EU-Parlament: Autorerechter, Zäitëmstellung an Ofgas-Reguléierung
Wochelaang huet d‘Reform vun den Autorerechter an der EU d‘Gemidder
Wochelaang huet d‘Reform vun den Autorerechter an der EU d‘Gemidder
De Minister fir Immigratioun an Asyl, Jean Asselborn (LSAP), wëll
No engem villverspriechende Joresufank, huet de Wuesstem um Versécherungssecteur am
Duerch d‘Explosioun an der Chemiesfabrik Iqoxe, déi an der petrochemescher Industriezon zu Tarragona (Katalounien) geleeën ass, si mindestens een Doudegen an aacht deels schwéier Blesséierter ze bekloen. Eng Persoun gëtt zur Stonn nach vermësst.
Vun de Rettungsdéngschter zu Tarragona heescht et, datt eng Persoun verstuerwen ass, wéi ee Gebai duerch d‘Explosioun a sech zesummegefall ass. De katalaneschen Inneminister huet via Twitter d‘Zuel vun de Blesséierte confirméiert. An der Fabrick vun Iqoxe, gëtt Ethylenoxid – e Bestanddeel vu Botzmëttel – hiergestallt. D‘Accident huet sech kuerz virun 19 Auer zougedroen.
Als Virsiichtsmoossnam hat d‘Regionalregierung no der Explosioun viru méigleche Gefore gewarnt wëll sech geféierlech Dämp hätten entwéckele kënnen. Den Zivilschutz konnt hei awer Entwarnung verkënnegen, woubäi d‘Awunner vun dräi klenge Viruerter vun Tarragona gebuede goufen, net sech net am Fräien opzehalen an d‘Fënsteren zouzeloossen. Eng éischter „preventiv“ Moossnam.
Beim Briefing an der Nuecht ass sech nach emol iwwert den Ëmfang vun der Explosioun ënnerhale ginn a wéi eng Moossname fir de Moie mussen ergraff ginn. © Bombers Cat
D‘Pompjeeën, déi séier op der Plaz waren, haten d‘Feier no gutt enger Stonn an der Gitt, an déi 30 Mann konnten eng Ausbreedung verhënneren. Déi spuenesch Entreprise Iqoxe ass ee Spezialist an der Hierstellung vun Ethylenoxid, Glycol a dären Derivater. Iqoxe produzéiert all Joer bis zu 140.000 Tonne vun dësem héichentzündleche Produkt. Gréisser Virfäll bei Iqoxe sinn net bekannt.
mat indymedia/bcn
Foto: © Bombers Cat