Search

You may also like

Eng nei Ekipp fir d’CSV International ze dynamiséieren
International Neiegkeeten

Eng nei Ekipp fir d’CSV International ze dynamiséieren

Den nationale Comité vun der CSV International huet den 1.

Fir d’Rechter an de Schutz vu Prostituéierten
International Neiegkeeten

Fir d’Rechter an de Schutz vu Prostituéierten

Iwwer 100 Prostituéiert hunn um 2. Juni 1975 d’Kierch Saint-Nizier

Dëse Lëtzebuergesch-Quiz ass näischt fir Ufänger!
International Neiegkeeten

Dëse Lëtzebuergesch-Quiz ass näischt fir Ufänger!

[onionbuzz quiz-id=118][/onionbuzz] Dës Woch hu mer eis d’Zäit geholl, an

Facebook wëll Holocaust-Leegner keng Plattform bidden

No jorelaangem Gestreits solle Posts déi den Holocaust verharmlosen oder verleegne geblockt ginn

Facebook wëll Holocaust-Leegner keng Plattform bidden

Och déi sakrosankt „Fräi Meenung“ – déi den Amerikaner bis ewell „helleg“ war – huet Grenzen a Facebook wëll elo ee kloert Zeeche géint déi global Zounam vum Antisemitismus setzen. Nodeems dat soziaalt Netzwierk jorelaang dat „onméiglecht“ zougelooss huet, wëll et net méi zouloossen, datt op senge Säiten den Holocaust verleegent gëtt.

Et war de „Patron“ héchstperséinlech deen erkläert huet, datt him d‘Ofweie vu fräier Meenung an dem Schued duerch leegnen oder verharmlose vum Genozid un de Judden duerch de Faschismus, vill ze Schaffe gemaach hätt. Mee beim Bléck op den aktuellen Zoustand vun der Welt, hält de Mark Zuckerberg ee Verbuet fir déi richteg Entscheedung. Experten halen et fir längst iwwerfälleg.

Kréien elo d‘Faschisten an d‘Neonazien hir Konte gespaart? Net wierklech a virun allem net direkt. De Mark Zuckerberg huet och erkläert, datt een esou eng nei Reegel net iwwer Nuecht ëmsetze kann. Dat wier engersäits der Mass vun Inhalter – déi jo da géint déi nei Richtlinne verstoussen – geschëlt, mee och dem Fait, datt een déi zoustänneg Ekippe jo och emol schoule misst.

Et feelt nach u Prezisiounen

Net ze vergiessen, datt Facebook wuel och seng Systemer upasse muss. Déi konzentréieren sech jo den Ament nach op „plakeg Tatsaachen“. Wann awer bis alles „steet“, sollen d‘User, déi (op Facebook) no Informatiounen zur Shoah sichen, automatesch op offiziell Webinhalter weidergeleet ginn. Wat vu Facebook als „offiziell“ Webinhalter consideréiert gëtt, gouf nach net preziséiert.

D‘Moossnam selwer ass Deel vun der neier Strategie déi sech d‘Entreprise vergënnt huet, an bei där grondsätzlech emol drëms geet, Verschwierungstheorien a geziilt Desinformatioun am Kontext vun der US-Presidentschaftswahl ze bekämpfen. Nach virun zwee Joer hat de Mark Zuckerberg, dee jo selwer Judd ass, erkläert Beiträg vu Faschisten net grondsätzlech blockéieren ze wëllen.

Esou sinn dann och säitens Facebook, Posts an deenen den Holocaust verleegent oder verharmloost ginn ass, eenzeg an eleng an Däitschland (fir déi wou gemellt goufen) blockéiert ginn, well dat vum Gesetz hir esou gefuerdert ass. U Kritik géintiwwer Facebook a sengem „Chef“ huet et do wuel net gefeelt, mee d‘Amerikaner hunn sech ëmmer och d‘Meenungsfräiheet beruff. Elo ass Schluss…

mat indymedia/sfo

Illustratioun: Auschwitz a Polen: wat sech hei (an a villen anere Konzentratiounslager) zougedroen huet, ass net nëmme geschichtlech beluecht, mee vun den „Täter“ selwer akribesch dokumentéiert ginn. © Karsten Winegeart / unsplash

Related topics Antisemitismus, Facebook, Holocaust, Mark Zuckerberg, Shoah
Next post Previous post