USA: Monsanto op der Bänk vun den Ugekloten
E Méindeg huet sech Monsanto bei engem Prozess zu San
E Méindeg huet sech Monsanto bei engem Prozess zu San
Wann den Donald Trump nei, méi restriktiv Migratiounsregeleunge fuerdert, nodeems
Um haitege Moie sinn LL.MM. de Kinnek an d’Kinnigin vun
De klengen Textilmusée an der Annexe vun der aler Gare gräift d’Geschicht vun der Textilindustrie op, déi bis an d’Mëttelalter zeréckgeet. De Jang de Blannen hat de Wiewer an der Fiels de grousse Privileeg ginn mat ganzer véier Wiefstill, amplaz just mat engem ze schaffen. Vun der Handaarbecht bis hin zu de mechanesche Wiefstill, déi duerch d’Erfindung vun der Dampmaschinn am industriellen Zäitalter opkomm sinn, léiert de Visiteur schonn elo d’Geschicht méi no kennen.
Ma, elo erweidert sech de Musée a wäert ab dem éischten Trimester 2022 sengem Numm „D’Textilindustrie vu Gëschter a vun Haut“ all Éier maachen. Opgedeelt an zwee Deeler gëtt zum engen weiderhin dat industriellt Ierwen an d’Geschicht vun der Textilproduktioun zu Lëtzebuerg ervirgehuewen. Zum aneren geet et ëm d’Aktualitéit: De responsabele Konsum vun der Moud, verschiddenst Léisungen an Alternativen fir eng ekonomesch, sozial an ëmwelttechnesch Sensibiliséierung ze fërderen, stinn am Virdergrond.
Méiglech mécht dat d’Konventioun, déi vun der Direktioun vun der Kooperatioun fir Entwécklung an humanitären Aarbechten vum Baussen- an Europaministère, der ONG Fairtrade Lëtzebuerg an der Gemeng Fiels ënnerschriwwe gouf. Hëllef bei der Realisatioun kréie si vun den Amis du vieux Larochette an dem Georges Ginter, Proprietär vun den industrielle Maschinnen, déi fréier an der Textilproduktion an der Fiels genotzt gi sinn.