Search

You may also like

Dat grousst Geschäft
Kultur Neiegkeeten

Dat grousst Geschäft

Dem Donald Trump steet den Toupet zu Bierg an de

Fondatioun Hëllef fir d’Natur: E Beitrag fir de Mangrovebësch
Kultur Neiegkeeten

Fondatioun Hëllef fir d’Natur: E Beitrag fir de Mangrovebësch

D’Fondatioun Hëllef fir d’Natur vun natur&ëmwelt ënnerstëtzt d’Organisatioun Friendship Luxembourg

Géigewand um Fluchhafen
Kultur Neiegkeeten

Géigewand um Fluchhafen

Mat engem eechthaft ze erwaardende Streik vun de Kontroller vun

Fabula Rasa: Déi anert Aart a Weis Geschichten ze erzielen

Fabula Rasa: Déi anert Aart a Weis Geschichten ze erzielen

Mam Programm vum Fabula Rasa versetzen d’Rotondes de Spectateur an d’Welt vun den Erzielungen. Mat onerwaarten Akzenter, déi fir eng gewëss Modernitéit suergen, ginn eigentlech bekannt Geschichten esou erzielt, datt se ganz nei erlieft ginn.

Vill Märercher, Erzielungen a Geschichten si quasi schonn esou al wéi d’Welt, wéi mir se kennen. Dat muss awer net heeschen, datt een net och haut nach déi verschidden Aventuren nach emol erliewen, Dreem an aner Universen opliewen a soumat eng gutt Dosis un Iwwerraschungen erliewe kann. Aus dësem Grond Organiséieren d’Rotondes vum 22. Januar bis den 2. Februar de Fabula Rasa, woubäi ee räichhaltege Programm a siwe Kapitele fir Spannung suergt. Fënnef Spektakelen, ee Kreatifatelier an eng Bicherausstellung waarden op Iech!

Fabula Rasa

Erzielen: Wärend d’Spektakele vum Fabula Rasa d’Traditioun vum Geschichten-Erziele respektéieren, gëtt eis eege Reflexioun ugedriwwen. Wat war also als éischt do: d’Ee oder d’Hong? (Ei, ei, ei?!) Ginn et Monsteren ënnert dem Bett? (Geschichten gegen die Angst) Kënne Bibliothéiken op alles eng Äntwert ginn? (Library of Sounds &Noises)

Kucken: Bicher sinn déi ideal Plattform fir d’Deelen an d’Verbreede vu Geschichten, déi de Lieser ëmmer nees iwwerraschen. D’Expo AB – Augmented Books presentéiert eng Kollektioun vu Jugendbicher, déi beweisen, datt de Pabeier de Kampf géint de Web nach laang net verluer huet. Bei der neier Generatioun u Bicher verdeelen sech d’Erzielungen nämlech iwwert déi virtuell Welt an, ganz almoudesch, iwwert richteg Bicher.

De Programm

Spektakelen

  • EI, EI, EI?!
    Objetstheater, Rotondes (LU)
    Donneschdes, den 23. Januar um 15:00 Auer; Samschdes, den 25. Januar um 15:00 a 17:00 Auer

    Wat koum fir d’éischt: d’Ee oder d’Hong? Op dës Fro versicht dat klengt Clémentine eng Äntwert ze fannen. Säi Virwëtz bréngt hatt an der Bomi hiren Héngerstall. Do entdeckt hatt den Henry, d’Chica Loca, d’Elizabeth an d’Madeleine, mee net d’Äntwert op seng Fro. E poetescht an humorvollt Stéck iwwert d’Wichtegkeet, am Liewe Froen ze stellen.
    Ab 8 Joer, Dauer vu 35 Minutte plus Gespréich, op Lëtzebuergesch
    Weider Informatioune ginn et HEI. 

    Fabula Rasa

    Ei, ei, ei?! © Mike Zenari


  • DIMANCHE
    Objet- a Poppentheater, Cie Chaliwaté & Cie Focus (BE)
    Freides, de 24. Januar a Samschdes, de 25. Januar jeeweils um 19:00 AuerMir sinn an der noer Zukunft…D’Mënschheet huet et verpasst bei der Acceleratioun vum Klimawandel d’Handbrems ze zéien an vir Ännerung ze suergen. Et ass d’Enn vun der bekannter Welt. Déi ënnerschiddlechst Figuren probéieren hiren Alldag weider ze liewen a mussen dobäi mat absurden Ereegnisser kloer kommen.
    Ab 10 Joer, Dauer vun 80 Minutten, ouni Sprooch
    Weider Informatioune ginn et HEI.

     

    Fabula Rasa

    Dimanche © Virginie Meigné


  • GESCHICHTEN GÉINT D’ANGSCHT
    Figurentheater, Lutz Großmann (DE)
    Samschdes, de 25. Januar um 18:00 Auer, Sonndes; Sonndes, den 26. Januar um 11:00 a 14:00 Auer

    Jiddweree vun eis huet Angscht virun iergendeppes oder irgendengem – ob een elo wëll oder net. De Lutz Großmann péckt säin Angschtschaf aus a mécht dräi geheimnisvoll Tierräng op, an deenen hie ganz ënnerschiddlech Ängschte verstoppt hält. Mat Figuren an Objeten erzielt hien, wéi ee groussen a klengen Ängschte mat Courage begéine kann.
    Vu 6 bis 8 Joer, Dauer vu 45 Minutten, an däitscher Sprooch
    Weider Informatioune ginn et HEI. 

    Fabula Rasa

    Geschichten géint d’Angscht © Bernhard Großmann


  • FILLES & SOIE
    Theater, Séverine Coulon (FR)
    Sonndes, den 26. Januar um 15:00 a 17:00 Auer

    „Sief léif an hal de Mond, maach dach een Effort fir schéin ze sinn!“ Ass dat wierklech d’Realitéit, déi d’Anne erwaart? Mat dësem Theater ginn d’Schéinheetsdiktater, déi de Fraen ëmmer opgedréckt ginn, bei Säit geluecht.
    Ab 6 Joer, Dauer vu 40 Minutten, a franséischer Sprooch
    Weider Informatioune ginn et HEI. 

    Fabula Rasa

    Filles & Soie © Jean Henry


  • LIBRARY OF SOUNDS & NOISES
    Theater- a Klangperformance, Enric Monfort & José Antonio Portillo (NL/ES)
    Freides, den 31. Januar um 19:00 Auer; Samschdes, den 1. Februar um 11:00 an 19:00 Auer; Sonndes, den 2. Februar um 11:00 an 18:00 AuerAn enger Zäit, an där Erliefnisräim verschwannen a Pabeierbicher duerch digital Versiounen ersetzt ginn, betount de Kënschtler/Zeenograf José Antonio Portillo an de Museker Enric Monfort mat grousser Poesie d’Bedeitung vun der Bibliothéik als Treffpunkt, Plaz vun der Erënnerung a Symbol fir eise Wonsch den Universum ze verstoen.
    Ab 6 Joer, keng Sproochkenntnisser noutwenneg
    Weider Informatioune ginn et HEI.

     

    Fabula Rasa

    Library of sounds & noises © Alex Rademakers

Labo

  • DEN HONGER KENNT BEIM ERZIELEN
    Kulinareschen Erzielatelier
    Sonndes, den 26. Januar vun 10:00 bis 16:00 Auer

    Dëschelchen deck dech! Mee wat kennt op den Teller? Zesumme mat der Kächin Isabelle Weisen an der Theaterpädagogin Julie Kieffer tauchen d’Participants an d’Welt vun de Märercher an interpretéieren dës nei, an zwar kulinaresch.
    Vun 8 bis 11 Joer, op Lëtzebuergescher Sprooch
    Weider Informatioune ginn et HEI.

Expo

  • AB – AUGMENTED BOOKS
    Ausstellung vun erweiderte Kannerbicher, gratis Entrée
    Vernissage e Mëttwoch, den 22. Januar um 18:00 Auer, Expo vun Donneschdeg, den 23. Januar bis Sonndes, den 2. Februar

    Als Bréck tëscht dem Realen an dem Virtuellen, tëscht dem Imaginären an dem Konkrete bidden d’Bicher vun AB- Augmented Books mat hire méigleche Liesaarten eng Panoplie un onendleche Geschichten. Gefaalt, geschnidden, beliicht, vergréissert, verwandelen sech d’Bicher ënnert den Hänn vun de Lieser a ginn den doran enthalene Geschichten eng Méidimensionalitéit.
    Weider Informatioune ginn et HEI.
     

    Fabula Rasa

    Expo AB – Augmented Books © J. Stephen Cheng


Related topics AB -Augmented Books, Bicher, Den Honger kennt beim Erzielen, Dimanche, Ei ei ei?!, Erzielen, Fabula Rasa, Files & Soie, Geschichten, Geschichten géint d'Angscht, Library of Sounds & Noises, Liesen, Rotondes, Spektakel
Next post Previous post