Search

You may also like

Reamenagement Pont Buchler: Déi nächst Phas fänkt un
International Neiegkeeten

Reamenagement Pont Buchler: Déi nächst Phas fänkt un

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt am Kader vum

Sektoriell Assisen: Rock – Pop- Elektro
International Neiegkeeten

Sektoriell Assisen: Rock – Pop- Elektro

An der Rockhal zu Esch-Belval huet d‘Kulturministesch Sam Tanson (déi

LSAP an déi Konservativ – Vu Roserei, iwwert Enttäuschung bis Freed war alles dobäi
International Neiegkeeten

LSAP an déi Konservativ – Vu Roserei, iwwert Enttäuschung bis Freed war alles dobäi

Et sinn zwou Parteien, déi sech an hire Wäerter an

Nashville am Noutstand

Nashville am Noutstand

No der Explosioun vun engem Camper zu Nashville ass de Katastrophenalarm ausgeléist ginn. Bei der Detonatioun sinn 3 Mënsche blesséiert ginn. D‘Police gëtt un och „mënschlech“ Iwwerreschter fonnt ze hunn a geet vun enger virsätzlecher Dot aus. De President Donald Trump ass iwwert de Virfall informéiert ginn.

An der US-Metropol Nashville (Tennessee) ass déi lescht Nuecht op der „2nd Avenue“ ee Camper (Wunnwon) explodéiert. Heibäi ass massive Schued entstanen, wéi een unhand de Biller vun der lokaler Tëlee WKRN erkenne konnt. Zum Gléck waren zum Zäitpunkt vun der Explosioun kaum e Mënsch op der Strooss, d‘Büroen an d‘Geschäfter hate längst zou. Iwwerall hunn Trëmmer geleeën.

D‘Police hat de Beräich séier wäitraimeg ofgespaart an déi 3 blesséiert Persoune konnten zäiteg an d‘Spideeler iwwerstallt. Beamte vum FBI si mat den Ermëttlunge befaasst ginn. De lokale Policechef, John Drake, huet an enger éischter Stellungnam erkläert, datt et zur Stonn nach onkloer ass, ob sech zur Dotzäit eng Persoun am Camper opgehalen huet. Et géif awer Hiweiser dorobber.

Nashville

Esou sinn mënschlech Iwwerreschter um Tatort fonnt ginn, déi elo vun den Autoritéiten ënnersicht ginn. De Stadpresident John Cooper huet Deeler vum Stadgebitt zum Noutstandsgebitt erkläert. De Spriecher vum Wäissen Haus, Judd Deere, huet bestätegt, datt de President Donald Trump iwwer de Virfall informéiert gouf. Eng weider Stellungnam vum Staatschef huet zur Stonn nach keng ginn.

De fréiere stellvertriedende FBI-Direkter, John McCabe, huet géintiwwer de Kolleege vu CNN zum Ausdrock bruecht, datt ee sech hei ëm een „Uschlag“ handele géif, bei deem méiglecherweis d‘Police dat eigentlecht Zil kéint gewiescht sinn. Zu Hannergrënn, oder Informatiounen déi esou eng Ausso géifen ënnermaueren, huet de John McCabe keng Angabe gemaach. Alles Spekulatioun?

Chaotesch Zoustänn

Duerch d‘Explosioun sinn Ariichtungen/Verdeelereenheete vum Telekommunikatiounskonzern AT&T geschiedegt ginn, wouduerch d‘Telefonsnetz ausgefall ass. D‘Autoritéiten hunn iwwer all méiglech Supporten d‘Populatioun iwwer nei Noutruffnummeren informéiert. D‘Leit goufen och gebueden doheem ze bleiwen an de betraffene Beräich ze meiden. Gefor besteet awer keng méi.

Laut den éischten Erkenntnisser, esou wéi se vum Spriecher vun der Police presentéiert goufen, huet et virun der Explosioun vum Camper eng Meldung iwwert ee Schosswiessel am Zentrum vun Nashville ginn. D‘Beamten déi sech op der Plaz ëmgekuckt hunn, hätten dunn de Sprengkommando ugefuerdert. Déi waren awer nach ënnerwee, wéi d‘Gefier op der 2nd Avenue explodéiert ass.

NashvilleEng weider Opnam vun enger Iwwerwaachungskamera, op där de Camper ze gesinn ass, wéi dësen d‘2nd Avenue eroffiert. (courtesy: Will Fleischmann)

D‘Police bestätegt, datt et Zeien huet déi ausgesot hunn, datt aus dem Camper eraus, selwer iwwert ee Lautsprecher virun der Explosioun gewarnt gi wier. Eng Stëmm soll gesot hunn, datt bannent enger Véierelsstonn eng Bomm explodéiere géif. Dës Opnam, déi vu lokale Sender ofgespillt gouf, huet Minuttelaang zur Evakuéierung vum gréisseren Ëmfeld opgefuerdert. Dat ass wat gewosst ass.

Bis ewell hu weder d‘Autoritéiten nach soss offiziell Quelle vun engem „terroristeschen“ Uschlag geschwat. D‘Police huet Biller vum Camper verëffentlecht a sicht aktuell no méiglechen Zeien, déi Angaben zum Gefier, sengem Chauffer an/oder Besëtzer maache kënnen. D‘Haaptstad vum Tennessee zielt eng 700.000 Awunner a gëllt als Epizenter vun der amerikanescher Country-Musek.

mat indymedia/atl

Foto: Unhand dësem Bild, datt d‘Police vun Nashville Moies no der Explosioun gemaach huet, ass ze erkennen, datt et sech bei dësem Virfall net ëm een Accident ka gehandelt hunn. © MNPD

Related topics Camper, Explosioun, FBI, Nashville, Tennessee, USA
Next post Previous post