Fabula Rasa: Spektakelen, Labos an Ausstellungen erwaarden Iech

Och an dësem Joer hëlt eis Fabula Rasa duerch eng ganz Rei Evenementer mat op eng Rees duerch d’Geschichten an d’Aart a Weis, wéi dës erzielt ginn. Um Programm stinn nieft der Expo AB / Augmented Books véier Atelieren a fënnef Spektakelen.

AB / Augmented Books 3.0
Expo
Vu Samschdes, den 22. Januar bis Sonndes, de 6. Februar 2022
Bei dëser 3. Editioun gi literaresch Wierker mat erweiderter Realitéit kombinéiert, wat eis esou d’Bicher nei erliewen léist.
Weider Informatioune kritt Dir HEI

Emma K
Theater vum Cie Bombyx
Samschdes, den 22. Januar um 19 Auer a Sonndes, den 23. Januar um 17 Auer
Däitsch Erzielunge gi mat Live-Musek a visueller Konscht verbonnen.
Weider Informatioune kritt Dir HEI

Der Mann, der eine Blume sein wollte
Erzielung mat Live-Musek a bildender Konscht vun der Compagnie toit végétal
Donneschdes, de 27. Januar um 15 Auer; Samschdes, den 29. Januar um 15 a 17 Auer; Sonndes, den 30. Januar um 11 a 15 Auer
Erzielt gëtt d’Geschicht iwwert d’Identitéitssich a Selbstbestëmmung, déi Kanner an Erwuessener encouragéiere sollt, hir Dreem a Wënsch ze verwierklechen.
Weider Informatioune kritt Dir HEI

Les folles
Marionette mat Musek vum Cie La Mue/tte
Freides den 28. Januar um 19 Auer; Samschdes, den 29. Januar um 19 Auer; Méindes, den 31. Januar um 19 Auer
An engem poeteschen Triptychon gëtt en donkelt Kapitel vun der argentinescher Geschicht opgegraff an en Hommage un Frae vun der Organisatioun „Madres de Plaza de Mayo“, deenen hir Kanner ënnert „ongekläerte Grënn“ wärend der Militärdiktatur tëscht 1976 an 1983 verschwonne sinn, geriicht.
Weider Informatioune ginn et HEI

TuttUno
Pabeier- a Schattentheater mat Musek vum Cie Tra le Mani
Donneschdes, den 3. Februar um 15 Auer; Samschdes, de 5. Februar um 17 Auer; Sonndes, de 6. Februar um 17 Auer
Mat Pabeier, Schieter a ville Faarwe gëtt dem jonke Publikum d’Schéinheet vun eisem Planéit gewisen.
Weider Informatioune ginn et HEI

Solitudes
Maskentheater vum Kulunka Teatro
Freides, de 4. Februar um 19 Auer a Samschdes, de 5. Februar um 19 Auer
Ouni Wieder, just mat Masken gëtt voller Humor a Mënschlechkeet d’Geschicht vun enger Famill erzielt, där hir Memberen duerch e Mangel u Kommunikatioun ëmmer méi vereinsamen.
Weider Informatioune ginn et HEI

Zousätzlech dozou liest de Yorick Schmit e Sonndeg, den 31. Januar um 11 Auer aus dem Buch „D’Sandmeedchen“ vir. Dëst Wierk gouf bei AB / Augmented Books 2.0 eng éischte Kéier presentéiert.

Dobäi kënnt de Labo Utopo e Samschdeg, den 22. Januar 2022, den Atelier fir e Méli-mélo ze kreéieren um Samschdeg, den 22. Januar a Sonndeg, den 23. Januar, de Märerchersdag – Mythenmaschinn 2.0 e Sonndeg, de 6. Februar, sou wéi de musikaleschen Atelier „All Deckel fënnt säin Deckel“ e Sonndeg, de 6. Februar.

Dernières nouvelles