Search

You may also like

Entloossunge beim FBI: den Trump héich erfreet, d‘Kritiker op de Barrikaden
International Neiegkeeten

Entloossunge beim FBI: den Trump héich erfreet, d‘Kritiker op de Barrikaden

En huet gestraalt an keen Heel dorausser gemaach, datt hien

De Covid19 fuerdert nei Affer
International Neiegkeeten

De Covid19 fuerdert nei Affer

Et gëtt nach ëmmer Mënschen am Land déi sech schwéier

Offiziell Vereedegung vun zwee Ënneroffizéier
International Neiegkeeten

Offiziell Vereedegung vun zwee Ënneroffizéier

Um haitegen Dag duerft de Generol Alain Duschène, Stabchef vun

Fairtrade: Solidaritéit mat eisen Helden vun der Liwwerketten (Deel 2)

Fairtrade: Solidaritéit mat eisen Helden vun der Liwwerketten (Deel 2)

Méi wéi jeemools virdrun soll Solidaritéit gewise ginn. Solidaritéit géigeniwwer de Kranken, géigeniwwer de Fleegekräfte, géigeniwwer allen, déi schaffen fir datt d’Land funktionéiert, mee och géigeniwwer den Hëlleflosesten a Vulnerabelsten hei an iwwerall. De Covid-19 betrëfft eis all, op der ganzer Welt.

Fairtrade mobiliséiert sech: Duerch d’Epidemie vum Covid-19 huet Fairtrade International, wou d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg Member ass, temporär verschidde Standarden ugepasst, fir esou de Produzenten ze erméiglechen, direkt Entscheedungen ze treffen fir d’Gesondheet an de Liewensënnerhalt vu Produzenten, Aarbechter an der Gemeinschaft ze garantéieren.

Déi nei Direktiven erméiglechen et der Organisatioun u Produzenten hir Fairtrade-Primm ze benotzen, fir esou d’Viruschreide vun der Krankheet ze limitéieren, dat duerch de Kaf an d’Distributioun vu Masken an anerem Schutz-, Hygiènes- a Sensibiliséierungsmaterial. Als Erënnerung: Dës Primm ass eng Zomm, déi den Organisatiounen u Produzenten op de Verkafspräis vu Fairtrade drop geluecht gëtt. An demokratescher Aart a Weis gëtt si vun de Membere geréiert a gëtt a gemeinschaftlech, respektiv weiderbildend Projeten investéiert. Am Joer 2018 huet d’Primm den Organisatiounen 187 Milliounen Euro abruecht.

Ab elo kënnen d’Organisatiounen u Produzenten méi schnell Decisiounen treffen, wéi si d’Primm wärend der Epidemie notzen. Esou kënne si handelen, ouni op d’Zoustëmmung vun hirer Generalversammlung ze waarden. Aktuell si jo souwisou keng Reunioune vu Memberen erlabt. Trotzdeem mussen hir Ausgaben herno kënnen nogewise ginn.

D’Primm kann esou genotzt ginn, fir wärend der Coronakris de Virus ze detectéieren, ze limitéieren an ze behandelen. Ënnert anerem kënne Masken, Händschen, Beotmungsgeräter, Botzproduiten, Desinfektiounsmëttel an anert noutwennegt Material besuergt ginn.

Wahrscheinlech sinn et d’Aarbechter an de grousse Betriber, déi duerch de Réckgang vum Ëmsaz an d’Ënnerbriechung vun de Recolten, am meeschte leiden. Bis zum 30. September 2020 kennen d’Comitéen vun der Gestioun vun de Primmen, déi sech aus Aarbechter zesumme setzen, bis zu 100 % vun der Fairtrade-Primm als boer Bezuelung un hir Aarbechter ginn.

Zu Normalzäiten beleeft sech den autoriséierte Montant op 20 % a kann ënnert verschidde Konditioune souguer op 50 % klammen. Och Bezuelungen duerch Konsumgidder sinn erlaabt. Esou kënnen ëm 145.000 vun der Kris betraffen Aarbechter vun den Téi- a Blummeplantagen, déi vu Fairtrade zertifiéiert sinn, vun den neie Mëttel profitéieren.

An der aktueller Situatioun wëllen d’Organisatiounen u Produzenten an Aarbechter hir Membere schützen a setze soumat den Akzent op de Respekt vun de fundamentale Rechter a Fräiheete vu jidderengem, dat virun allem duerch d’Bezuele vun hiren Aarbechter – och vun deenen, déi a Quarantaine sinn – an d’Anhale vum Sécherheetsofstand wärend der Aarbecht.

Sensibiliséierung ass alles, an esou ginn och d’Famille vun den Aarbechter a Memberen deementspriechend informéiert. Iwwersat ginn d’Informatiounen zum Virus vu Cooperativen an déi jeeweileg lokal Sprooch. D’Installatioun vun Unitéite fir d’Hänn ze desinfizéieren an d’Distributioun vu Seefen un d’Aarbechter si just e puer vu weidere Moossnamen fir d’Verbreedung vum Covid-19 ze limitéieren.

Solidaritéit

© Fairtrade Lëtzebuerg

Solidaritéit a Léisungen

Och ënnert de Membere selwer konnt de Reseau vu Fairtrade-Produzenten solidaresch Initiative gesinn. Beispillsweis deele sech d’Bananne-Produzenten aus Äquador a Kolumbien hir net-verkaaft Friichte mat deenen, déi net méi schaffe kënnen an doduerch keng Sue fir Iessen méi hunn.

A Pakistan huet ee Produzent vu Sportsbäll 20.000 Gesiichtsmaske produzéiert. Dës Masken goufen un d’Aarbechter, d’Personal an d’Ëffentlechkeet verdeelt.

Op de Philippinnen huet eng Organisatioun vun der Rouerzocker-Produktioun d’Primm genotzt, fir esou an der Penurie u Liewensmëttel de Baueren a Memberen mat Räis ze hëllefen. A Südafrika stellen iwwerdeems Wäibaueren hiren Aarbechter Desinfektiounsmëttel zur Verfügung.

D’Krisenzäit ännert d’Prioritéiten an d’Gewunnechten am alldeegleche liewen. Grad hei ass de gerechten Handel eng immens Hëllef fir d’Produzenten an d’Aarbechter am Süden a bitt um ekonomeschen a sanitären Niveau gewëss Sécherheeten.

D’ONG Fairtrade Lëtzebuerg fuerdert Entreprisen a Keefer op d’Mënscherechter ze respektéieren an al Verstouss géint dës Mënscherechter an de Liwwerketten ze ënnerbannen. Och d’Politik muss dofir suergen, datt d’Wirtschaft sech gerecht an nohalteg nees erhëlt.

Sidd solidaresch. All Konsomm’Acteur huet jiddereen d’Muecht den Helden vun der Liwwerketten ze hëllefen.
Keep apart, stay united! #Fairtrade together


Fairtrade Doheem

Fir wärend der Coronakris virtuell mat de Produzenten an Aarbechter am Süden Verbonnenheet ze weisen, huet d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg eng nei Rubrik op senger Internetsäit agefouert: FAIRTRADE DOHEEM.

Hei fannt Dir Aktivitéite fir Kleng a Grouss. Vun der Juegd nom Fairtrade-Schatz, iwwert Origami, bis hin zum Podcast „Schokola aus Afrika“, gelies vun der Auteut Mireille Weiten – de Waha, oder och Rezepter am „Coin Gourmand“ mat ënnert anerem engem leckere Marmerkuch vum Bob Mathes (Restaurant Mathes) gëtt esou vir Ënnerhalung gesuergt.

Fir Ouschteren erwaart Iech ee „Fairtrade Doheem Ouschteren Spezial“. Kuckt laanscht op fairtrade.lu.

Opmaacherbild: © Fairtrade Lëtzebuerg

Related topics Coronakris, Desinfektiounsmëttel, Fairtrade Doheem, Fairtrade Lëtzebuerg, Mënscherechter, Mondschutz, Primm, Produzenten, Solidaritéit
Next post Previous post