Search

You may also like

ECG: Atelieren als Integratiounshëllef
International Neiegkeeten WTF

ECG: Atelieren als Integratiounshëllef

D’Schüler vun der Integratiounsklass CLIJA aus dem ECG hunn hir

Salon du CAL: Vum 1. bis den 20. November am Tramsschapp
International Neiegkeeten WTF

Salon du CAL: Vum 1. bis den 20. November am Tramsschapp

Vum 1. bis den 20. November invitéiert de Lëtzebuerger Kënschtlerkrees

Ze vill Fräiheet an net genuch Eegeverantwortung
International Neiegkeeten WTF

Ze vill Fräiheet an net genuch Eegeverantwortung

Et war een eppes genervten Vizepremier dee sech de Moien

surprise

Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!

Fake News gi vu bausse gesteiert

Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!

Facebook spillt am politeschen Diskurs eng ëmmer gréisser Roll. Kee Wonner, datt do vill probéieren mat Geld hire Message un d’Leit ze bréngen. Mee Facebook huet elo e Rapport eraus bruecht, laut deene virun allem Russland probéiert, d’international Politik ze beaflossen. An am beschte gesäit een dat bei de Wahlen an den USA vum leschte Joer.

Alles wat fir Sträit suergt

Dobäi ass mëttlerweil kloer, datt net direkt e Kandidat oder eng Partei ënnerstëtzt ginn ass. Amplaz dovunner gouf ganz gezillt op Posts an Theme gesat, wou gewosst war, datt se zu vill Diskussioune féiere géifen: LGBT-Rechter, Waffegesetzer, Rassendiskriminatioun an Immigratioun. Insgesamt sollen dobäi 100.000$ vu Russland aus investéiert gi sinn – dëst och iwwert Fake-Konten a Säiten op Facebook. D‘Bedreiwer vum sozialen Netzwierk hu schonn annoncéiert, datt et Säiten, déi reegelméisseg Fake News verdreiwen, onméiglech gemaach kréien, dës als Reklammen ze schalten. Wann se trotzdem weider Fake News schalten, ginn se esou guer sou wäit, datt d‘Page blockéiert gëtt.

Wat ausgesäit, wéi organesch Interaktioun, ass gestallt

An engem méi ale Rapport, dee schonn am Abrëll eraus komm war, huet Facebook analyséiert, wéi dës Saachen am Detail ausgesinn. Esou gi Säiten a Konten kreéiert, fir Desinformatioun gezillt a Gruppen weider ze verdeelen. Wat ausgesäit, wéi organesch Interaktioun, ass gestallt. Dat kann dozou féieren, datt des Informatiounen duerch den Algorithmus vum soziale Netzwierk méi wäit verdeelt ginn, wéi anerer. En plus ginn des Inhalter vun authentesche Konte wouer geholl a gedeelt. Douduercher fënnt e weidert Verstreeën an eng vermeintlech Legitimiséierung statt.

Related topics EU, Facebook, Fake News, Russland, Sozial Netzwierker, USA
Next post Previous post