Search

You may also like

„The Passenger“ vum Fadi Jafaar: Eng Expo vun de Géigesätz
Fail Meenung

„The Passenger“ vum Fadi Jafaar: Eng Expo vun de Géigesätz

Et ass eng Ausstellung déi ënnert d’Haut geet a wou

Grönland-Deal geplatzt, wéi wier et mat engem Stéck Belsch?
Fail Meenung

Grönland-Deal geplatzt, wéi wier et mat engem Stéck Belsch?

Fir déi eng ass et Humor, fir déi aner en

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?
Fail Meenung

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?

Bei der ëffentlecher Chambersitzung vun haut huet de Premier- a

dislike

Editorial: Facebook ass net däi Stammdësch

Editorial: Facebook ass net däi Stammdësch

D’sozial Medien hunn sech längst etabléiert. Laut TNS Ilres benotzen zu Lëtzebuerg 79% vun der Persounen eleng Facebook. Dat sinn enorm vill Leit. An do treffen déi ënnerschiddlechst Perspektiven a Meenungen openeen.

Villäicht am beschte kann een dat bei de Kommentaren op de Facebook Säite vun de verschiddene Medienhaiser gesinn. A laang genuch goufen des Kommentarberäicher wéi e rechtsfräie Raum behandelt.

Bei eisen däitschen Nopere gouf elo e Gesetz gestëmmt, wat et méi einfach maache soll, Haasskommentaren ze läschen. Et hëlt dobäi d’Plattformbedreiwere méi an d’Verantwortung. Kritiker fäerten, datt dëst zu enger Beschneidung vun der Meenungsfräiheet féiert. Schliisslech wieren dann d’Plattformbedreiwere wesentlech méi virsiichteg, wann et dorëm geet, wat se op hire Netzwierker zouloossen, a wat net. Well et si jo och si, déi d’Strofe fäerte mussen.

Keng nei Fro, sécherlech. Säit den Internet existéiert gëtt iwwerluecht, wéi e reguléiert kann a soll ginn. Wann et net grad eng Fro vun der Technik war, war et eng vum Gewëssen. Ass et wierklech ze vertrieden, Hasskommentaren einfach esou do stoen ze loossen? Am Numm vun der Meenungsfräiheet?

Mir kënnt do ëmmer d’Fro vum produktiven Notzen. Facebook huet nach viru Joren dorobber higewisen, einfach op „Counterspeech“ ze setzen. Dobäi wieren d’Notzer quasi an der Flicht, duerch d’Géigekommentéieren d’Hasskommentaren ze neutraliséieren. Datt dat net besonnesch gutt fonctionnéiert, ergëtt sech deels duerch déi virulent Natur vun Haasskommentaren.

Et kennt dann och dobäi, datt vill Säite grad vun dëse Kommentare liewen. Fake News Plattforme wësse ganz genau, wéi se hir Geschichten dréie mussen, vir eng méiglechst aggressiv Reaktioun vun hirem Publikum ze kréien. Deen léisst sech liicht a schnell oppeitschen, an da komme vill Reaktiounen a Kommentaren. Wouropper den Algorithmus vu Facebook reagéiert, an dee Post da méi wäit stréie wäert.

En hausgemaachte Problem also? Elo musse Mënschen selwer erugoen, an den Algorithmus entgéint wierken. Facebook huet méi Leit agestallt, fir alleguerten d’Reklammatiounen duerch ze kucken. Well d’Benotzer si jo selwer ugehalen, schlecht Inhalter ze mellen. An där Perspektiv sinn och Aktioune wéi déi vu Memes bis zum Weltraumkommunismus ze gesinn, déi tatsächlech Erfolleg haten, an eng berüchtegt rietsextrem Fake News Säit geläscht krut huet. No enger laanger, a koordinéiert Aktioun, versteet sech.

Esou Aktioune sinn d’Ausnam. An jo, et sollt dem Plattformbedreiwer seng Flicht sinn, aktiv géint esou Kommentare virzegoen. Well ënnert dem Stréch muss een einfach drun erënneren, datt des Haasskommentare keng Meenungen duerstellen. Et si verbal Attacke géint Persounen, Bevölkerungsgruppen, Reliounen an dergläichen. Dat kann een net einfach esou do stoe loossen.

Facebook ass ebe kee Stammdësch, mee éischter eng ëffentlech Plaz. Eng, wou jiddereen liese kann, wat deen anere schreift.

Related topics Facebook, Haasskommentaren
Next post Previous post