Search

You may also like

Haut ass de Welt Suizid-Präventiounsdag
Neiegkeeten Stories

Haut ass de Welt Suizid-Präventiounsdag

Den 10. September 2021 ass Welt Suizid-Präventiounsdag. D’Weltgesondheetsorganisatioun huet en

Et musse méi Radaren opgestallt ginn!
Neiegkeeten Stories

Et musse méi Radaren opgestallt ginn!

Ausgang vun dëser Fuerderung ass d‘Petitioun N°1454 déi vum Pierre

Wann een haart genuch jäizt kritt ee Recht
Neiegkeeten Stories

Wann een haart genuch jäizt kritt ee Recht

Alles hat mat enger Motioun vum CSV-Deputéierte Marco Schank ugefaangen,

„Mam Sarah sengem Depart, ass een Deel vu mengem Häerz erausgerappt ginn“

„Mam Sarah sengem Depart, ass een Deel vu mengem Häerz erausgerappt ginn“

Den Doft vu frësch gebakene Kichelcher. D’Liichter vun de bonte Girlanden, déi d’Mauere vun den Haiser rëschten. D’Fonkelen an den Ae vun de Kanner, déi sech op hir Geschenker freeën. Dat alles erënnert eis un déi wuel schéinsten Zäit vum Joer.

Chrëschtdag steet virun der Dier. An domat och d’Zäit vun der Famill. Mee leider huet nach laang net all Famill d’Méiglechkeet, dës Feierdeeg mateneen ze verbréngen. An dëst net nëmme COVID bedéngt.

D’Sarah* ass 13 Joer al an huet eng Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS). Hat ass elo viru kuerzem an den neie Foyer vun der Fondation Autisme Luxembourg (FAL) agezunn. An dësem Foyer an eiser Wunnstruktur zu Rammerech hu mir de 5. Oktober 6 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS) opgeholl.

Mat grad emol 13 Joer ass d’Sarah elo déi jéngste Bewunnerin aus eise Wunnstrukturen.

Kuerz virun de Feierdeeg hunn ech mech mat senger Mamm, dem Lea*, getraff. Et ass elo schonn de 4. Chrëschtdag, deen si ouni hiert Meedche verbrénge muss. Hire grousse Wonsch ass et, datt sech dat iergendwann erëm ännere wäert. Mä, wisou ass dëst säit e puer Joer net méi méiglech?

 „Mamma“ gëtt zu „Pappa“ an ëmgedréint

Wéi d‘Lea mir erzielt huet, ass hir scho fréi bewosst ginn, datt hiert Kand „anescht“ ass, wéi aner Kanner: „D’Sarah war mäin éischt Kand, ech hat also nach net vill Erfarung mat der Erzéiung an der Entwécklung vu Kanner. Hat war ëmmer e ganz rouege Bëbee, allerdéngs huet hat vun Ufank un immens sensibel op seng Aussewelt reagéiert. Wann hat zum Beispill geschlof huet, ass et direkt bei och nëmmen deem klengste Mucks waakreg ginn. Zudeem huet hat et guer net verdroen, wann een hat an d‘Dusch gestallt huet. D’Waasser, wat op säi Kierper gedrëpst ass, huet him wéigedoen. Zënterhier hunn ech hat just nach an eng Buedbidde gesat, fir et ze wäschen.“

An de kommende Méint sinn der Mamm dunn awer ëmmer méi Saachen un hirem Kand opgefall, déi si zum zweiwele bruecht hunn: wann een d’Sarah mat sengem Numm ugeschwat huet, huet et net reagéiert. Zudeem huet hat laang net ugefaange mat schwätzen an huet och ni enger anerer Persoun an d’Ae gekuckt.

Wou d’Sarah dunn 15 Méint hat, ass seng kleng Schwëster, d’Zoé*, op d’Welt komm. Spéitstens do huet hir Mamm gemierkt, datt eppes mam Sarah net géif stëmmen. Woubäi d’Sarah nach ëmmer op näischt vu senger Mamm reagéiert huet, war d’Zoé vun Ufank un op seng Mamm fixéiert, huet Bléckkontakt gehalen an huet op alles reagéiert. Hat huet och relativ fréi ugefaangen, seng éischt Wierder ze schwätzen.

„Wou ech dunn déi grouss Ënnerscheeder tëschent menge béide Kanner wouergeholl hunn, huet mech eise Kannerdokter bei e Psychiater geschéckt. Mëttlerweil hat d’Sarah 2 Joer. De Psychiater huet vill Analyse gemaach an huet dunn festgestallt, datt d’Sarah autistesch ass.“

Op meng Fro hin, op hiert Meedche mëttlerweil mat sengen 13 Joer richteg schwätze kann, fänkt d‘Mamm un mat schmunzelen: „Et ass esou, datt d‘Sarah schonn eenzel Wierder soe kann, mee et gehäit se leider oft duercherneen. Säin Papp ass dann „Mamma“ an ech sinn a senge Wieder de „Pappa“. Mais e ganze Saz mécht et ni.“

„Mir war ëmmer bewosst, datt hat näischt dofir konnt.“

Mat der Zäit huet ëm Sarah säin Handicap allerdéngs och Verhalens- an Aggressiounsprobleemer mat sech bruecht: „Ech war mir ëmmer bewosst doriwwer, datt hat näischt dofir konnt. Ech hunn jo gesinn, wéi schlecht et him déi Momenter wierklech gaangen ass.“

Fir Persoune mat Autismus ruffen déi Reizer, déi vun der Aussewelt op hir Sënnesorganer wierken, Stress ervir. Dës Reiziwwerflutung kann dofir suergen, datt si ënnerlech nervös ginn, wat dann zu de Verhalensprobleemer féiere kann.

Leider sinn ëm Sarah seng Aggressiounsprobleemer an der Géigewaart vu senger klenger Schwëster ëmmer am schlëmmste gewiescht: „Seng Schwëster war ëmmer déi éischt Persoun, un der d’Sarah seng Aggressioune eraus gelooss huet. Hat huet da gesinn, datt d‘Zoé schwätze konnt an dat huet hat rose gemaach. Ech mengen doduerch ass him bewosst ginn, datt hat anescht ass. Fir sech selwer ze schützen, huet d’Zoé dunn oft bei senger Tatta oder bei Frëndinne geschlof. Fir ëm Zoé kënnen e séchert Doheem ze bidden, war et also noutwendeg, eng dauerhaft Léisung ze fannen.“

Am Alter vun 10 Joer ass d‘Sarah déi éischte Kéier an engem Foyer agezunn. Well et deemools nach keng passend Wunnplaz hei zu Lëtzebuerg fir hat gouf, ass et an eng Wunnstruktur an Däitschland komm. Fir eng Mamm ass et ni einfach, hiert Kand „lasszeloossen“. Mä grad wann d’Kand nach esou jonk ass, knapps 10 Joer, ass et fir vill Mammen onvirstellbar hiert Kand scho musse fort ze ginn. D’Lea hat allerdéngs keen anere Choix. Déi eenzeg Léisung, fir datt et dem Sarah an awer och der ganzer Famill erëm konnt besser goen, war, hat enger auslännescher Wunnstruktur unzevertrauen.

Allerdéngs war et ëmmer der Famill hire Wonsch, datt hiert Kand rëm zréck op Lëtzebuerg kënnt. Well d’Sarah vu Klengem un oft an de Vakanzekolonië vun der FAL mat gaangen ass, stoung d’Famill nach reegelméisseg a Kontakt mat eiser Fondatioun. Mat eisem neie Foyer konnte mir hire Wonsch erfëllen an hunn d’Sarah zréck a säi Land, an d’Géigend vu sengen Elteren, bruecht.

„Een Deel vu mengem Häerz feelt zënterhier d’Sarah net méi bei mir ass“

Nach ëmmer fält den Abschid vu sengem Meedchen ëm Lea schwéier: „Meng zwee Kanner si meng ganz Welt. Zënterhier d‘Sarah net méi bei mir ass, fillt et sech un, wéi wann een Deel vu mengem Häerz erausgerappt gi wier. Et ass wierklech eng immens schwéier Situatioun fir mech. Ech wéilt him esou gär soen, datt et ni mäi Wonsch war, hat „fort“ ze ginn. Ech well datt hat versteet, datt ech trotz allem ëmmer seng Mamm, déi hat iwwert alles gären huet, bleiwe wäert.“

Opgrond vun de strikte Restriktiounen, déi d‘Verbreedung vum Coronavirus op e Minimum reduzéiere sollen, dierf d’Famill d‘Sarah elo fir eng gewëssen Zäit laang net méi an de Foyer besiche goen. Fir seng Mamm ass dëst en richtegen Albdram. Sech virzestellen, wéi hiert Meedchen ongedëlleg op si waart, ouni ze wëssen, wéini si endlech ukënnt: „Ech versti jo, wisou ech net bei hat dierf. Mee ech mengen net, datt hat dat versteet. Wann ech nëmmen dorun denken, dass hat do sëtzt op mech ze waarden, an ech awer net kommen. Ech hunn Angscht, datt hat mengt, datt ech hat net méi wéilt gesinn. Déi Virstellung brécht mir d’Häerz.“ Fir de Kontakt trotzdeem net ganz mussen ofzebriechen, ginn d’Educateure vum Foyer den Elteren elo an dëser Zäit d’Méiglechkeet, mat hire Kanner wéinstens via Videokonferenzen an Kontakt ze kommen.

Trotz, datt si d’Sarah esou staark vermësst, ass sech d’Lea sécher, datt de Foyer déi eenzeg Léisung war, fir datt et der ganzer Famill erëm konnt besser goen: „Ëmmer wann ech hat besiche gaange sinn, hunn ech gemierkt, wéi wuel hat sech do fillt. Hat kritt déi richteg Betreiung, déi op seng spezifesch Bedierfnesser ugepasst ass an huet endlech déi fest Struktur, déi hat sou dringend gebraucht huet. Hat huet och mëttlerweil eng ënnerlech Rou entwéckelt an seng Krise sinn zréck gaangen.“

„Ech wënsche mir näischt méi, wéi ee Fest, un deem mir als Famill all zesumme sinn“

Dem Lea säi grousse Wonsch fir d’Feierdeeg ass elo scho säit e puer Joer, datt si d‘Chrëschtdeeg zesummen als Famill kënne verbréngen. Allerdéngs wäert dëse Wonsch och dëst Joer nach net an Erfëllung goen: „Wéi d’Zoé matkrut, datt ech seng Schwëster gäre géif fir e puer Stonne bei eis huelen, huet hat mech reegelrecht ugebiedelt, et net ze maachen. „Nee Mamma wann ech gelift net“ a „Soss sinn ech Chrëschtdag net heiheem“ ware seng Wierder. Hat huet einfach nach ze vill Angscht virun ëm well d’Sarah seng Aggressioune jo ëmmer un him erausgelooss huet. Mä och säi Papp war dogéint. An leider muss ech hinne Recht ginn. Am Moment ass d’Sarah einfach nach net esou weit. Ech hoffen awer wierklech, datt ech et wéinstens kuerz kann an de Foyer besiche goen, mee dat weess opgrond vun der aktueller Situatioun och nach kee mat Sécherheet. Mäin grousse Wonsch ass et, datt mir iergendwann kënnen all zesumme beienee sëtzen, och wann et just fir e puer Stonnen ass.“

„Et ginn nach vill ze vill Familljen hei am Land, déi op eng dringend Léisung ugewise sinn“

Et ass e Fait, datt et ëmmer nach vill ze vill Familljen hei am Land ginn, déi nach keng fest Wunnplaz fir hir Kand mat Autismus fonnt hunn. „Ech wënsche mir, ech kéint der Fondatioun hëllefen, nach méi Familljen ze entlaaschten. Ech weess, datt et fir si net einfach ass, well och oft einfach d’Geld feelt, fir weider Wunnstrukturen ze bauen. Ech soe mir selwer ëmmer, datt wann ech eemol sollt am Lotto gewannen, ech alles dofir maache wäert, fir nach méi Wunnplazen ze schafen. Ech hoffen, datt deen Dag kennt, wou all Famill gehollef kritt.“

Eis ganz Fondatioun wënscht sech vun Häerzen, datt dëse Wonsch wäert an Erfëllung goen.

*Aus Grënn vun der Vertraulechkeet sinn d’Virnimm geännert ginn.

Geschriwwe vum Schmit Jodie – FAL

Related topics Aggressiounsproblemer, Autismus-Spektrum-Stéierung, Chrëschtdag, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Foyer, Jodie Schmit, Wunnstruktur
Next post Previous post