Search

You may also like

Vëlospist an Trottoir op der Passerelle „Al Bréck“gespaart
Neiegkeeten

Vëlospist an Trottoir op der Passerelle „Al Bréck“gespaart

Wëll et nach net genuch Chantieren zu Lëtzebuerg ginn kënnt

DEUX vum Filippo Meneghetti ass zeréck!
Neiegkeeten

DEUX vum Filippo Meneghetti ass zeréck!

Nom immense Succès bei de Spectateuren an op de Filmfestivaller

Keen Techtelmechtel bei McDonalds
Neiegkeeten

Keen Techtelmechtel bei McDonalds

Datt déi amerikanesch Konzerner zanter dem „#MeToo“ sech nei Reegelen

No der Faillite vu „Mille-Services Sàrl“

No der Faillite vu „Mille-Services Sàrl“

Den Elektriker-Betrib Mille-Services Sàrl ass den 22. Juni Offiziell als Faillite deklaréiert ginn, heescht et an engem Communiqué vum OGBL. D‘Gewerkschaft kënnegt dann och un, datt hei nach muss e Sozialplang verhandelt ginn, a wann et nëmmen eng reng prozedural Moossnam ass.

Déi wier noutwenneg iert d‘Salariéeën hir Fuerderunge kënne virleeën. Den OGBL begleet natierlech all déi Beschäftegt vun der Entreprise. Eng Entrevue mat de Betraffenen an dem Curateur haten d‘Vertrieder vum OGBL dëse 25. Juni. Et gëtt dann awer säitens dem OGBL bedauert, datt op e neits d‘Aarbechter iwwert d‘Faillite informéiert goufen, wéi dës gesprach ginn ass.

Eng grouss Maniff de 5. Juli

An dësem Zesummenhang kann dann och op déi grouss Maniff higewise ginn, déi den OGBL fir de Bausecteur de 5. Juli an der Stad organiséiert. D‘Gewerkschaft hat den 18. Mee de Conciliateur am Kontext vum Kollektivvertrag ugeruff, well sech d‘Patronat vehement weigert en Accord fir déi ronn 18.000 Beschäftegt aus dem Secteur ze fannen.

Hei gëtt dann och eng substantiell Erhéijung vun de Paie gefuerdert. Dat, während d‘Patronat sech beschwéiert, datt d‘Aarbechtskonditiounen an d‘Salairen am Secteur hinnen d‘Liewe schwéier maachen. Dofir wéilt d‘Patronat d‘Prime vum Joresenn opginn an zugläich d‘Aarbechtszäit méi flexibel gestalten. Alles Mesuren déi zum Nodeel vum Salariée sinn.

Méi schaffe fir manner ze verdéngen, dat mat engem erhéichte Risiko fir Gesondheet a Sécherheet vun den Aarbechter, ass eng rout Linn, déi net dierf iwwerschratt ginn. Esou ass et dann och den OGBL, als majoritär Gewerkschaft am Secteur (5 vu 6 Mandater an der Salariatskummer) deen sech entscheet huet de 5. Juli eng Manifestatioun an der Stad ze organiséieren.

Heibäi gëtt bedauert, datt den Appell fir eng gemeinsam Mobilisatioun net vun der minoritärer Gewerkschaft opgeholl ginn ass. Den OGBL bitt déi Verantwortlech sech dat nach emol duerch de Kapp goen ze loossen, an sech un dësem Mouvement ze bedeelegen. All d‘Salariéeë sinn agelueden un der Maniff deel ze huelen, an hei hir Determinatioun ze betounen.

Related topics Faillite, Kollektivvertrag, Manifestatioun, Mille-Services Sàrl, OGBL
Next post Previous post