Tennis: De Karatsev a senger Blos – an den Osaka war presséiert
Den Aslan Karatsev huet säi Mäerchen zu Melbourne weidergefouert. An
Den Aslan Karatsev huet säi Mäerchen zu Melbourne weidergefouert. An
No engem optrëtträiche Summer eng erfollegräicher EP, an enger gutt
„Mir schaffen all universell a brénge verschidde Stiler mat“ erkläert d’Sue Scarano, Kënschtlerin am neie Kollektiv. Esou stinn bei dëser Ausstellung hir Fotoe a Composings mat ënnerschiddlechste Motiver, den Opname vum Bob Gillen an den Zeechnunge vum Malou Mathieu vis-à-vis. Op zwou Etage an der „Galerie op der Kap“ dierf den agespillten Trio seng kreativ Oder der Ëffentlechkeet weisen.

D’Sue Scarano ass schonn laang am artistesche Beräich aktiv, woubäi et ufanks éischter d’Musek war, déi d’Lëtzebuergerin passionéiert huet. D’Retusch vu Fotoen an de geüübten Ëmgang mat Photoshop a Co hunn d’Artistin laang beschäftegt, ier si schliisslech virun 2 Joer selwer d’Kamera an de Grapp geholl huet.
An der Galerie mierkt ee schnell, datt besonnesch beléifte Motiver Landschaften, mat der bloer a gëllener Stonn, déi sougenannte Lighttrails an Lost Places sinn. Déi beschten Iddien kommen hir dobäi um fréie Moien, erkläert d’Sue, wouduerch schliisslech och d’Composings, déi um zweete Stack ze fanne sinn, entstoe konnten.
Wa si Urban Exploring – kuerz Urbex – mécht a mat der Kamera duerch verloosse Gebaier leeft, ass geleeëntlech och d’Malou Mathieu dobäi, allerdéngs net mam Fotoapparat, mee mat Stëft a Block. Als Member vun den Urban Sketchers vu Lëtzebuerg hält si d’Zeene viru sech duerch d’Mole fest. Dobäi muss et oft schnell goen erkläert d’Malou mat engem Grinsen: „Wann d’Sécherheetsleit een an esou verloossene Gebaier erwëschen, ass et als éischt emol e komeschen Ubléck, datt ech e Block dobäi hunn, an net wéi déi Meescht eng Kamera.“
Als Urban Sketcher fënnt ee si awer och gär an der Stad Lëtzebuerg oder der Ëmgéigend erëm, wou si mat Tënt, Aquarell, Marker a wat hir grad tëscht d’Fanger kritt Motiver wéi de Mudam, de Fëschmaart oder och d’Philharmonie op Pabeier bréngt. Iwwert den Urban Sketching wëll si déi néideg Fäegkeeten kréien, fir am Beräich vum Airbrush fräi Hand schaffen ze kënnen. E puer éischt Ablécker dovunner kritt een um zweete Stack: D’Symbol vu Kënzeg, de Fräsch ass duergestallt.
Last but not least hu mir de Bob Gillen, dee beweist, datt bei der Fotografie e gutt A fir d’Motiv essentiell ass. Wärend sengem Studium huet hie seng Kenntnisser an der Fotografie duerch ee Cours verbessert an duerno 20 Joer an enger Agence fir Reklamme geschafft. Bei senge Wierker hëlt hien eis mat op eng Rees duerch säin Alldag, dee mat vill Spontanitéit a Gléck fir déi richteg Kompositioun anhir geet.
Hie wielt gären emol aner Perspektiven, woubäi Dir als Visiteur bei där enger oder anerer Opnamen méi genee hikucke sollt. Fält Iech eppes op? Sief et an der Stad, vun Doheem aus oder och an der Natur, de Bob stellt d’Welt op d’Kopp oder notzt d’Reflektiounen an de Fënsterscheiwen als Stilelement. Dobäi si seng Wierker an e puer Serien opgedeelt.
D’Expo Art Confessions ass an der „Galerie op der Kap“ zu Capellen (70, Route d’Arlon) ze fannen. Den Entrée ass gratis, duerch d’Pandemie dierfen allerdéngs just 10 Leit gläichzäiteg dobanne sinn. Weider Informatioune fannt Dir HEI.
Billergalerie © Shari Pleimelding/moien.lu