Search

You may also like

Eng komplex Sproochesituatioun bréngt grouss Erausfuerderunge mat sech
Neiegkeeten Sport

Eng komplex Sproochesituatioun bréngt grouss Erausfuerderunge mat sech

Villes, wat ee gëschter bei der Presentatioun vun der Etüd

Editorial: De Sujet verpasst? Net sécher…
Neiegkeeten Sport

Editorial: De Sujet verpasst? Net sécher…

Wéi de Premierminister gëschter seng Ried geschmass huet, war Gedold

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère
Neiegkeeten Sport

Eng Regierung mat 50 % Fraen an ee staarke Gläichstellungsministère

Den CID – Fraen an Gender ass schockéiert iwwert déi

F91 Diddeleng: fir de Gattuso keng Iwwerraschung

F91 Diddeleng: fir de Gattuso keng Iwwerraschung

Nodeems sech den F91 verdéngt fir d‘Gruppephas vun der Europaleague qualifizéiert huet, muss sech de Veräin aus Diddeleng haut um 21 Auer um Stadion Josy Barthel, beméien, den Italiener vum AC Milan, dat och ze bestätegen.

E Mëttwoch haten dann och béid Veräiner zu der Pressekonferenz virun der Renconter agelueden. D‘Gäscht aus Italien haten heivir den Trainer Gennaro Gattuso, de Verdeedeger Ignazio Abate an de Pressespriecher Fabio Guadagnini opgestallt, a fir den F91 Diddeleng, sinn ugetrueden den Trainer Dino Toppmüller an de Verdeedeger Jerry Prempeh.

Gattuso

Den Trainer vum AC Milan, Gennaro Gattuso, huet dem F91 säi Respekt ausgdréckt. © Martine de Lagardère/moien.lu

De Gennaro Gattuso huet direkt däitlech gemaach, datt si mat groussem Respekt géint den F91 untrieden. „Eng Equippe wéi Diddeleng déi mat Verdéngscht géint CFR Cluj, a Legia Warschau gewonnen huet, verdéngt eise Respekt“, betount den Trainer vum AC Milan.

„Kloer ass, datt eng Mannschaft wéi den AC Milan, géint den F91 Diddeleng alles ze verléieren huet. Ech hu meng Spiller dann och gewarnt. Si mussen dëst Spill vun Ufank un, mat der richteger Loscht a Motivatioun ugoen“. De Gattuso huet net verheemlecht, datt um Pabeier, säin Team am Virdeel ass. Mee „den Terrain huet seng eege Sprooch“.

Gattuso

Fir de Verdeedeger vum AC Milan, Ignazio Abate, gëtt et haut den Owend kee Spadséiergank. © Martine de Lagardère/moien.lu

Gefrot, firwat den AC Milan, net, wéi esou eppes eigentlech üblech ass, den Terrain besicht an zu Lëtzebuerg trainéiert huet, huet den Trainer mat: „Säit ech Trainer zu Mailand sinn, ass dat mäi Choix, Taktesch trainéiere mir doheem. Well ech wëll net datt d‘Leit eis vum Luuchtepotto an vum Balcon ausspionéieren“.

De Gennaro Gattuso huet eng „Rotatioun“ an der Equipp virgeholl, an dofir verschidde Spiller, wéi beispillsweis de Bonaventura, Suso, Musacchio, an Rodriguez, doheem gelooss. Hien huet dann och kloer gemaach, datt, och wann si seelen op esou engem klengen Terrain spillen, dat net als Alibi kann duerchgoen, sollt et um Enn „schlecht“ ausgoen.

Gattuso

Den Trainer vum F91 Diddeleng, Dino Toppmüller, geet et elo an der Gruppephas vun der Europaleague drëms, sech net ze blaméieren an Erfahrungen ze sammelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Den Dino Toppmüller, op d‘Fro „wéi dir de Numm AC Milan héieren hutt, wéi eng Erënnerunge sinn iech do duerch de Kapp gaangen?“: „95/96, wéi de Roberto Baggio zum AC Milan gewiesselt huet, hunn ech dat och gemaach. An do sinn ech dann och Fan ginn, an et muss een sech just déi ganz Rei u renomméierte Spiller ukucken, wéi Kaka, Pirlo, Nesta, Seedorf, a Maldini (fir nëmmen déi ze nennen) fir festzestellen, datt den AC Milan e Club vun engem anere Planéit ass“.

Fir den Diddelenger Trainer ass et allerdéngs elo an der Gruppephas, net méi vir sech geckeg maachen ze loossen. Den AC Milan gëtt dofir net ënnerschätzt, eis Taktik huet sech ewell bezuelt gemaach, vill ännere mécht wéineg Sënn. Mir musse gutt Motivéiert an selbstbewosst optrieden, woubäi et awer och esou ass, datt alles wat eis elo nach geschitt, nëmme Bonus ass.

Gattuso

Een deen sech haut immens op de Match freet ass de Jerry Prempeh, Verdeedeger vum F91 Diddeleng. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wéi de Verdeedger Jerry Prempeh, de Géigner gesäit, huet hien eis schonn am perséinlechen Interview erzielt.

Foto: (v.l.n.r.) D‘Leit vum AC Milan: de Pressespriecher Fabio Guadagnini, de Verdeedeger Ignazio Abate an den Trainer Gennaro Gattuso. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics AC Milan, Dino Toppmüller, Europa League, F91, Gennaro Gattuso
Next post Previous post