Search

You may also like

Reprise: De franséische President, de Covid19 an d‘Wirtschaft
Neiegkeeten

Reprise: De franséische President, de Covid19 an d‘Wirtschaft

Mëtt Mäerz huet déi franséisch Regierung, mat déi drastescht Moossnamen

Militärmuecht Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Militärmuecht Lëtzebuerg

Lëtzebuerg huet en iwwersiichtleche Militärcorps an eppes Suerge beim Rekrutement.

De Confinement an seng Niewewierkungen
Neiegkeeten

De Confinement an seng Niewewierkungen

Doheem bleiwen an all onnéideg Sortien ze vermeiden, ass an

Am Kampf géint Fake News feelt et u Kohärenz a Koordinatioun

D'LSAP fuerdert, datt den Thema an de Schoule méi präsent gëtt

Am Kampf géint Fake News feelt et u Kohärenz a Koordinatioun

Den Internet a sozial Medien huelen an eisem deeglechem Liewen eng immens Bedeitung an. Dëst heescht och, datt d’Inhalter, déi eis iwwert doriwwer erreechen, e groussen Afloss kënnen hunn.

Kee Wonner also, datt een sech beispillsweis bei de Wahlkämpf suerge mécht, wéi eng Informatiounen wou verbreet ginn. Net nëmmen dat, och wéi wouer se sinn a wien se an den Ëmlaf bruecht huet, gëtt do ëmmer mi wichteg. An do fält da schnell de Begrëff Fake News: Noriichten, déi net wouer sinn oder op mannst esou verdréint sinn, datt se héchstens Propaganda sinn.

Fake News musse schonn an eiser Schoul ugepaakt ginn. Mee wéi dëst geschéie soll, ass net ëmmer kloer

D’LSAP leet elo an engem Communiqué op, datt och si sech dësem Gesellschaftleche Problem wëllen unhuelen. An dat gläich un der Wuerzel: An der Schoul sollen d’Fake News bekämpft ginn. Zwar géif den Thema duerchaus scho present sinn, mee d’Partei ass der Usiicht, datt et hei nach staark u Kohärenz a Koordinatioun feelt. Nee, de Kampf géint Fake News, dee stellen sech d’Sozialiste ganz anescht fir.

An de Schoule misst een op e kriteschen an autonomen Ëmgang mat Informatioune vermëttelen. Konkret gesäit d’LSAP hei folgend Punkten, déi an deem Kader missten ëmgesat ginn:

  • Eng kritesch an distanzéiert Lektür vun de Medieninhalter misst geschéien
  • D’Schüler sollen eegestänneg Informatiounen nosichen, auswielen an ënnersiche kënnen.
  • D’Schüler missten eng Aféierung an d’Deontologie – souwuel vun de Journaliste wéi och vun der Verbreedung vun den Informatiounen – erhalen.

Fir dëser Demande kënnen nozekommen misst d’Léierpersonal duerch den Institut de Formation de l’Education Nationale (IFEN) ausgebilt ginn. Op dës Inhalter an engem separate Kur oder an den etabléierte Fächer solle vermëttelt ginn, léisst de Communiqué esou wäit oppen. Wat gemaach soll ginn, fir d’Mediekompetenz vun den Erwuessenen ze erhéijen, bleift grad sou oppen.

Related topics Fake News, LSAP, Mediekompetenz
Next post Previous post