Search

You may also like

Editorial: Wielen heescht sech selwer fannen
Neiegkeeten

Editorial: Wielen heescht sech selwer fannen

Okay, den Titel ass elo e bëssche Philosophesch. E bréngt

Déifferdeng: um Budget fir 2021 huet de Covid19 matgeschriwwen
Neiegkeeten

Déifferdeng: um Budget fir 2021 huet de Covid19 matgeschriwwen

Gemengebudgeten si generell och ëmmer eng Previsioun, quasi ee konkrete

Enquête zum Bezéiungsdrama vu Wolz geet op en Enn
Neiegkeeten

Enquête zum Bezéiungsdrama vu Wolz geet op en Enn

Et war den 2. Januar 15.10 Auer, wéi ee Mann

Fair Fashion Days – modern an ethesch duerch d’Welt vun der Moud!

Fair Fashion Days – modern an ethesch duerch d’Welt vun der Moud!

Wie scho méi laang no neier Kleedung an Accessoiren sicht an dobäi och nach eppes Guddes fir d’Produzente leeschte wëll, den sollt d’Fair Fashion Days 2019 net verpassen! Ee ganze Weekend invitéiert Fairtrade Lëtzebuerg Iech, zesumme mat Famill a Frënn op dëst moudescht Evenement an!

Vum 5. bis de 7. Abrëll kritt Dir an de Rotonden ee räichhaltege Programm a Saache Kleedung, Upcycling a bewosst Moud gebueden. Duerch d’Aarbecht vun diversen zertifizéierten Aussteller an Upcycling-Kreateure wäert och Dir feststellen, datt ethesch Kleedung méi ze bidden huet, wéi ee sech et virstellt.

Esou kann een nieft de verschiddene Stänn och nach Moudedéfilée kucken, u lëschtegen an interaktiven Ausstellungen deelhuelen oder och bei Workshops fir Jonk an Al matmaachen. A mat den attraktive Produiten an Offere gi souwuel d’Mënscherechter, wéi och d’Ëmwelt matenee verbonnen. Vir de klengen a groussen Honger gitt Dir mam „Street Food Festival“ am Haff vun de Rotonden och op kulinareschem Niveau beschtens versuergt.

Wéini a wou?

D’Fair Fashion Days sinn u folgenden Deeg an Zäiten:

  • de 5. Abrëll vun 11:00 bis 18:00 Auer
  • de 6. Abrëll vun 11:00 bis 20:00 Auer
  • de 7. Abrëll vun 12:00 bis 19:00 Auer

D’Evenement gëtt an de Rotondes zu Lëtzebuerg (Place des Rotondes, 2448 Lëtzebuerg) organiséiert. Fir weider Informatioune kënnt dir um Site vu Fairtrade Lëtzebuerg, op www.rethinkyourclothes.lu oder och op Facebook laanscht kucken. Mir wënsche vill Spaass!

Related topics Défilé, Ethesch Moud, Evenement, Fair Fashion Days, Fairtrade Lëtzebuerg, Rotondes
Next post Previous post