Search

You may also like

money
Dat hat Lëtzebuerg nach gefeelt
International Kultur Neiegkeeten Stories

Dat hat Lëtzebuerg nach gefeelt

Et heescht den Akafszenter vu Beetebuerg (deen si trotz oder

Pop-Up Stores an der Rue Philippe II – Et ass un Iech!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Pop-Up Stores an der Rue Philippe II – Et ass un Iech!

Am Hierscht 2019 huet d’Stad Lëtzebuerg säi Projet lancéiert, bei

Erliefnis Baggerweier: E Paradäis fir Naturfrënn, Schwëmmer a Fëscher
International Kultur Neiegkeeten Stories

Erliefnis Baggerweier: E Paradäis fir Naturfrënn, Schwëmmer a Fëscher

Haut de Moie stoung beim Premier- a Staatsminister Xavier Bettel

What the Fakt – Den Emblème vu San Francisco gëtt gebaut!

What the Fakt – Den Emblème vu San Francisco gëtt gebaut!

Et muss wuel een iwwerwältegenden Ubléck sinn, wann een déi riseg orange Bréck gesäit, déi un der Spëtzt vun der Hallefinsel tëschent dem Pazifik an der Bucht vu San Fransisco verleeft. Viru 86 Joer ass ugefaange ginn, dës bekannte Bréck am Weste vun den USA ze bauen.

Mat der Zäit hat d’Natur hire Laf geholl an een urale Floss huet d’Mierengt um „Golden Gate“ geschaf. D’Bucht ass zënterhier bekannt fir seng staark Gezäiten, de staarke Wand, Niwwel a salzeg Loft. All dat sinn immens schwéier Viraussetzungen, wann een eng Bréck baue well. Et gëtt och net besser, wann ee bedenkt datt just 11 Kilometer vun dëser Küst een Äerdbiewegebitt läit.

Golden Gate Bridge

Gewosst wéi! Si soll een enormt Gewicht droen an och engem Äerdbiewe Stand halen.

Mam Fortschrëtt vun der Bautechnik ass ëm 1920 de Plang an d’Konstruktioun vun enger esou laanger Bréck keng Utopie méi gewiecht. Trotz der politescher Oppositioun, de knappe finanzielle Mèettelen zur Zäit vun der Grousser Depressioun an de physikaleschen Erausfuerderungen hunn d’Wieler aus Nordkalifornien fir d’Bréck gestëmmt, déi iwwert déi gëlle Paart lafe sollt. Ab dësem Zäitpunkt konnt een ufänken, d’Bréck „déi een net baue kann“ ze plangen.

Schlussendlech war et um Joseph B. Strauss fir eng Equipp aus Bautechniker, Architekten, Geologen an Bauaarbechter zesummen ze stellen, fir ënnert anerem mat der Spanwäit vun der Bréck ee Weltrekord opzestellen. Schonn 1921 huet de Strauss säi Plang agereecht, bei deem eng Hänkbréck mat zwee droenden Tierm entstoe sollt. Nodeems d’Statik vum architektonesche Meeschterwierk bestätegt war konnt Ufank Januar 1933 de Chantier starten.

Golden Gate Bridge

Do huet vill Vertrauen misse mat am Spill sinn!

Déi gréisst Erausfuerderung war hei awer wuel d’Aarbecht ënner Waasser. Zu dëser Zäit war eng Taucherausrüstung nach immens primitiv, wouduerch d’Liewe vun den Taucher, déi d’Fundament vun den zwee Tierm setze sollten, un engem Schlauch houng. Bis zu 33 Meter hu si missen an dat turbulent, vu Stréimunge gepräägte Waasser oftauche, wat duerch déi staark Gezäite just véier Mol den Dag méiglech war.

Nodeems d’Golden Gate Bridge 1937 fäerdeg gestallt ginn ass, waren déi zwee Tierm mat enger Héicht vun 227 Meter déi Héchst weltwäit. Ganzer 44.000 Tonne Stol sinn dodra veraarbecht, déi iwwert de Panamakanal vu Pennsylvania op San Fransisco transportéiert gi sinn. Et ass och ee grousst Wonner, datt wärend den Aarbechte just eng Persoun gestuerwen ass. Ze Verdanke war dëst duerch ee ganz neit Sécherheetsnetz, wat gutt 19 Männer opgefaangen huet, déi soss an den Dout gefall wieren. Si selwer bezeechnen sech als „Halfway to Hell Club“.

Golden Gate Bridge

Sou einfach kann ee Liewe retten!

Um 27. Mee 1937 duerften déi éischt Foussgänger d’Bréck betrieden. Ronn 200.000 Persounen hunn d’Chance genotzt, fir op déi aner Säit ze kommen.

D’Faarf vun der Golden Gate Bridge war laang ee grousst Sträitthema. Déi amerikanesch Séizaldoten wollte mat enger schwaarzer Bréck mat giele Sträife fir eng gutt Siichtbarkeet suergen. Schlussendlech konnt ee sech dunn awer fir „International Orange“ eenegen, eng Faarf, déi super mat der Ëmgéigend harmonéiert an och am Niwwel gutt ze gesinn ass. Säit Filmer, wéi Superman, Godzilla oder Star Trek ass d’Bréck dat Monument vu San Fransisco!

E puer Eckdaten

Wéi scho gesot sinn d’Tierm vun der Bréck 227 Meter héich. Mat enger Längt vun 2,7 Kilometer gehéiert se scho laang net méi zu de längste Brécke weltwäit. Siger ass hei déi grouss Bréck vun Danyang-Kunshan a China, mat enger Längt vun 164,8 Kilometer. Zeréck zur Golden Gate Bridge: 500 vertikalen Hängeseeler halen d’Gewiicht vum Verkéier a bidde genuch Stabilitéit am Fall vun engem Äerdbiewen oder aneren extreme Wiederkonditiounen.

Bis ewell huet d’Bréck just 3 Mol missen zougemaach ginn, an dat just fir 2 bis 3 Stonnen duerch een extrem heftege Stuerm. Op all Säit verleeft een Haptkabel, jeeweils mat engem Duerchmiesser vun 92 Zentimeter an enger Längt vun 2332 Meter, déi, déi sechsspuereg Strooss, wéi och déi zwee Vélos- a Foussgängerweeër droen.

All Dag fuere méi wéi 6.000 Vëlosfuerer iwwert d’Bréck an 10.000 Foussgänger wëllen op déi aner Säit. Am Joer gi bis zu 40 Milliounen Autoe gezielt, déi passéieren.

Quellen:

Related topics Äerdbiewen, Bréck, Golden Gate Bridge, Joseph B. Strauss, San Francisco, What the Fakt
Next post Previous post