Search

You may also like

Nei am Verlag Guy Binsfeld: De Schmunzel – Eng Ko(s)mech Geschicht
Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: De Schmunzel – Eng Ko(s)mech Geschicht

Dës nei Kannergeschicht vum Jhemp Hoscheit mat faarwegen Illustratioune vum

Bréissel: De François Bausch an d’NATO
Neiegkeeten

Bréissel: De François Bausch an d’NATO

Eise Verdeedegungsminister François Bausch huet déi vergaange Woch un der

Vereedegung vun 263 Professeren an Enseignanten
Neiegkeeten

Vereedegung vun 263 Professeren an Enseignanten

En Dënschdeg, den 9. Juli goufen 263 Léierpersoune vereedegt, déi

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“

Den OGBL informéiert, datt d‘Baufirma „Mir Bauen Sàrl“ an den Usträicher- a Fassadebetrib „My Construct Sàrl“ déi hire Siège op der selwechter Adress haten, den 19. Juli 2019 als Faillite deklaréiert goufen. Duerch dësen Ëmstand verléieren eng 30 Mataarbechter hir Schaff.

Den OGBL ass dann och schonn derbäi enger Rei Salariéeën déi noutwenneg administrativ Hëllef unzebidden, esou datt déi hir berechtegt Indemnitéiten erhalen. Sollten nach weider Aarbechter vun dëse Faillite betraff sinn, a brauchen Informatiounen zu hire Rechter an den Demarchen déi hei ze maache sinn, esou invitéiert den OGBL dës Persounen sech iwwert déi verschidden Agencë vu sengem Informatiounsdéngscht (Service Information, Conseil et Assistance) SICA mat hinnen a Verbindung ze setzen.

Matgedeelt vun der Gewerkschaft Bâtiment, Artisanat du Bâtiment et Constructions métalliques vum OGBL

Foto: Gerd Altmann/Pixabay

Related topics Faillite, Mir Bauen, My Construct, OGBL
Next post Previous post