Search

You may also like

Besuch a Polen: Mir spillen all eng Roll am Kampf géint Diskriminatioun
International Neiegkeeten

Besuch a Polen: Mir spillen all eng Roll am Kampf géint Diskriminatioun

Um zweeten Dag vu senger Rees a Polen huet de

Joresdag vun der Befreiung vun Auschwitz: Zu Lëtzebuerg gëtt en Accord ënnerschriwwen
International Neiegkeeten

Joresdag vun der Befreiung vun Auschwitz: Zu Lëtzebuerg gëtt en Accord ënnerschriwwen

D’Lëtzebuerger Regierung an déi jüddesch Gemeinschaft wäerten um 27. Januar

What the Fakt: Virun 208 Joer war dat éischt Oktoberfest zu München
International Neiegkeeten

What the Fakt: Virun 208 Joer war dat éischt Oktoberfest zu München

Den Oktober ass bekannt dofir, datt mir am Dirndl an,

Fairtrade Lëtzebuerg: Fir Transparenz bei Firmen, déi mat Konfliktmineralie schaffen

Fairtrade Lëtzebuerg: Fir Transparenz bei Firmen, déi mat Konfliktmineralie schaffen

Wéi Fairtrade Lëtzebuerg matdeelt solle verschidde Memberstaaten d’EU-Reglementatioun zur responsabeler Versuergung vun de sougenannten 3TG-Konfliktmineralien – also Zënn, Tantal, Wolfram a Gold – ofschwäche wëllen, andeems een d’Lëschte mat den Entreprisë verstoppt. Déi 4 opgezielt Mineralie sinn an eisen Handyen, wéi och a villen aneren Hightech-Produiten ze fannen, suergen awer a ville Regioune fir Konflikter duerch illegalen Handel.

Aktuell ass d’Lëtzebuerger Regierung mat de Preparatioune vum europäesche Reglement zu de Konfliktmineralien (EU 2017/821), eng vun de konkrete Moossname vum nationalen Aktiounsplang zu de Prinzipie fir Entreprisen a Mënscherechter, beschäftegt. Elo rifft Fairtrade Lëtzebuerg d’Regierung op an dësem Kontext Positioun ze bezeien an all Joer eng komplett Lëscht vun den nationalen Entreprisen an Importateuren, déi dem europäesche Reglement ënnerleien, ze verëffentlechen. Momentan schéngt et, wéi wann 20 Lëtzebuerger Entreprisë concernéiert wieren.

Konfliktmineralien

© Commission Justice et Paix

Ee bluddegt Geschäft

Vun Handy bis Computer enthalen hautdesdaags zuelräich Alldagsproduiten 3TG Konfliktmineralien. Dohannert verstoppt sech eng wéineg bekannt Realitéit: D’Fërderung an den Handel sinn leider oft mat Konflikter a Verstéiss géint d’Mënscherechter, wéi beispillsweis Sklaverei, Kanneraarbecht, Folter, Vergewaltegung. Kee Wonner also, datt d’Konfliktmineralien och nach bluttbehaft Mineralie genannt ginn.

Fir den Däiwelskrees tëscht Handel a Finanzement ze briechen, hunn d’Europadeputéiert am Joer 2017 een Accord getraff, an deem obligatoresch Kontrolle fir d’Importateure vun Zënn, Tantal, Wolfram, Gold oder och Mineralien aus Konflikt- an/oder Risikozonen (CAHRA) gefrot ginn. D’Reglementatioun soll 2021 a Kraaft trieden. Virdru mussen d’EU-Memberstaaten allerdéngs Moossnamen aféieren, déi d’Ëmsetzung garantéieren.

Konfliktmineralie

© Frederic Triest

Éischt diskutéiert Moossnamen zur Ëmsetzung vun der Reglementatioun loossen allerdéngs dorop schléissen, datt d’Reegelung n Effikassitéit verléiert. Verschidde Memberstaaten schéngen den Text nämlech hiren Uspréch no ze interpretéieren an d’Lëscht vun den nationalen Entreprisen net verëffentlechen ze wëllen. Esou gëtt et der Zivilgesellschaft an Europa, wéi och de Produktiounslänner onméiglech gemaach, d’Engagementer vun den Entreprisen nozevollzéien an esou och net berechtegt Suergen, wéi virgesinn am Artikel 17 Paragraph 2 vun der Reegelung opwerfen. D’Verschleierung vun der Lëscht schaaft zudeem och ongläich Konkurrenzverhältnisser tëscht verschidde grousse Firmen.

Transparenz a Sanktiounen als fundamental Fuerderungen

Eng effikass a sënnvoll Suergfalt geet mat Transparenz anhier. Fir déi nächst Reunioun vun der Kommissioun gëtt dofir verlaangt, datt d’Lëscht vun den Entreprisen an Importateuren net eleng den Autoritéiten, mee och der Ëffentlechkeet all Joer virgeluecht gëtt.

Konfliktmineralie

© Commission Justice et Paix

Et verweist een an engems op d’Positioun vun der Initiative fir d’Suergfaltsflicht zu Lëtzebuerg, wou Fairtrade Lëtzebuerg als Matbegrënner gëllt. Eis Regierung an d’EU-Memberstaaten ginn opgefuerdert fir wierksam Sanktiounen opzestellen an esou Entreprisen, déi net konform zu den Obligatioune vun der Reglementatioun agéieren, ze bestrofen. Just effikass, proportionéiert an ofschreckend Sanktiounen oder juristesch Konsequenze kënnen eng effektiv Uwendung vun der Reegelung garantéieren. Am Artikel 16 Paragraph 1 ass nämlech virgesinn, datt d’EU-Memberstaaten Virschrëften am Fall vun enger Infraktioun opstellen.

Zu gudder Lescht muss sech d’Beschreiwung vun de Verifikatiounskritären kloer op d’OECD Mineral Guidance bezéien.

Als Kandidat fir ee Sëtz beim Rot fir Mënscherechter bei der UNO ka Lëtzebuerg elo seng Féierungsqualitéite beweisen a sech am konstruktiven Dialog abréngen, fir esou d’Memberstaaten zum responsabelen an transparenten Handelen, ganz am Sënn vun de Mënscherechter, ze ermuddegen. Schlësseg politesch Decisioune sinn noutwenneg!

Opmaacherbild: © Frederic Triest

Related topics 3TG, Computer, Fairtrade Lëtzebuerg, Gold, Handy, Kanneraarbecht, Konflikt, Konfliktmineralien, Mënscherechter, Tantal, Transparenz, Wolfram, Zënn
Next post Previous post