Search

You may also like

What the Fakt – Dräi Deeg Summer a Léift um Monterey Pop Festival!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Dräi Deeg Summer a Léift um Monterey Pop Festival!

De Monterey Pop Festival a Kalifornien gëtt oft als Ufanks-Evenement

Karting: Kee Gléck fir d‘Zoe Knebler am franséische Championnat
International Neiegkeeten

Karting: Kee Gléck fir d‘Zoe Knebler am franséische Championnat

Déi eenzeg Lëtzebuergerin déi um „Championnat de France“ bei den

Joresbericht 2019: De LNS setzt säi Wee konsequent weider fort
International Neiegkeeten

Joresbericht 2019: De LNS setzt säi Wee konsequent weider fort

De Staatslabo (LNS) huet och am leschte Joer säi Wee vun

Facebook kritt juristesch Problemer wéinst sengem Gesiichtserkennungssystem

Facebook kritt juristesch Problemer wéinst sengem Gesiichtserkennungssystem

En amerikanesche Riichter huet um Méindeg eng Sammelklo (Class Action) géint Facebook als recevabel erkläert. Bei der Plainte gëtt Facebook beschëllegt illegal privat Date vun de Notzer gesammelt ze hunn, dat a Verbindung mat Programm deen agesat gëtt fir Gesiichter ze erkennen.

De Géigestand vum Sträit betrëfft eng Funktionalitéit déi Facebook 2010 agefouert hat. Hei huet e Programm bei Fotoen Nimm vu Notzer virgeschloen, déi de System op Fotoe wëll erkannt hunn, déi am Netzwierk verëffentlecht goufen. Duerno erlaabt en „Tool“ dem Programm automatesch d‘Leit op Fotoen ze erkennen déi am Reseau publizéiert ginn.

Facebook hat sech schonn 2016 mat engem Recours géint d‘Klo vun de Notzer aus dem Illinois zur Wier gesat, deen awer vum Riichter James Donato vu San Francisco zeréckgewise gi war. Dës Kéier huet de Riichter den Nol nach eppes weider ageschloen, an d‘Plainte als Sammelklo qualifizéiert. D‘Argumenter wiere staark genuch fir eng Resolutioun op kollektiver Basis ze huelen.

Vun der Sammelklo betraff, sinn all d‘Facebook-Notzer am Staat Illinois, fir déi Facebook Profiller – déi d‘geometresch Charakterzich vun hire Gesiichter – nom 7 Juni 2011 ugeluecht a gespäichert huet. D‘Geriicht huet awer refuséiert, datt mat der Plainte all d‘Notzer aus dem Bundesstaat Illinois abezu kënne ginn, déi op enger Foto am Netzwierk ze gesi sinn.

Facebook erkennt d‘Gesiicht net awer de Feeler

D‘Funktionalitéit déi hei a Fro gestallt gëtt, berout op engem Programm zur Gesiichtserkennung, deen all d‘Biller vum Netzwierk scannt, wou Persoune schonn identifizéiert goufen. Dat zum Zweck vun der Erstellung vu Profiller déi spezifesch geometresch Charaktere vum Gesiicht, déi vir all Individuum eenzegaarteg sinn.

An dës Profiller ginn uschléissend mat de neie Biller déi eropgeluede gi verglach, fir dann dem Notzer eng Identifizéierung virzeschloen. Fir d‘Plaignantë geschitt dat hannert dem Réck vun de Notzer. De Leader am „Social-Network“ Business erkennt de Feeler an d‘Suerge vun de Notzer natierlech net, firwat sech elo mat Hänn a Féiss gewiert gëtt.

„Mir kucken eis grad d‘Entscheedung un. Mir sinn allerdéngs och weiderhin der Usiicht, datt dës Affär net fundéiert ass, a mir wäerten eis och entspriechend zur Wier setzen“, heescht et säitens Facebook op d‘Fro vun der AFP.

Woubäi grad dëse Programm zur Gesiichtserkennung vu Facebook och an Europa ëmstridden ass. Hei haten sech d‘Notzer och erhuewen a sech beklot do géif an d‘Privatsphär agegraff. Facebook huet an Europa net op e Rechtssträit gewaart, mee 2012 de „Programm“ suspendéiert. E Fakt vun deem sech d‘Plaignanten erhoffen, datt e vum Geriicht consideréiert gëtt.

2018 schéngt fir Facebook net dat beschte Joer ginn. Säit Mëtt Mäerz stécht dem Mark Zuckerberg seng Entreprise an der Kris. De schlechten Ëmgang mat de perséinlechen Donnéeë vu senger „Clienten“ schéngt no der Affär „Cambridge Analytica“ erwisen. Virum US-Kongress hat sech de jonke Milliardär den 10. Abrëll missen erklären. Erklärungen hätt en och gären zu Bréissel.

mat AFP

Foto: De CEO a Grënner vu Facebook, Mark Zuckerberg, huet an der lescht vill Ursaachen e „laangt Gesiicht“ ze maachen. Dateschutz a Respekt virun der Privatsphär war, esou zumindest den Androck, bis ewell keng Prioritéit fir Facebook. © Saul Loeb/AFP

Related topics Dateschutz, Facebook, Mark Zuckerberg, Privatsphär
Next post Previous post