Search

You may also like

EU-Finanzsommet och um Sonndeg ouni Léisungen
International Neiegkeeten

EU-Finanzsommet och um Sonndeg ouni Léisungen

Am Sträit ëm de milliardeschwéiere Konjunkturpak zur Relance vun der

D‘Chamber am virtuelle Modus?
International Neiegkeeten

D‘Chamber am virtuelle Modus?

Wat maache wann Deputéierter sech mam Covid19 ustiechen an folgerichteg

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris
International Neiegkeeten

50 Millioune Konte geplëmmt: Facebook mat enger neier Kris

„Wéinst engem „Sécherheetslach“ goufe 50 Millioune Facebook-Konte piratéiert“, esou um

Treffen am Vatikan: De Poopst Franziskus bestäerkt Fairtrade International

Treffen am Vatikan: De Poopst Franziskus bestäerkt Fairtrade International

Dës Woch duerft eng Delegatioun vu Fairtrade International bei enger Privataudienz de Poopst Franziskus am Vatikan treffen. Och de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg war beim Treffe mam Pontifex Maximus dobäi an huet sech uschléissend mat engem enthusiasteschen, beréierten an immens freederfëllte Video un d’Ëffentlechkeet geriicht.

D’Vertrieder aus 5 Länner – dorënner nieft Lëtzebuerg och nach Italien, Däitschland, Afrika a Latäinamerika – hu sech mam Poopst Franziskus iwwert de weltwäite Commerce, de Klimawandel an den Impakt op den Handel duerch d’Pandemie ënnerhalen. Natierlech gouf an dësem Kader och d’Aarbechte vun der Organisatioun, déi fir méi gerecht Konditioune bei méi wéi 5 Millioune Produzenten, Aarbechter a Baueren aus vulnerabele Länner a Regiounen antrëtt, presentéiert, sou wéi och d’Zukunftsvisioun an déi nei Strategie fir déi nächst 5 Joer.

Voller Dankbarkeet fir dës aussergewéinlech Invitatioun gouf dem Hellege Papp vu Roum e Kaddo a Form vun engem Kuerf mat enger Selektioun u Fairtrade-zertifiéierte Produiten iwwerreecht.

E speziellt Present mat déiwem Symbolcharakter hat de Jean-Louis Zeien dobäi: D’Fairtrade-zertifiéiert Stéck Gold, dat am Kader vum 175. Gebuertsdag zur Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg vun der Zentralbank realiséiert ginn ass, ass net nëmmen e Sammlerstéck mee och en Zeeche vun d’Onofhängegkeet. Esou gëtt de Minnenaarbechter a Gemeinschaften am Peru Hëllef gebueden, fir géint d’Aarmut unzekämpfen.

E leschte wichtege Message dierf allerdéngs net vergiess ginn: Hannert all Produit verstoppt sech e Produzent an/oder Aarbechter, dee Respekt a gerecht Konditioune verdéngt, a genee dofir kämpft d’Organisatioun weltwäit.

Ervirgehuewen huet de President vu Fairtrade Lëtzebuerg, datt de Poopst d’Organisatioun a senger Aarbecht bestäerkt huet a si zum Weidermaachen encouragéiert. Dobäi huet hien d’Bild vun de Beien genotzt, déi vun enger Blumm zur Nächster fléien, an de Message virundroe sollen.

Weider Informatiounen a Videoen vun der Delegatioun fannt Dir op fairtrade.lu.

Opmaacherbild: © Vatican Media

Related topics Fairen Handel, Fairtrade International, Fairtrade Lëtzebuerg, Gerechtegkeet, Jean-Louis Zeien, Poopst Franziskus, Privataudienz, Roum, Zukunftsvisioun
Next post Previous post