Nom Gas a Stroum explodéieren och d’Spritpräisser

D’Nouvelle vun der extreemer Präiserhéijung vun 38,4 Cent um Liter Diesel, 23,2 Cent um Liter Super 95 a 16,7 Cent pro Liter Super 98 huet gëschter un den Tankstelle fir laang Schlaangen gesuergt. Nodeems schonn d’Gas- an Stroumpräisser duerch de Plaffong schéissen, ass domat déi nächst Zoumuddung komm.

Datt Säitens der Lëtzebuerger Regierung keng Reaktioun kënnt, kritiséiert de Konsumenteschutz elo op dat iwwelst. Schonn Ufank Mäerz huet d’ULC betount, datt net genuch Moossnamen ergraff ginn fir d’Präisser vu Gas a Stroum ënner Kontroll ze halen.

An dësem Kader fuerdert d’ULC, datt d’Akzisen um Sprit a Masutt erofgesat ginn. Nieft der TVA muss de Konsument mëttlerweil och d’CO2-Steier bezuelen, déi eréischt am Januar erhéicht ginn ass. Dës kéint ee beispillsweis afréieren oder souguer temporär aussetzen. Och d’Erofschrauwe vun den Akzisen an der TVA, sou wéi d’Deckelung vun de Präisser fir Äerdgas a Stroum si gefuerdert Handlungen.

D’ULC rechent zudeem mat enger Inflatiounswell, déi an de kommende Méint d’Kafkraaft immens schwäche wäert. Net nëmme bei Famille mat klengem Akommes, mee och bei akommesstaark Menagen an Entreprisen këmmt de Portmonnie.

Heizou schreift de Konsumenteschutz: „Ëmmer méi Lëtzebuerger Menage falen ënnert den Existenzminimum. Villen dreet dat soziaalt Aus. Och d’Lëtzebuerger Betriber geroden duerch déi steeteg Verteuerung vun der Energie ëmmer méi an d’Bredouille, sou datt och hei mat weideren Ausfäll gerechent muss ginn.“

Annexe:

Communiqué vun der ULC

Dernières nouvelles