous post