Search

You may also like

Fabula Rasa: Déi anert Aart a Weis Geschichten ze erzielen
Neiegkeeten

Fabula Rasa: Déi anert Aart a Weis Geschichten ze erzielen

Mam Programm vum Fabula Rasa versetzen d’Rotondes de Spectateur an

Schwéier Onwieder op Sardinien
Neiegkeeten

Schwéier Onwieder op Sardinien

Op der italienescher Mëttelmierinsel Sardinien huet en Onwieder grousse Schued

D’Handelskummer verlaangt Flexibilitéit beim neien Dateschutz
Neiegkeeten

D’Handelskummer verlaangt Flexibilitéit beim neien Dateschutz

Elo wou Lëtzebuerg muss déi zwou Bréisseler Direktiven (UE/2016/680 &

What the Fakt – Haut ass “Dia de los Muertos”

What the Fakt – Haut ass “Dia de los Muertos”

Den Dag vun den Doudegen (Dia de los Muertos) ass a Mexiko een traditionellt Familljefest. Fir verschidde Leit klengt et makaber, um Kierfecht Fester ze feieren, mee hannert dësem Fest stécht eng laang Geschicht.

Schonn Enn Oktober verwandelen sech d’Stroossen vu Mexiko an ee Paradäis aus Faarwen. Blummen a Skelett-Figure schmocken déi mexikanesch Dierfer. Wichteg ass awer, datt dësen Dag keng mexikanesch Form vun Halloween ass, vu que datt den Dia de los Muertos eng Explosioun u Faarwen a grousser Freed ass.

De mexikaneschen Dag vun den Doudegen ass eng Feier ëm d’Liewen an den Dout. Mëttlerweil gëtt dëst Fest a ganz Lateinamerika gefeiert. Typesch dofir sinn déi enorm faarweg Calvaderas (Scheedel) a Calacas (Skeletter). Dës Traditioun ass scho virun dausende Jore bei den Azteken, Tolteken a Nahua entstanen, well si et schued fonnt hunn, datt déi Doudeg esou betrauert ginn. Fir si war den Dout eng natierlech Phas vum Liewen, a sou sollt een et feieren, datt de Mënsch, den si verlooss huet, elo eng weider Etapp gepackt huet.

Typesch sinn och haut nach d’Altär, déi voll mat Gabe fir déi Doudeg sinn. Op hirem wäite Wee sollen si net un Duuscht, Honger oder der Donkelheet leiden. D’Blummen, déi vum Altor bis bei d’Graf verstreet ginn, sollen dem Verstuerwenen de richtege Wee weisen.

D’Geschicht vun der Calavera Catrina

Am fréien 20. Joerhonnert huet de mexikanesche Karrikaturist José Guadalupe Posada ee Kofferstech fir een normale Scheedel gemaach. Dobäi huet de Kënschtler de Calavera mat engem schicken Hutt a villen Detailer duergestallt. 1947 huet den Artist Diego Rivera Posada ëm den Numm Catrina ginn, wat esou vill heescht wéi „déi Räich“. Och haut ass den immens faarwege Scheedel nach d’Symbol vum Dia de los Muertos.

Quellen:

Related topics Calavera Catrina, Dia de los Muertos, Mexiko
Next post Previous post