Search

You may also like

Bezuelbare Wunnraum fir jiddereen!
Neiegkeeten Stories

Bezuelbare Wunnraum fir jiddereen!

D‘Maniff um Parvis vum Geriicht zu Esch-Uelzecht, déi ënnert dem

Et ass sech nees zivilgesellschaftlech abruecht ginn
Neiegkeeten Stories

Et ass sech nees zivilgesellschaftlech abruecht ginn

Iwwert de Summer hu sech vill Leit Gedanken iwwert d‘Zukunft

Winter Lights: A wann dach nëmme Chrëschtdag wier
Neiegkeeten Stories

Winter Lights: A wann dach nëmme Chrëschtdag wier

Vum 22. November bis zum 7. Januar feiert d‘Stad Lëtzebuerg

„Ech kann endlech déi Mamm sinn, déi ech ëmmer wollt sinn“

„Ech kann endlech déi Mamm sinn, déi ech ëmmer wollt sinn“

Um 5. Oktober mécht den neie Foyer vun der Fondation Autisme Luxembourg (FAL) zu Rammerech seng Dieren op, esou fern keng imprevisibel Ëmstänn a leschter Minutt antrieden. Hei wäerte 6 nei Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung hiert neit Doheem fannen.

Zu dëse 6 Persoune gehéiert de Jorge. Hien huet 15 Joer a krut schonn am Alter vu 4 Joer, nodeems e mat Schwätzen opgehalen huet, seng Diagnos: E schwéiere Grad vun Autismus mat Verhalensproblemer.

Well sech seng Verhalensproblemer an de leschte Méint staark verschlëmmert a seng Famill, déi aus sengen Elteren a sengen zwee Gesëschter besteet, net méi mat der Situatioun ëmgoe konnt, huet d’FAL hie schonn am Dezember 2019 bei den Noutfallbetter opgeholl.

Fir méi iwwert dem Jorge seng Geschicht gewuer ze ginn, hunn ech mech mat senger Mamm Rosa getraff. Wéi si mir erzielt huet, war et schonn ëmmer hire gréissten Dram, datt hire Jong eng fest Plaz an der Stëftung kritt:

„Ech sinn der FAL immens dankbar dofir, datt si am Dezember lescht Joer esou schnell reagéiert huet an eis d’Léisung mat den Noutfallbetter ugebueden huet. Mir hate wierklech ganz vill Gedold mam Jorge, bis zu deem Dag, un deem et einfach net méi gaangen ass a mir net méi weider woussten.

Dem Jorge seng Aggressiounsproblemer hu schonn am fréie Kandsalter ugefaangen, mee se goufen am Laf vun der Zäit ëmmer méi schlëmm. Grad an de leschte Méint, an deenen hien nach doheem gewunnt huet, krut hie sou gutt wéi all Dag eng Kris. Dat goung esou wäit, datt e senger Schwëster kierperlech wéi gedoen huet. Mir hunn also dréngend eng Léisung gebraucht, net nëmme fir datt et him besser geet, mee virun allem och fir mech a seng béid Gesëschter ze beschützen.

Ech denken, datt sech säin Aggressiounsproblem esou verschlëmmert huet, well och hie mat der Situatioun iwwerfuerdert war a mat sech selwer net méi kloer komm ass. Hien ass Méint laang tëscht der Schoul (dem CTSA – „Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme“ zu Leideleng), dem Dageszenter vun der FAL an eisem Doheem hin an hir gependelt. Dëse ganze Stress, deem hien ausgesat war, huet seng Krise just verstäerkt. Och wann en dann owes Heem komm ass, ass hie vu senger Famill betreit ginn, déi dagsiwwer schaffe gaangen an owes net méi déi néideg Energie a Kraaft dofir hat, fir him d’Betreiung ze bidden, déi e gebraucht hätt.

Zudeem konnte mir him net déi néideg Struktur, déi hien esou dringend gebraucht hätt, bidden. Fir Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung ass et immens wichteg, datt si eng fest Alldagsstruktur hunn, déi hinnen Halt gëtt.

An iergendwann huet dunn och mir d’Kraaft gefeelt, esou weider ze maachen. Well de Jorge nimools en eegestännegt Liewe féiere géif, ware mir scho fréi dorop virbereet, datt hien emol an eng richteg Wunnstruktur plënnere misst. D’Zäit war elo komm, an et ass fir eis als Famill wierklech eng grouss Entlaaschtung. Et gouf einfach Zäit, datt et eis allen nees besser geet.

D’FAL bitt him d’Struktur, déi hie braucht

Säit hien elo bei der FAL lieft, hu sech seng Aggressiounsproblemer staark verbessert a seng Krise sinn zeréckgaangen. Ech denken, datt et virun allem un der fester Struktur läit, déi d’Erzéier vun der Stëftung him bidde kënnen. D’Dagesstruktur ass op seng Bedierfnisser ugepasst an hie kritt eng Betreiung ronderëm d’Auer ugebueden.

Säi Verhalen huet sech wierklech vun 0 op 100 esou positiv entwéckelt, sou datt ech als Mamm just nach an d’Staune geroden. Et mierkt een him richteg un, datt hie sech ënnerhalb vun der Stëftung immens wuel fillt. Och huet hien eng ënnerlech Rou kritt, wéi beispillsweis datt e sech heiansdo roueg e Film ukucke kann, Dës Rou hat e virdrun ni.

Ech wäert dës Decisioun ni bereien

Och wann ech hien natierlech immens vermëssen, weess ech, datt d’Decisioun, hien der FAL unzevertrauen, déi Richteg fir eis all war. Natierlech hat ech ufanks meng Zweiwel, ob et wierklech déi richteg Entscheedung ass, hien an e Wunnheem ze ginn.

Mee, wann ech elo kucke wéi gutt et him mëttlerweil geet an och wéi gutt sech d’Erzéier ëm hie këmmeren, da sinn ech mir sécher, datt et dat eenzegt Richtegt war. Hien huet bei hinnen seng zweet Famill fonnt. D’Erzéier maachen hir Aarbecht mat Leidenschaft an Higab, et mierkt een hinne richteg un, datt et fir si méi wéi just e Beruff ass. Fir si ass de Jorge en Deel vun der Famill ginn, genee wéi déi aner Bewunner vun der Wunnstruktur. Si freeën sech mat him wann e glécklech ass an trauere mat him, wann et ëm schlecht geet.

Zudeem huet sech eist Familljeliewen immens zum Positiven entwéckelt. Et ass eis elo méiglech, einfach emol spontan an ee Restaurant ze goen oder eppes zesummen z’ënnerhuelen. Dës Spontanitéit hate mir fréier ni an et vereinfacht eist Liewen esou vill.

Et ass also net nëmmen de Jorge, mee och mir all hunn duerch d’Hëllef vun der FAL eng vill besser Liewensqualitéit kritt.

Ech kann elo endlech déi Mamm sinn, déi ech ëmmer wollt sinn

Well ech elo ënnert der Woch méi Zäit fir mech hunn a mech och emol ausroue kann, kann ech elo endlech déi Mamm sinn, déi ech ëmmer wollt sinn. Wéi hien nach hei gewunnt huet, wollt ech ëmmer déi fir hie beschtméiglech Mamm sinn an hu mir dowéinst ni eng Auszäit gegënnt. Och wann ee sech dës Zäit ni hëlt, kënnt een iergendwann un ee Punkt, un deem ee keng Kraaft méi huet.

Elo ass et esou, datt wann hie bei eis op Besuch kënnt a mir eis no enger Zäit erëmgesinn, ech nees déi néideg Energie hunn, fir him déi Opmierksamkeet ze schenken, déi e verdéngt huet. Esou kënne mir déi gemeinsam Zäit vill besser genéissen.

De Jorge huet mäi Liewe verännert

Wann een e Kand mat besonnesche Bedierfnesser kritt, ännert sech alles. De Jorge huet mir ganz vill bäibruecht. Säit hien a mengem Liewen ass, weess ech, wat wierklech zielt. De sougenannte „Schäin“, wéi ech op anere Mënsche wierken, ass eppes wat mir komplett egal ginn ass. Wann een en autistescht Kand huet, muss een automatesch méi kämpfen a léiert doduerch, d’Welt mat aneren Aen ze gesinn.

De Jorge huet dréngend professionell Hëllef gebraucht a bei der FAL huet hien dës Hëllef kritt. Nodeems mir op dëser laanger Rees esou vill fir dem Jorge säi Gléck hu misse kämpfen, ass hien endlech a sengem neie Liewen ukomm. An dat ass alles, wat ee sech als Mamm wënsche kann.

Jorge, dat hei geet un dech: Ech hunn dech vu ganzem Häerze gär a sinn esou glécklech, datt et dir elo endlech besser geet!“

Merci fir dat emotionaalt Gespréich, Rosa.


D’FAL erhofft sech, mat sengem neie Foyer zu Rammerech weidere Famillen an Nout hëllefen ze kënnen a si an Zukunft vun hirer grousser Verantwortung entlaaschten ze kënnen.

En Interview vum Jodie Schmit, FAL

Opmaacherbild: © Rosa Da Rocha

Related topics Aggressiounsproblemer, Autismus-Spektrum-Stéierung, Betreiung, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Häerzblutt, Interview, Jodie Schmit, Jorge, Qualitéit, Rammerech
Next post Previous post