Search

You may also like

Weess du, wéi eng Uertschafte sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen?
Kultur Neiegkeeten

Weess du, wéi eng Uertschafte sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen?

[onionbuzz quiz-id=53][/onionbuzz] Et ass gewosst, datt eis Uertschaften souwuel e

Hospilux S.A.: Den Nicolas Henckes gëtt den neien Direkter
Kultur Neiegkeeten

Hospilux S.A.: Den Nicolas Henckes gëtt den neien Direkter

Ab dem 1. Januar 2022 huet Hospilux S.A. een neien

100 Kilometer propper Baachen: Um 28. Mäerz gëtt gebotzt!
Kultur Neiegkeeten

100 Kilometer propper Baachen: Um 28. Mäerz gëtt gebotzt!

Um Samschdeg, den 28. Mäerz 2020 steet déi grouss Botz

TRIFOLION: Fake Facts – De Stoff, aus deem d’Wourechte sinn

TRIFOLION: Fake Facts – De Stoff, aus deem d’Wourechte sinn

Fake Facts, also falsch Fakten – mir begéinen se iwwerall. Se sinn an de den Noriichten, soziale Medien a souguer bei Kaffiskränzercher ze fannen. An e Freideg, den 12. Mäerz 2021 sinn se zu Iechternach am Trifolion bei enger Theaterperfomance vum Daliah Kentges a Sarah Rock ze gesinn.

Wann een de Begrëff „Fake Facts“ héiert, muss een automatesch un de fréieren US-President Donald Trump denken. De Begrëff huet et am Joer 2017 souguer zum Onwuert vum Joer gepackt.

Och wann ee mengt den Donald hätt d’Fake News gepräägt, et ass se nach ëmmer ginn.

Ee Bléck op d’Mënschheetsgeschicht geet duer, fir dat erauszefannen. E Beispill dofir ass d’Marie-Antoinette mam berühmte Saz: „Qu’ils mangent de le brioche“.

An et ass nach ëmmer aktuell. Och elo an der Corona-Pandemie begéine mir dacks verdréite Wourechten. D’Wierder „Fake News“ definéieren ënnert anerem Bildmanipulatioun, Gerüchter, a bewosst Falschmeldungen. Ginn dës Onwourechten op de richtege Plaze placéiert, kënnt de ganze Wourechtsbegrëff an d’Wackelen. Zemools an Zäite vu Facebook, Twitter an Instagram ass et dacks schwéier, ze wësse wat dann elo wouer ass a wat express verfälscht gouf.

Wéi kann een dat eent vum aneren ënnerscheeden? Wat sinn Tatsaachen? Wat nëmme Meenungen? A wéi funktionéiert dës Verdréinung vun den Tatsaachen? Wéi et ausgesäit, musse Fake News gutt geplangt ginn.

Zwee Schauspiller weise mat der Theaterperformance a mat Textcollagen an ongeféier 50. Minutten, wéi d‘Fake News funktionéieren. Zil ass et, d’Noriichten ze hannerfroen an net alles eescht opzehuelen. Déi richteg Froen ze stellen. Dofir schlüpfen de Pitt Simon an d’Anouk Wagner an ënnerschiddlech Rollen.

Direkt dono gëtt et nach eng Diskussiounsronn mat der Regisseurin, der Dramaturgin an den zwee Schauspiller.

D’Veranstaltung am Trifolion riicht sech u Jugendlecher ab 12 Joer sou wéi Erwuessener. E weidere Rendezvous ass den 30.03.2021 am CAPE zu Ettelbréck.

Weider Informatioune ginn et op trifolion.lu. Hei kritt Dir och d’Ticketen.

Opmaacherbild: © Shutterstock

Related topics Daliah Kentges, Fake Facts - De Stoff aus deem d'Wourechte sinn, Fake News, Iechternach, Sarah Rock, Theater, Trifolion
Next post Previous post