Search

You may also like

Kuerzgeschichten aus dem Liewe vum Pipo Peng
Kultur Neiegkeeten

Kuerzgeschichten aus dem Liewe vum Pipo Peng

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff
Kultur Neiegkeeten

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff

D‘Eisebunn an de Nohaltegkeetsministère hunn um Méindeg, mat grousse wieder

D’Staater Émaischen – Wann d’Péckvillercher nees zwitscheren dierfen!
Kultur Neiegkeeten

D’Staater Émaischen – Wann d’Péckvillercher nees zwitscheren dierfen!

Wéi all Joer annoncéiert d’Ouschterfest nees den traditionelle Mart vun

Expo „Ruhe! Von hier aus weiter“ am Prabbeli zu Wolz

Expo „Ruhe! Von hier aus weiter“ am Prabbeli zu Wolz

Vum 26. Mäerz bis de 7. Mee gräift de Kollektiv cooperationsART d’Froen nom „wéi geet et weider?“ a „wou geet et hin?“ an artistescher Aart a Weis op. Bei der Expo „Ruhe! Von hier aus weiter“ ginn et Wierker an den ënnerschiddlechsten Techniken a Stiler vum Jean-Pierre Ries, dem Johny Schortgen a Fernand Stumpf ze gesinn.

Déi dräi Kënschtler kéinten net méi ënnerschiddlech sinn. Si verbënnt déi jorelaang Zesummenaarbecht bei cooperationsART – engem interdisziplinären an inklusiven Netzwierk vu Lëtzebuerg, dat den Artisten Gestaltungsfräiraim a Plattforme bitt.

An dësem Kader ass och dës Ausstellung entstanen, op déi de Prabbeli zu Wolz an de Kollektiv häerzlech invitéieren.

Weider Informatiounen

Dës Expo fënnt am Prabbeli zu Wolz (8 Gruberbeerig) statt. Den Entrée ass gratis an et ass op vun Dënschdes bis Sonndes, jeeweils vu 14:00 bis 20:00 Auer.

Opgrond vun der sanitärer Lag musse sech interesséiert Persounen am viraus vun hirer Visitt umellen. Dat kann een iwwert www.prabbeli.lu maachen.

Mir wënsche vill Spaass!

Related topics Ausstellung, cooperationsArt, Expo, Fernand Stumpf, Jean-Pierre Ries, Johny Schortgen, Prabbeli, Ruhe! Von hier aus weiter, Wolz
Next post Previous post