Wat gëtt aus dem Fakelzuch fir d‘Mënscherechter?

Fir de Weekend si masseg Demonstratiounen ugekënnegt. Déi mat de Covid19-Mesure beschäftegt Mouvementer – et wieren därer dräi: de Stëlle Wäisse Marsch (MBS), déi solidaresch Polonaise an déi nach eppes ondefinéierbar Chaote vum leschte Samschdeg – wëllen anscheinend vu Freides bis Sonndes friddlech uechtert d‘Stad zéien… si sinn net eleng déi dat wëllen.

Als weider Maniff/Biergerversammlung, huet een anere „Grupp“ zur Versammlung um 11 Auer op der Gar mat uschléissender Kundgebung an der Sportshal an der Stroossbuerger-Strooss opgeruff. Dësen Event steet ënnert dem Motto: „Loosst eis d‘Energie zeréckhuelen“. Op de Flyer déi duerch d‘Stad verdeelt an opgehaange goufen (Bild) hunn sech d‘Organisateure leider net ze erkenne ginn.

AI Lëtzebuerg

Et gëllt als verbréifte Recht an Demokratien – also därer déi d‘Rechtsstaatlechkeet nach net un de Polen a Ungarn ausgeriicht hunn – datt Mënschen dierfe géint Entscheedunge vu hire Regierungen op d‘Strooss goen. Heibäi sollt de Prinzip vum „friddleche Widderstand“ berécksiichtegt ginn. Dee gouf leschte Samschdeg vun enger Handvoll Klatzkäpp gebrach, wat elo dierft Konsequenzen hunn.

Haut soll et mam Premier – dee Mann dee vum Mobb doheem opgesicht gouf – an op Ufro vun der CSV an der ADR an der Chamber (Start 14.40 Auer) ee politesch neutral an ausgewoenen Debat ginn. Et geet bestëmmt net ëm Virwërf a wat een als Regierung an/oder Stad Lëtzebuerg alles hätt kënne besser maachen, mee ëm d‘entspaante Sich no Léisungen. D‘Majoritéit ass zouversiichtlech.

Wann Amnesty International tëscht d‘Still geréit

Um 10. Dezember ass den internationalen Dag vun de Mënscherechter, an op dësem bedeitenden Dag organiséiert Amnesty International Lëtzebuerg traditiounsgeméiss ee Fakelzuch. Dëst Joer soll dëse ganz am Zeeche vun der Campagne „Schreif fir Rechter“ stoen. Säitens den diverse Gruppe wou sech géint d‘Covid19-Mesuren a Gesetzer stellen, gouf hei eng Participatioun annoncéiert.

Fir den Direkter Olivier Pirot (hien ass eigentlech streng geholl just zu Lëtzebuerg fir AI zu Geld ze verhëllefen, wierklech Aktivitéiten huet et just punktuell – NVDR) gëllt et elo diplomatescht Geschéck ze weisen. Als Mënscherechtsorganisatioun muss och de Mann mat der Geldbéchs sech fir Meenungsfräiheet asetzen, dierf awer zu Lëtzebuerg de friddleche Charakter ervirhiewen.

Dat soll heeschen: Amnesty International kann net anescht wéi dës Mouvementer legitiméieren. Et ass awer erlaabt dës Positioun ze erklären an eppes Kritik a Richtung „Organisateuren“ ofzeginn. Esou stellt ee bei AI Lëtzebuerg fest, datt „et eng grouss Meenungsvillfalt bannent dëse Gruppen huet“. Déi genotzte „Rhetorik“ a „present Ideologie“ wiere Contraire zu de Mënscherechter…

Méi däitlech: „D‘Regierungen si verflicht Moossnamen zum Schutz, zur Bekämpfung an Andämmung vu Pandemien ze ergräifen, fir d‘Recht op Gesondheet fir alleguerte sécherzestellen. (…) Heiansdo wier dat net méiglech ouni gewësse Fräiheeten anzeschränken“, esou d‘Erklärung vun AI Lëtzebuerg. AI wäert hir Demo entspriechend de Reegelen (Mask/Ofstand) ofhalen.

Dernières nouvelles