Search

You may also like

Wahlen am Afghanistan si Liewensgeféierlech
Meenung

Wahlen am Afghanistan si Liewensgeféierlech

Nodeems et e Samschdeg, wéinst Gewalt an Dysfonctionnementer, net allen

D‘USA geréieren d‘Covid19-Kris besser wéi de Recht vun der Welt
Meenung

D‘USA geréieren d‘Covid19-Kris besser wéi de Recht vun der Welt

Amerika, dat ass méi wéi eng Weltmuecht mat Atomwaffen an

EU: Elo awer e Kommissärsposte fir de Nicolas Schmit?
Meenung

EU: Elo awer e Kommissärsposte fir de Nicolas Schmit?

Eigentlech wollt déi nei EU-Kommissiounspresidentin eréischt um Mëttwoch déi ganz

Facebook opzesplécken wier net nëmme reaktionär, mee géing zu näischt féieren

E Kommentar

Facebook opzesplécken wier net nëmme reaktionär, mee géing zu näischt féieren

Ech hu keen Interesse, d’Optriede vum Mark Zuckerberg virum Europaparlament groussaarteg ze kommentéieren. Dat gëtt op villen anere Plazen scho gemaach, dat deels méi intelligent an ausféierlech, wéi ech et kéint. Eppes huet awer meng Opmierksamkeet krut, wat op anere Plazen e bësschen ënnergeet: de Begrëff vum Monopol, dee Facebook hätt, an deen et ze zerschloe gëllt.

Do komme Froen op: Wéi ee Monopol huet Facebook? E muss existéieren, soss géing een net haart doriwwer nodenken, en ze zerschloen. An enger Hisiicht ass et richteg, ze soen, datt Facebook e Monopol hätt: Duerch den Akaf vun Instagram a Whatsapp huet sech Facebook gewësse Konkurrenten einfach mol esou averleift. Mee géing do en Zerschloen hëllefen?

Vir vill Leit ass Facebook schlicht an ergräifend dat selwecht wéi den Internet – genau dat bréngt seng Problemer mat sech

Wuel éischter net. Sécher kéint ee Facebook zwéngen, sech vun dësen Acquisitiounen ze trennen. Mee wa Facebook duerno einfach hier eege Funktiounen als Ersatz entwéckelt, ass der Saach wéineg gedéngt. D’Notzer géingen dann eben op déi intern Funktiounen zeréck gräifen, anstatt e puer Apps ze benotzen. Et däerf een net vergiessen: Vir vill Leit gëtt Facebook net nëmmen zur “Place to be”, nee, vir vill Leit ass Facebook schlicht e Synonym fir den Internet.

Mee dat Geschwätz vun engem Zerschloen ass e Symptom dofir, datt een ze spéit ugefaangen huet ze reguléieren. Wat och en Zeechen dofir ass, datt een d’sozial Netzwierker – an digital Themen – ze spéit eescht geholl huet. Bis haut gëtt et gäre wéi eng Spillsaach gehandhaabt, obwuel hiren Afloss op d’Debattekultur an d’Demokratie net méi vun der Hand ze weise sinn. Dofir huet ënnert anerem Cambridge Analytica gesuergt.

E reegelrecht Zerschloe vu Facebook implizéiert och, datt et Alternative géif ginn. Déi sinn awer néierens ze fannen, oder héchstens duerch eng breet ugeluechten Diversifizéierung per Handaarbecht ze schafen. An Europa huet am digitale Beräich en enormen Innovatiounsdefizit, dee struktureller Natur ass. Et ënnerläit een am Digitalen enger Friemherrschaft, an dës Diskussiounen sinn Zeien dovunner.

Datt eppes beim Schauspill vu gëschter sollt eraus kommen, huet kaum een erwaart. Et war kloer, datt et e PR-Stunt fir Facebook a Zuckerberg géing ginn. Mee do gëtt de Problem wierklech net un der Wuerzel ugepaakt. Den Ursprong vum Problem ass net Facebook, mee eise Retard am digitale Beräich, souwuel wat Regulatioun wéi och Innovatioun ugeet. Deen ass nëmmen da wett ze maachen, wann sech genuch digitale Versteesdemech un der Spëtzt vun der EU ausmaache léisst. Dat léisst awer nach op sech waarden.

Next post Previous post