Search

You may also like

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun huet net iwwerzeegt
Kultur Neiegkeeten

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun huet net iwwerzeegt

No engem Joer „Donald Trump“, dat sech ervirgedoen huet duerch

geek
Twitter-Mataarbechter ware saudesch Spiounen
Kultur Neiegkeeten

Twitter-Mataarbechter ware saudesch Spiounen

Den US-Justizministère beschëllegt zwee fréier Twitter-Mataarbechter fir de Kont vu

Avrox SA… den Albdram geet weider
Kultur Neiegkeeten

Avrox SA… den Albdram geet weider

Am Kontext vun enger Belscher Soumissioun fir Gesiichtsmasken, hat eng

D’Expo waasserFest vum ARC Kënschtlerkrees

Nach bis den 21. Februar 2021 stellen d’Artiste vum ARC Kënschtlerkrees hir neiste Wierker am Espace H2O, engem fréiere Waasserspäicher, zu Uewerkuer aus. Passend dozou hunn d’Organisateuren den Numm waasserFest erausgesicht – Ma, d’Kënschtler waren awer fräi sech en Thema ze sichen.

Esou erlieft een an dësem vu sech aus scho speziellen an originellen Gebai, dat nach bis an d’Joren 1995-96 bis zu 2000 m³ Waasser gespäichert huet, eng immens villsäiteg Expo. Vun der Molerei an der Fotografie, iwwert Skulpturen, hin zur Installatioun sinn déi verschiddenst Materialie genotzt ginn.

Wärend déi eng Artisten dobäi hirem Stil trei bliwwe sinn, huet ee gemierkt, dass aner Kënschtler aus hirem gewinnten Ëmfeld ausgebrach hunn an „d’Zäit vum Stëllstand“ dofir genotzt hunn, aner Techniken auszeprobéieren a sech nei auszeliewen. A genee doduerch iwwerzeegt d’waasserFest.

Zousätzlech zu den ausgestallte Konschtwierker wäert e Sonndeg, de 7. Februar 2021 um 15:00 Auer den Mark Theis seng Performance mam Titel „Artgressif“ proposéieren. Heibäi geet et ëm eng Reflexioun zur Esthetiséierung vun der Gewalt an der Konscht an an de Medien.

Duerch déi sanitär Lag an déi domat verbonne Restriktioune gëtt all Visiteur gebiede sech am viraus iwwert info@stadhaus.lu unzemellen. D’Plaze si limitéiert.

Folgend Kënschtler stellen aus: Dan Altmann, Rol Backendorf, Florin Balaban, François Bësch, Chantal Blasen, Dany Blasen, Valentino Camarda, Gérard Claude, Raphael Gindt, Josiane Ginter, Fabienne Goerens, Henri Goergen, Anne-Marie Grimler, Margot Guion, Juliette Haag, Michel Heisbourg, Marina Herber, Florence Hoffmann, Assy Jans, Nora Juhasz, Serge Koch, Astrid Koemptgen, Katarzyna Kot-Bach, Nathalie Lesure, Patricia Lippert & Pascale Behrens, Daniel Mac Lloyd, Jill Michels, Josée Olinger-Proth, Menny Olinger, Eva Paulin, Isabelle Pirson, Stella Radicati, Margot Reding-Schroeder, Milly Richter, Reiny Rizzi-Gruhlke, Ingo Schandeler, Jessica Theis, Günseli Toker, Stephanie Uhres, Mario Vandivinit, Zahrée Veerman, Bob Gillen (Invité), Roger Koemptgen † (Invité)a Caroline Martin (Invité).

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Expo waasserFest vum ARC Kënschtlerkrees © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics ARC Kënschtlerkrees, Artgressif, Ausstellung, Expo, Fabienne Goerens, H2O, Margot Reding-Schroeder, Uewerkuer, Waasserfest
Next post Previous post