Search

You may also like

La rencontre des Entrepreneurs – d’Groussherzogin a Frankräich
International Neiegkeeten

La rencontre des Entrepreneurs – d’Groussherzogin a Frankräich

Um Donneschdeg, den 29. August ass S.A.R. d’Groussherzogin als internationalen

Wéi a firwat fonctionnéieren Shared Spacen?
International Neiegkeeten

Wéi a firwat fonctionnéieren Shared Spacen?

Och zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer mi oft dovunner geschwat: sougenannten

Kanner-Jugendtelefon: Fräiwëlleger gesicht!
International Neiegkeeten

Kanner-Jugendtelefon: Fräiwëlleger gesicht!

Fir eng nei Ausbildungsgrupp sicht de Kanner-Jugendtelefon elo no fräiwëllege

Facebook erkläert Australien wien d‘Netz beherrscht

Facebook erkläert Australien wien d‘Netz beherrscht

Laut dem australesche Finanzminister Josh Frydenberg, huet et tëscht der australescher Regierung an dem amerikaneschen Internet-Déngschtleeschter Facebook, am Sträit ëm d‘Mediegesetz esou eppes wéi en „Accord“ ginn. D‘Spär fir d‘Noriichtesäiten, soll dann elo och an den nächsten Deeg nees opgehuewe ginn.

D‘Amerikaner hate leschten Donneschdeg kuerzerhand den Australier demonstréiert, wat een alles am Netz ustelle kann, wann een d‘Hiewelen an d‘Weiche kontrolléiert. Et waren dann och net eleng d‘Medie betraff. Och d‘Rettungsdéngschter an d‘Katastrophenhëllef, konnten hir Warnungen net méi iwwert de „soziale“ Reseau diffuséieren. Dat awer schéngen d‘Leit vun hinnen ze erwaarden.

Et geet sech also net op, einfach ze soen: „Mir sichen nei Kommunikatiounsweeër, déi net opgrond enger Decisioun, déi zéngdausende Kilometer wäit ewech geholl ka ginn, iwwer Nuecht ofgeschnidde kënne ginn“. Woubäi een den Australier als engleschsproocheg Natioun zougetraut hätt, datt wéinstens si gewosst hätten, datt de „social“ am Netz, ee Synonym vu „community“ ass.

Den Dissens dréit sech natierlech och hei grondsätzlech emol ëm de Goss. Mam neie Mediegesetz, wollt déi australesch Regierung bewierken, datt Facebook, Google, Twitter an änlech Prestatairen, wann se publizisteschen Inhalt vu Medie verbreeden, dësen eng ugemoossen Entschiedegung dofir iwwerweisen. Am Fong gutt geduecht, sollen dach d‘Sue vun de Publicitéite besser verdeelt ginn.

An Amerika, zu Menlo Park, ass d‘Stëmmung entspaant, eng gréisser Stellungnam zum „Deal“ mat der Regierung vun „Down Under“ gouf et net. Esou heescht et kuerz a knapp: „Mir sinn zefridden, datt déi australesch Regierung sech eisen Argumenter a Virschléi net verschloss huet. Mir konnten esou och Zousécherunge maachen“. Dat heescht an der Iwwersetzung, Facebook huet gewonnen.

Dëse „Virfall“ dee vill nees wäerten „ma dat ass dach wäit ewech, wat geet et eis un?“ ewech leeën, sollt endlech de Legislateuren an Europa, mee och zu Lëtzebuerg ze denke ginn. Eigentlech och de Leit selwer, well déi „Muecht“ déi Facebook sech och mam australeschen „Arrangement“ uneegent, wierkt sech „beaflossend“ natierlech och op d‘Inhalter aus. Et „wielt“ een net, et kritt ee „virgesat“.

mat indymedia/syd/sfo

Illustratioun: © Linda Hinton / unsplash

Related topics Australien, Facebook, Google, Mark Zuckerberg, Online-Mediegesetz, Robert Murdoch
Next post Previous post