Expo „Hannert den Zuelen“: D’Affer vum Femizid

Gëschter gouf „Derrière les chiffres“ am Stater Bierger Zenter ageweit. Dobäi geet et ëm déi weiblech Affer vu Femizid, déi net nëmmen als Zuel an enger Statistik sollen weiderliewen, mee och als Mënsch mat engem Numm, enger Identitéit a villen Talenter.

Gewise ginn schwaarz-wäiss Portraiten vu Fraen, déi opgrond vun hirem Geschlecht brutal ëmbruecht gi sinn. Dobäi ass et d’Kënschtlerin Fanny Vella aus Lyon, déi sech ëm déi beréierend Illustratioune gekëmmert huet. D’Zil ass et der grousser Ëffentlechkeet ze weisen, datt net all Affer vu Gewalt sech Doheem verstoppt a mat Angscht op déi nächst Schléi waart.

„Et sinn och Fraen déi am Grupp Samschdes Owes erausginn, laachen, Witzer maachen, gären an de Kino ginn, danzen, perfekt Lasagne kachen oder deenen d’Patisserie net geléngt, déi gären hiert Haus dekoréieren, Delegéierte vun de Schüler hiren Eltere sinn, haart schwätzen, heiansdo kräischen, chaotesch sinn, déi liewen. Oder gelieft hunn“, ënnersträicht d’Fanny Vella.

D’Expo stellt en Hommage u si duer, se weist Mënschen déi Talenter, Hobbyen, Frënn a Famill haten. Se kuckt „hannert d’Zuelen“.

Derrière les chiffres
© VDL Fotothéik / Tom Jungbluth

Bei der Aweiung vu gëschter ware Representante vum Stater Gemengen- a Schäfferot, sou wéi Isabelle Marchal, Chargée de Direction vum Foyer Sichem vun der Fondation Maison de la Porte Ouverte dobäi.

Nach bis den 11. Februar 2022 ass et méiglech d’Ausstellung am Bierger-Zenter ze besichen.

Dernières nouvelles