Search

You may also like

Schwéiert Aarbechtsaccident zu Veianen
Neiegkeeten

Schwéiert Aarbechtsaccident zu Veianen

Béi Aarbechten un der Seelbunn zu Veianen, ass en Techniker

Däitschland: SPD virum Ofgrond
Neiegkeeten

Däitschland: SPD virum Ofgrond

Si hunn et schwéier d‘Sozialdemokraten an Däitschland, an d‘Sondagen si

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!
Neiegkeeten

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!

Fir net géint d’Wuelergoe vun den Déiere bei de laange

Mécht Fage International S.A. ee Réckzéier?

Mécht Fage International S.A. ee Réckzéier?

Laut de Kollege vu Bertelsmann/RTL soll sech Fage International S.A. vu sengem Projet, an der Industriezon zu Wolser eng Jughurtsfabrick ze bauen, elo zeréckgezunn hunn. Et hätt Verhandlunge mam Wirtschaftsministère ginn, déi um Dënschdegmueren net zu den erhoffte Resultater gefouert hunn. Säitens Fage International S.A., déi hir europäesch zentral hei am Land hunn, gouf et dozou géintiwwer moien.lu kee Kommentar.

Elo war an ass dee ganze Projet scho méi laang en Thema dee vun Ëmweltschutzorganisatiounen, de betraffene Gemengen an enger rei anerer Acteuren opgegraff gouf, dat dann allerdéngs éischter fir dësen ze condamnéieren. Am Fokus: de massive Waasserverbrauch; woubäi och Stroum wier es hei masseg benéidegt ginn. Wärend déi Diddelenger nach ee positiven Avis erausginn haten, waren déi Beetebuerger kloer dergéint.

Och an der Chamber war d‘Jughurtsfabrick méi wéi nëmmen eng Kéier ee Grond genuch fir zolidd verbal Ausenanersetzungen. Net ze vergiessen, datt elo och nach de Rechnungshaff de Kontrakt vun der Vente vum Terrain op de Leescht huelen. Alles vill a gutt Grënn, déi Fage hätt kënne motivéiere fir de Projet ad acta ze leeën. Woubäi déi wirtschaftlech Situatioun weltwäit den Ament och net grad roseg ass, an all Investitioun Risike verbiergt.

Et ass dann aus dem Wirtschaftsministère wou eng kloer Ausso zum Retrait gemaach gëtt. An der Mëttegstonn huet de Ministère matgedeelt, datt Fage si schonn de 17. September schrëftlech informéiert hätt de Projet falen ze loossen. Et goung heibäi ëm Investitiounen an Héicht vun 277 Milliounen Euro a ronn 300 Aarbechtsplazen. Um Méindeg hätten déi Verantwortlech vu Fage bei der Entrevue um Ministère hir Decisioun bekräftegt.

A Krisenzäite wëll keen investéieren

De Wirtschaftsminister Franz Fayot ass natierlech net glécklech doriwwer, datt dëse Projet elo soll bäigeluecht ginn. Et wiere jo awer, iwwer véier Joer, vill Ustrengungen ënnerholl ginn, fir déi ganz Prozeduren ze duerchlafen, déi un a fir sech d‘Realisatioun vum Projet zougelooss hätten. Fir de Minister ass et dann och esou, datt d‘Jughurtsfabrick e grousse Beitrag zur wirtschaftlecher Entwécklung an der Regioun hätt leeschte kënnen.

Hie gëtt dann och ze bedenken, datt esouwuel déi national wéi déi europäesch Industrie den Ament eng ganz schwiereg Phas ze iwwerstoen huet, där ee mat Determinatioun muss begéinen. D‘Erhale vun engem nationalen Industriegeflecht a seng Stäerkung duerch d‘Opstelle vun neien industriellen Aktivitéite wier immens wichteg. Natierlech mussen et därer sinn, déi Spëtzentechnologie asetzen a méiglechst wéineg d‘Ëmwelt belaaschten.

Gutt „Ëmwelt belaaschten“ ass och ëmmer eppes relativ, an do wier d‘Jughurtsfabrick schonn ee „big Player“ gewiescht, zumindest wann een sech op den neien nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung baséiert. Mee den Thema schéngt elo vum Dësch a wierklech rose mat eis sinn se bei Fage International S.A.och net, well de Wirtschaftsminister huet a senger Kommunikatioun wësse gedoen, datt de Staat säin Terrain zum bezuelte Präis zeréckkritt.

Illustratioun: © Crawford Joly / unsplash

Related topics Fage International S.A., Fränz Fayot, Industriezon Wolser, Jughurtsfabrick, Wirtschaftsministère
Next post Previous post