Search

You may also like

Wien: … eppes ze „Kurz“ gegraff?
Neiegkeeten

Wien: … eppes ze „Kurz“ gegraff?

Eigentlech sollten ab dem 1. Abrëll d‘Leit, déi an Éisträich

T’rullt nees: Neies am ëffentlechen Transport
Neiegkeeten

T’rullt nees: Neies am ëffentlechen Transport

Éischt Schrëtt zeréck an d’Normalitéit gi getraff. Esou deelt d’Regierung

Vill Froen no déidlechem Accident mat Äisskulptur
Neiegkeeten

Vill Froen no déidlechem Accident mat Äisskulptur

Zum Optakt vun der Pressekonferenz huet d‘Buergermeeschtesch vun der Stad

What the Fakt – Haut ass Weltmännerdag

What the Fakt – Haut ass Weltmännerdag

Léif Männer, maacht schonn emol ee Béier op, well haut ass ären Dag! Ziel vun dësem Dag ass et awer op eng gutt Gesondheet opmierksam ze maachen, eleng mam Fakt, datt Männer 7 Joer manner al gi wéi Fraen. Wat stécht elo genau dohannert?

Datt et dësen Dag iwwerhaapt gëtt hu mir enger Rei Leit ze verdanken, déi am medezinesche Secteur schaffen. Et war eng Kooperatioun vun der Universitéit Wien, der Medical Connection, dem United Nations Office Vienna (UNOV) an der Stad Wien. Haaptacteur ass hei den Georg Kindel, den de fréieren sowjetesche President Gorbatschow fir dëst Event wollt mat an d’Boot huelen.

Wei scho gesot geet et haut ëm d’Gesondheet vum männleche Geschlecht. D’Andrologie ass hei de Fachterm fir d’Wëssenschaft iwwert Männer, a soumat och d’Géigestéck vun der Gynekologie. Ziel ass et, bei Männer a Jongen de Fokus op d’Gesondheet an d’Zukunft ze leeën, schonn eleng well dat „staarkt Geschlecht“ eng méi déif Liewenserwaardung huet wéi Fraleit.

Den Dag sollt awer net mam internationale Männerdag um 19. November verwiesselt ginn. Bei dësem Event steet nämlech net d’Gesondheet, mee d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra am Virdergrond.

Zu dësem speziellen Dag hu mir elo nach 10 Fakten iwwert dat männlecht Geschlecht

Schéi Frae maache Männer domm. Fuerscher vun der hollännescher Radboud-Universitéit hunn eraus fonnt, datt beim Ubléck vun enger attraktiver Fra déi geeschteg Leeschtung vun de Männer temporär zeréck geet.

Kleng Männer si méi jalous. De Professer Abraham Buunk vun der Universitéit Groningen huet bei enger Etüd mat Männer mat verschiddene Kierpergréissten eraus fonnt, datt kleng Männer méi oft den Hang zur Jalousie hunn.

Männer gesinn ee Kuss als Aussicht op Sex. Frae genéissen ee Kuss vollkommen a gesinn et als Akt vun der Zouneigung. Beim männleche Geschlecht ass et éischter ee Mëttel zum Zweck fir duerno méi ze kréien.

Si verbrénge 6 Méint vun hirem Liewe mat raséieren. Een halleft Joer verbréngt am Duerchschnëtt de Mann domat, säi Baart ewech ze maachen (natierlech just wann se hunn). Dobäi mëscht den Duerchschnëttsmann ganzer 3,5 Kilogramm Hoer ewech a sengem Liewen.

Männer kënne Mëllech produzéieren. Ahjo richteg héieren! Bei enger Hormonstéierung kënnen d’Mëllechdrüsen, déi sech virun der Gebuert och beim Mann entwéckelt hunn, aktivéiert ginn. Am Normalfall sinn se awer net funktiounsfäeg.

De Mann gëtt mam Alter méi weiblech. Duerch de sénkenden Testosteronspiggel verléiert hie mam Alter u Männlechkeet a passt sech senger Partnerin un.

Vill Männer flüchte bei Sträit. Duebel sou vill Männer, wéi Frae gi bei enger Ausernanersetzung einfach fort.

D’Prioritéite leien beim Iessen. De gréisste Liebesbeweis fir hien ass ee gutt Iessen.

De männlechen Orgasmus huet verschidde Sproochen. Männer an eiser Géigend jäize beim Héichpunkt „Ech kommen“, Japaner an Ungarn „Ech ginn“. Italiener ruffen no hirer Mamm, Amerikaner no Gott a Pole ruffen „Schonn, Schonn“.

Männer schwätze bal genau esou vill wéi Fraen. No enger Etüd vun der Universitéit Texas schwätze béid Geschlechter ronn 16.000 Wierder den Dag. Frae leien zwar mat e puer honnert Wierder vir, mee dat mëscht am Gesamtschnëtt just ee marginalen Ënnerscheed.

Quellen:

Related topics Andrologie, Gesondheet, Gläichberechtegung, Weltmännerdag
Next post Previous post