Search

You may also like

Museksquiz zu Lamadelaine: Äert Wëssen ass gefrot!
International Neiegkeeten WTF

Museksquiz zu Lamadelaine: Äert Wëssen ass gefrot!

Dir sidd e richtegen Expert wann et ëm Musek geet?

Erënnerung un de Streik vun 1942
International Neiegkeeten WTF

Erënnerung un de Streik vun 1942

Um Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel zu Wolz un

De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin
International Neiegkeeten WTF

De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin

Den Tourismusminister Lex Delles huet e Mëttwoch bei der Erëffnung

surprise

Weltwäite Chaos – Jugend geréit a Panik: Facebook war stonnelaang offline

Weltwäite Chaos – Jugend geréit a Panik: Facebook war stonnelaang offline

Wéinst engem (oder méi) Problem(er) hate vill Leit gëschter Mëtteg keen Zougrëff op Facebook, an och déi ugegliddert Déngschter Instagram a Messenger, waren dovunner betraff. Vill User an Europa haten am fréien Nomëtteg op d‘Situatioun higewisen, mee et war net kloer wéi vill Leit vun dësem onerwaarte „Bug“ betraff waren. Och Facebook konnt dozou gëschter näischt soen.

Op Nofro huet „Public Relations“ vu Facebook de Problem bestätegt an gesot, datt no der Ursaach gesicht géif ginn. Et ass eis dann och an Erënnerung geruff ginn, datt et bei online-Déngschter méi oft zu „Ausfäll“ kënnt, déi awer zäitlech esou kuerz sinn, datt se oftmools net registréiert ginn. Datt wéi hei, de Problem sech Stonnelaang hale kann, konnt aus dem Stand net erkläert ginn.

Fir eng Entreprise mat esou enger „Infrastruktur“ fir Milliarden User, ass esou e Virfall éischter ongewéinlech, firwat sech d‘Fro gestallt ginn ass, op vläicht Hacker oder soss „béis Jongen“ eppes mam Virfall ze dinn hunn. Et héiert een oft vu sougenannten DDOS-Ugrëff – dat ass wa Server mat esouvill Ufroen zougeballert ginn dat se d‘Läpper hänke loossen – mee dat wier hei ausgeschloss.

Facebook

An der tëscht – a well et och keng weider „Reklamatioune“ gëtt – schéngt awer nees bei Facebook, Instagram a Messenger nees alles wéi gewinnt ze lafen. Interessant awer, datt et zu dësem Virfall kee Shitstorm ginn huet, wéi dat soss eigentlech Usus ass. Dofir ass vill „gewitzelt“ ginn, Kanner wieren a Panik geroden a jugendlecher hätten nees an der Grupp matenaner an Echtzäit geschwat.

Ob Facebook an den nächsten Deeg eppes zur Ursaach soe wäert, wësse mir natierlech net. Et ass awer interessant, datt esou e Virfall, bei deem keen zu Schued komm ass, an vun deem déi meescht näischt matkritt hätten, wa mir (oder Kollegen) näischt doriwwer gesot hätten, eng Schlagzeil wäert ass. Et verdäitlecht nähmlech och, wéi wäit mir eis un dëse „Service“ gewinnt hunn…

Related topics Blackout, Facebook, Instagram, Messenger, Offline
Next post Previous post