Wall of Geoparks: Eist geologescht Ierwen a seng Bedeitung fir Mënsch an Natur

Hutt Dir Iech och scho mol gefrot, wéi déi faszinéierend Fielsformatiounen an der Regioun vum Mëllerdall entstane sinn? Eng Äntwert dorop an eng Villzuel u spannenden Informatiounen an Erklärungen zur Geschicht vum eenzegaartege Gesteen, der Diversitéit vum weltwäite geologeschen Ierwen an d’Bedeitung fir de Mënsch an d’Natur kritt een ab elo duerch déi interaktiv Dauerausstellung „Wall of Geoparks“ zu Beefort gebueden.

Nach virun 200 Millioune Joren war d’Regioun vum Mieresspiggel bedeckt, d’Fielsen goufen dunn lues a lues vun de Flëss an der Schwéierkraaft geformt. Och haut nach kënnen esou Verännerungen an der Natur beobacht ginn. Ma, dës Expo hëlt eis mat op eng Zäitrees dohin, wou nach alles ënnert dem Waasser louch, an den Trias an de Jura, hin zur aler Steenzäit.

Wall of Stones
© NGPM

Mir entdecken, wéi de Mënsch ugefaangen huet d’Land ze notzen an domat och seng Ëmwelt ze veränneren. An och haut nach huet de Mëllerdall eng grouss geologesch, natierlech a kulturell Bedeitung. Erkläert gëtt beispillsweis wat et mam internationalen Netzwierk vun den UNESCO Global Geoparks op sech huet a wéi wichteg d’Regioun fir eist Grond- an Drénkwaasser ass.

Freeë kënne sech kleng a grouss Naturwëssenschaftler, Fans vun der Geologie an generell interesséiert Persoune dobäi nach iwwert d’Steng aus aller Welt, déi zu Beefort presentéiert ginn. Mat dobäi sinn Exponater aus China, Norwegen, Kanada, Portugal, Tschechien a ville méi. Hei gëtt op alle Fall bewisen, datt Steng op kee Fall langweileg sinn!

Wall of Stones
© NGPM

Nëtzlech Informatiounen

D’Expo „Wall of Geoparks“ huet an der Woch op vun 10 bis 17 Auer, Weekend op Ufro just fir Gruppen. Ab Ouschteren wäert da generell och all Weekend op sinn. Ze fannen ass d’Ausstellung op der Adress 6, rue de l’auberge zu Beefort, Entrée kascht se keng.

Och Féierunge si méiglech, dës mussen am viraus ugefrot ginn. Pedagogescht Material gëtt aktuell ausgeschafft.

En Tipp vum Natur- & Geopark Mëllerdall: Verbannt d’Visitt vun der Expo mat der Wanderung iwwert de Léierpad „Mensch & Stein“. De Wee streckt sech iwwert 6 km a liwwert spannend Informatiounen fir Kleng a Grouss. Säin Auto kann een um Parking vun der Adress 60, Grand Rue ofstellen. Et sief drop higewisen, datt den Tour net fir Kannerkutschen gëeegent ass.

Dernières nouvelles