US-Ausseminister mat neie Virwërf géint d‘WHO
Zanter dem Ausbroch vun der Covid19-Pandemie gëtt es sech d‘US-Regierung
Zanter dem Ausbroch vun der Covid19-Pandemie gëtt es sech d‘US-Regierung
No de reliéis motivéierten Uschléi am Frankräich an an Éisträich,
Während op alle Mäert d‘Suerge vun engem vum Trump provozéierten
Den onsënnege Projet vun enger Jughurtsfabrick zu Beetebuerg ass definitiv vum Dësch. Et ass och schonn e Compromis ënnerschriwwe fir datt den Terrain nees an d’Hänn vum Lëtzebuerger Staat zeréckgeet, fir dee Präis, deen och Fage dem Staat bezuelt hat. Dat war haut an der Chamber d’mëndlech Äntwert vum Wirtschaftsminister op zwou dréngend parlamentaresch Froe vun ADR an CSV zu deem Thema.
D’ADR war vun Ufank u géint de Projet Fage zu Beetebuerg. Dës Jughurtsfabrick mat hirem enorme Waasserverbrauch, der grousser Gefor fir d’Ëmwelt a besonnesch der Belaaschtung vun der Uelzecht an deem ze erwaardenden héije Camionsverkéier an enger Géigend wou scho vill Staue sinn, war als Projet einfach net zäitgeméiss. Fage ass domat d’Beispill, wéi Wuesstem net soll sinn: Manner nohalteg kann een net plangen.
Wat d‘Prozedur méi laang gedauert huet, wat och méi Onreegelméissegkeeten op den Dësch komm sinn. Dat goung vun engem verfréiten Terrainsverkaf un déi griichesch Firma, iwwer steierlech Montage mat fiktive Consultante bis zu Kanalisatiounsaarbechten, déi zu Laaschte vum Staat gaange wären, obwuel si de Kader vu renger Viabilisatioun gesprengt hätten. Wärend der Prozedur huet d‘ADR dës Ongereimtheeten a puer mol ugeschwat an d‘Regierung virun hir Verantwortung gestallt.
D‘ADR ass frou, datt deen onsënnege Projet vum Dësch ass an datt all Leit, déi sech dergéint ausgeschwat hunn, Recht kréien. D‘ADR erënnert awer och un dat falscht Spill vun deene Gréngen, déi der Firma op nationalem Plang d‘Geneemegungen am Ëmweltministère ausstellen an op lokalem Plang an der Gemeng Beetebuerg géint de Bau protestéieren, grad wéi d‘DP. An och den Diddelenger Buergermeeschter, dee sech fir de Projet ausgeschwat huet, huet heimat jo Onrecht kritt.
Matgedeelt vun der ADR – D‘Meenung vun de Parteie sinn hir eegen
Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash