Groussen Undrang op der 35. Ettelbrécker Foire Agricole
De ganze Weekend iwwer war zu Ettelbréck eng méi Lass,
De ganze Weekend iwwer war zu Ettelbréck eng méi Lass,
En Dënschdeg huet d‘FEDIL (Federatioun vun den Industriellen zu Lëtzebuerg)
Gutt Schnéi an de Bierger ass am Dezember näischt Ongewéinleches,
Weltwäit ass d’Textilindustrie dee Secteur deen e risegen Deel zur Verknaschtung vun eisem Planéit bäidréit. Domat awer net genuch: Och d’Produzenten an Aarbechter ginn schlecht behandelt a bezuelt, ouni schlecht Gewësse gëtt géint d’Mënscherechter verstouss. D’Bewosstsinn, wéi een Impakt de Choix vum Kaf säitens dem Konsument kann hunn, ass nach net do. Ma, dat soll sech elo änneren.
Zënter e puer Joren heefe sech d’Diskussioune ronderëm d’Nohaltegkeet an och Lëtzebuerg ass nach a senger Entwécklung. Fir d’Opmierksamkeet op dëst Thema ze zéien, déi lokal Kreatioun ze fërderen a gläichzäiteg d’Produzenten an Aarbechter aus dem Textilsecteur an Asien an an Afrika ervirzehiewen, kann een op d’FairFashion Lab-Wierker gespaant sinn.
D’Magie besteet aus engem Läffel Kreativitéit, enger Grëtz Nohaltegkeet an engem Soupçon Engagement. Genee dofir loossen den Antoine Lesch, d’Lynn Cosyn, d’Cathy Thill, d’Mia Kinsch, den Alain Welter an d’Irina Moons hir Iddien op d’Moud fléissen.
Fir dat éischt Wierk huet sech e staarken Trio zesumme gedoen: Den Antoine Lesch presentéiert seng Mark SOIN an huet dofir mat de Serigraphe vu Wezenberg an dem Streetwear-Geschäft Stitch zesummegeschafft. Erauskoum eng Kap mat der Opschrëft „Prenez SOIN“ – wéi passend zur aktueller Situatioun!
Virbestelle kann een d’Stécker iwwert fairfashion.rethink.lu. Weider Informatioune fannt Dir op www.rethink.lu.