Search

You may also like

Wa Puppelcher iwwerméisseg kräischen
Neiegkeeten

Wa Puppelcher iwwerméisseg kräischen

Beim Scrollen duerch déi sozial Medie sinn ech op den

Daumen gedréckt fir den Natur- & Geopark Mëllerdall!
Neiegkeeten

Daumen gedréckt fir den Natur- & Geopark Mëllerdall!

Enn Mee 2020 huet den Natur- & Geopark Mëllerdall voller

Kautebaach: Persounenzuch kollidéiert mat Camion
Neiegkeeten

Kautebaach: Persounenzuch kollidéiert mat Camion

Gëschter Mëtteg kuerz viru 14:00 Auer koum et bei enger

Expovin statt Springbreak

Privatwënzer, Domaines Vinsmoselle a Wäinhandel hu beschloss net um Springbreak deelzehuelen

Expovin statt Springbreak

Wie bei sengem Besuch op der Springbreak (14-17. Mäerz) no Lëtzebuerger Wënzer sicht, wäert dat wuel vergiewens maachen. Esouwuel d‘Privatwënzer, wéi d‘Domaines Vinsmoselle an de Wäinhandel hunn entscheet dëst Joer net un dësem wuel populären Event deelzehuelen. Eng Decisioun déi net liichtfankeg geholl, a gutt iwwerluecht ginn ass. Hei ass et de Kalenner Schold.

Tatsächlech fënnt d‘Editioun 2019 vum Springbreak esou fréi statt wéi nach ni, an dat kënnt de Wënzer esouguer net entgéint, well de Produktiounsoflaf zu dësem Termäin nach net gänzlech ofgeschloss ass. Dat ass schued fir de Springbreak, mee wichteg fir de Konsument, deen en Urecht op déi bescht méiglech Qualitéit a sengem Glas huet. Wäin a Cremant soll es awer zerwéiert ginn.

Wien also net op säi Pättche Wäin oder Cremant verzichte wëll, muss dat och net. Eise „Miseler Wéngchen“ gëtt um Stand „Luxembourg for Tourism“ (8D22) op enger gemeinsamer Plattform vun de Muselwënzer glécklech. Wann et allerdéngs schonn eng „Schlupp“ aus dem 2018er Joergang soll sinn, muss de Wäikenner a interesséierten Amateur eppes gedëllegen. Bis Enn Abrëll ongeféier…

Den 2018er gëtt ee genësserleche Joergang

Bezunn op Qualitéit a Geschmaach, sollte mir eis awer schonn emol drop virbereeden, datt eppes Fantastesches op eis duer kënnt. Si soen et, an mir gleewen et: „Harmonesch Wäiner mat Potential“ heescht säitens de Privatwënzer, den Domaines Vinsmoselle an dem Wäinhandel. Si hunn et och eppes méi liicht esou eng Behaaptung opzestellen, si hunn all Dag d‘Nues am Faass stiechen.

Ervirzehiewen ass, datt déi ausseruerdentlech Mostgwiichter der Hief dat allerlescht ofverlaangt hunn, firwat et bis an de Februar eran, an ville Fässer „gespruddelt“ huet. Déi éischt Kontroll vun der Qualitéit huet folglech eréischt ugefaangen, an do dierf net gehetzt ginn. Do wou dann och elo schonn „geschmaacht“ ginn, steet fest: „ei wat e Genoss!“ Gutt dat muss eis net gegleeft ginn…

Am beschten ass et souwisou sech ëmmer perséinlech ze iwwerzeegen. Dofir sollt een de roude Stëft zécken an am Kalenner de 26. Abrëll ukräizen, da fënnt den 89. Maacher Wäimoart statt. Sollt engem dat ongeleeë kommen, ass een agelueden sech vum 15. bis den 19. Mee op der Expovin ëmzekucken (LuxExpo – The Box). Mir hunn eis fir béides ugemellt a kënnen et kaum erwaarden.

Related topics Domaines Vinsmoselle, Expovin, Maacher Wäimoart, Privatwënzer, Springbreak
Next post Previous post